Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Iwwerwaachungskameraen, dat schwéiert Kräiz vun deene Gréngen 

Iwwerwaachungskameraen, dat schwéiert Kräiz vun deene Gréngen
Image par chrisjmit de Pixabay

déi wéinegst vun eis sinn äifreg Verfechter vun Iwwerwaachungskameraen. De big brother – also de Pappa Staat- is watching you, gefält eis net. Mir soen houfereg Merci, däerfen an engem Land an op engem Kontinent ze liewen, wou d’Privatsphär vu jidder Eenzelem nach eppes wäert ass a wou net – wéi a China- all 100 Meter eng ganz Batterie vu Kameraen installéiert sinn. Wat allerdéngs soll ee vun de Gréngen halen, déi fäerdeg installéiert Kameraen an der Haaptstad quasi vergammele loossen?!

De fréiere Policeminister François Bausch hat viru Joer en externen Audit iwwer déi Kameraen an Optrag ginn, an d’Resultat dovunner ass esou katastrophal, datt säin Nofollger Henri Kox op eng Pressekonferenz verzicht huet. Déi huet a senger Plaz d’IGP (inspection générale de la police) iwwerholl a vun der Geleeënheet profitéiert, de Minister drun z’erënneren, firwat eng Kamera do ass: fir ze filmen!

Allgemeng bedauert d’IGP, datt den Service vun de Kameraen wéineg gewäertschätzt gëtt, hien ass am Organigramm inexistent. Et gëtt hien net. Am Wort liesen ech: wegen des Personalmangels seien ausserdem die Betriebszeiten stark eingeschränkt worden! D’Ofstellgleis fir Männer a Fraen, déi fir sos näischt ze gebrauche sinn? Dobäi ginn déi Kameraen zum Deel komplett falsch agesat!

Image par Photo Mix de Pixabay

Tatsächlich würden die Statistiken zeigen, dass mittlerweile kaum noch Straftaten auf frischer Tat bearbeitet würden, sondern fast nur noch Fälle in der Nachverfolgung. Mit “flagranten Taten befasse man sich seit 2014 nur noch knapp sieben Mal pro Jahr! An deem Joer koum de Regierungswiessel. Zur Erënnerung: virun 20 Deeg gouf op der Stater Gare een net onbekannten Affekot vun enger Band vun 9 jonke Leit iwwerfall an zesumme geschloen. D’Kamera leeft, ma kee kuckt no. Dat huet Zäit bis spéider, wann de Mann bis mol eng Plainte agereecht huet!

98Kameraen ginn et um Terrain vun der Gemeng Lëtzebuerg: am Staater Park (Kinnekswiss), am Garer Quartier, op der Neier Bréck a ronderëm de Stade Josy Barthel. D’Gemeng Lëtzebuerg huet decidéiert, datt de Quartier Bouneweg soll derbäi kommen. Wat fir e Sënn awer maache Kameraen, déi wuel filmen, wou awer keen nokuckt?! De Service VISUPOL ass elo schonn däitlech ënnerbesat, vun enger Formatioun fir déi Uniforméiert guer net ze schwätzen! Ass schonn e bësselchen den Uz gedriwwen mat der Police, mam Vollek, mat de Steiersuen, oder?

Entgéint dem Wonschdenken vun deene Gréngen hunn déi Kameraen trotzdeem hir Existenzberechtegung. Esou kruten si an där zoustänneger Chamberkommissioun rezent ënner d’Nues geriwwen, datt statistesch gesinn d’Delinquenz op deene Plazen zeréckgeet, wou där Apparater installéiert sinn. Also duerchaus en dissuasiivt Mëttel. An d’Erfarungen vun der Police hunn zousätzlech gewisen, datt et net onbedéngt zu engem Deplacement kënnt, datt also d’Delinquenz net einfach vun “A” (Plaz mat Kamera) op “B” (Plaz ouni Kamera) plënnert.

Ausser fir d’Drogegeschäfter. Déi loossen sech net vun de Kamera stéieren, Villäicht huet et sech erëmgeschwat, datt keen live nokuckt. Bausch, Kox an Tanson sëtzen d’Thematik aus a verweisen op 800 Polizisten, déi an den nächste Joer sollen agestalt ginn…ouni ze verroden, wéi vill Beamten an deem nämmlechten Zäitraum an d’Pensioun ginn. En attendant léisst d’Haaptstad Privatgesellschaften duerch d’Stroosse patrulléieren.

“…Trau, schau, wem….”

De Stater Schäfferot hat viru Kuerzem eng Ëmfro maache gelooss iwwer d’Sécherheetsbefannen vun den Awunner a verschiddene Quartier. Well den Henri Kox deene Blo-Schwaarzen guer net iwwer de Wee traut – besonnesch zanter déi Liberal zimmech brüsk déi Gréng um Knuedler an déi politesch Verbannung geschéckt haten- huet den Här Kox eng eegen Ëmfro maache gelooss. Mam nämmlechte Resultat! 67 Prozent vun den Awunner si fir eng Extensioun vun de Kamera.

dat kënnen d’Ëmweltapostel net op sech sëtze loossen. Do muss zeréck geschoss ginn! An deem Sondage gouf nämlech och d’Fro gestalt, zu wat fir engem Ablack datt de Bierger sech dann elo wierklech onsécher fillt. A fir d’Saach méi praktesch ze maachen, goufen e puer Äntwerten proposéiert, dorënner déi: ech fille mech onsécher, wann et däischter ass. Eng Majoritéit huet déi Méiglechkeet ugekräizt.

Image par Lukas Baumert de Pixabay

Fir zu esou engem gescheite Resultat ze kommen, hätt ee sech eng deier Ëmfro kënne spueren! Déi Gréng huelen dat allerdéngs duerchaus eescht an appelléieren un déi Gemengeresponsabel, Stroossen an Trottoir besser ze beliichten. Luucht un, Angscht fort! Wannn dee politesche Schoss alt net an d’Box geet! Ëmmerhin hu grad déi Gréng beim Thema Liichtverschmotzung Kreesch gedoen, wéi wann et hiert Lescht wier. An tatsächlech ginn et fir dës Thematik international Konventiounen, déi et gëllt, ze respektéieren.

Et kann een eng Stad net esou grell beliichten ewéi e Foussballstadion wärend enger Partie! Et ass Nuecht, wann et ufänkt, däischter ze ginn. D’Awunner um Cents – dorënner eng Partie Gréng-Wieler, beschwéieren sech jo och iwwer Liicht_Emissiounen, déi vum Findel hirkommen….

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *