Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Bausch: d’CSV ass déi lëtzebuerger AfD! 

Bausch: d’CSV ass déi lëtzebuerger AfD!
image credits: Wikipedia.org

de politeschen Incident vun de Moien huet sech gewäsch! De grénge Minister François Bausch gouf komplett ausfälleg vis-à-vis vun engem CSV-Vertrieder. Ma der Rei no. De Moien um 9 Auer koum d'(im)mobilitéitskommissioun zesummen, fir vum Minister weider Detailer gewuer ze ginn iwwer déi geplangte Reform vun der Autosteier. Während där Sëtzung gouf däitlech, datt den ablacklechen Text vum  Gesetzprojet alles aneschters ass, wéi räif, fir op den Instanzewee geschéckt ze ginn. Do steet zum Beispill drann, datt d’Gesetz den 1. Mäerz a Kraaft trëtt! Dat misst also ganz séier goen, ëmmerhinn ass d’nächst Woch Fös an de Plenum kënnt net zesummen. De François Bausch gouf zou, datt  déi nei Autosteier wahrscheinlech op den 1. Mee a Kraaft trëtt. D’Garagisten soen dem Minister Merci: si haten sech während dem Auto-Festival op den Datum vum 1. Mäerz beruff!

Weider steet am Text, datt och d’Occasiounsween wäerten vun der neier Steier betraff sinn. Während der Reunioun huet de Minister awer gesoot, datt dat net de Fall ass. Also duerchaus vill Kontradiktiounen tëscht dem Schrëftlechen an dem Oral! Schliisslech wollten d’Oppositiounsvertrieder Fallbeispiller presentéiert kréien, wëll soen, si hätte gären Detailer, wat dës Steier finanziell bedeit. Déi sollen nokommen, sot de Minister, an anere Wieder, d’Deputéierten goungen op deem Plang eidel aus. Iergendswéi eng grouss Hujel!

 

amatt deene Wieder – oder esou ähnlech- huet den CSV-Mann Gilles Roth virun der Press de Verlaaf vun der Sëtzung resuméiert. Dat awer krut de François Bausch matt, dee vu Roserei d’Fuerf op Rout gewiesselt huet a virun der Press den Här Roth verbal attakéiert huet, mat de Wieder: “Dat stëmmt alles net! D’CSV huet sech zu der lëtzebuerger AfD entwéckelt”. Also stramm riets, a wann een déi rezent Diskussiounen déisäits der Musel verfollegt huet, ass am Ënnertoun wuel och faschistesch ze verstoen. Wat soll dat?

Den Tëschefall war esou schlëmm, datt esouguer de Minister agesäit, datt hien ze wäit goung; hien het sech beim Här Roth an der Tëschenzäit entschëllegt. Sollt alles falsch sinn, wat den CSV-Mann virun der Press sot, hätt de Minister jo an aller Rou a Sachlechkeet kënne riicht béien; hien hätt och nach kënne vu Populismus schwätzen, ma de Verglach mat der AfD war e wäit Stéck ënnert de Rimm.

Gutt datt d’Politiker geschwënn eng Woch Paus hunn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *