Recent Posts

Post Categories

Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...
De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...

Blog Post

Divers

Déi Gréng drécken hier Clientèle op d’A! 

Déi Gréng drécken hier Clientèle op d’A!
image credits:Kaiser's garden

Esou just matzäiten fir den Autofestival wénken déi Gréng matt engem Subsid vu 5000€ fir en elektresche Woon. Dat ass schonn e bësselche bosseg, well, d’Decisioun, sech en E-Auto ze kaafen, hëllt een net wéi wann een tëscht Mëllech- oder Waasserbréidercher ze wiélen hätt. Vun engem Bensiner op en Diesel ze wiesselen, oder ëmgedréit, fällt jo nach liicht. Ma op en elektresche Woon eriwwerzewiesselen, dat ass – am Gambia-Jargon- e Paradigmewiessel. Do iwwerleet een duerchaus méi laang, schliisslech ass den Investissement méi héich an et muss een och doheem kucken, déi néideg Statioun installéiert ze kréien, fir opzelueden.  Also iergendwéi eng aner Welt an d’Offer vun engem Subsid kënnt spéit!

Dee Subsid koum nëmmen hallefhäerzeg a wäert menger Meenung no, net vill Leit motivéieren. Waat déi meescht vergiess hunn: esou e Subsid war schonn vun där läschter schwaarz-rouder Koalitioun decidéieert ginn, och deemols schonn, ouni groussen Erfollech. D’Dräierkoalitioun hat  dunn ouni gréisser Explikatiounen dee Subsid gestrach: ë war d’Affer ginn vum Spuerprogramm! Dir erënnert Iech jo un déi 253 Spuermooossnahmen, oder? Elo dann, wou et definitiv net u Suen feelt, kënnt de Subsid zeréck. Also dach éischter eng ekonomesch ewéi eng ekologesch Decisioun?!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *