Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Feeschterhaus versus Fléikëscht? 

Feeschterhaus versus Fléikëscht?
gkonline

Dat Haus op der Photo soll also ofgerappt ginn. Et steet op der Kräizung uewen am Neiduerf, op der Bifurcatioun fir op d’Kalchesbréck. A well de Bus-Arrêt op den Numm “Feeschterhaus” gedeeft gouf, mengen d’Leit, et géing sech ëm dat Gebai handelen. Dobäi stoung d’Feeschterhaus 150 Meter méi wäit erof a gouf viru gutt 50 Joer ewechgebotzt. D’Leit iergeren sech, si fäerten, datt nees e moderne Cube an d’Plaz kënnt, deen esou guer net dohinner passt. Déi al bekannte Polemik!

Dobäi ass d’Feeschterhaus – ech bleiwen bei deem Numm aus Kommoditéit- architektonesch net vill wäert. Et huet just de Virdeel, datt et gutt an d’Ëmgéigend passt: Fassade aus Hasteng mat vill Bësch hannendrun, dat flucht net. Ëmsou méi wou vis-à-vis 8 Haiser stinn, déi an eng Zone sensible aklasséiert goufen; un dësen Haiser dierfen absolutt keng Ännerunge virgeholl ginn, op d’mannst net no Viraus.

D’Stater Neiduerf riskéiert also, ëm e weidere Cube méi räich ze ginn, eng bëlleg Këscht méi, déi komplett deplasséiert wierkt, a Kontradiktioun steet zu der Natur an zu den Haiser ronderëm. Dobäi ass net all architektonesche Cube par définitioun ellen. Leider ass et esou, datt zu Lëtzebuerg den Architekt keng Léift zu sengem Beruff huet. Hie kuckt just, d’Quadratmeterzuel ze optimiséieren. Dat ass wuel wichteg, wann ee bedenkt, wéi rar geséit d’Neiwunnechte sinn. Ma wou bleift do nach Sputt fir eng architektonesch Visioun, fir Spillereien am Zesummespill tëscht vill Bëton a wéineg Glas. All ze gären kënnt d’Argumentatioun vun de Contrainten, och, wat dat passiivt Bauen ubelaangt.

“…Ein bisschen Spass muss sein!…”

et huet meeschtens kee Sënn, sech bei Politiker iwwer esou Projeten ze beschwéieren. Déi wénken gelangweilt of. D’Politik ka sech net amëschen, wéi en Haus auszegesinn huet! Basta! Tatsächlech. Wou fänkt een un, wou hält eeen op? Kann d’Politik festleeën, ob en Haus 6 oder 12 Fënsteren muss kréien? E schwarze Schiferdaach oder e gréngen Zillendaach? De Wee bei d’Politiker kann ee sech deemno spueren. Ma villäicht sollt een et mat Humor huelen.

Fréier war et dacks d’Gewunnecht, engem Haus e spezifeschen Numm ze ginn. Do gouf et en Haus, dat Trapelisi genannt gouf, aus deem einfache Grond, well do eng Fra, d’Elise gewunnt huet an déi dacks baussen op den Trape stoung, fir ze klapen. Grad esou gouf et d’Seidebox, d’Haus vu enger Wiertsfra, déi jo warscheinlech Wäert op gefleegten Ënnerwäsch geluecht huet. Där Beispiller ginn et nach méi: de versoffene Rousekranz, de beschassenen Eck…

Firwat also net higoen fir deem neie Gebai duerch de Volleksmond en Numm z’erfannen?! Sollt dat neit Fierschterhaus tatsächlech eng 0-8-15-Laachnummer ginn, da kéint een et jo zum Beispill Fléikëscht nennen. Mat de soziale Medien huet een haut Liichtegkeeten, esou eppes séier ze verbreeden. Sollt dat neit Gebai par contre tipptopp ginn – wat ech a mengem Optimismus net ganz ausschléissen- da behält d’Immobilie deen Numm, deen hiren Artist fir si erausgesicht huet.

Wär et net eng spaasseg Manéier, fir vum Vollek aus Drock op d’Architekten ze maachen? D’Leit klammen also net méi bei Feeschterhaus aus dem Bus, ma bei der eventueller Fléikëscht. Net wäit ewech steet d’Residenz Chihuahua, mat Balconen déi just duerginn fir e Mippchen a Miniatur…oder musse mir eis domadder offannen, manner Humor ze hunn wéi d’Leit viru 50 Joer?! Ehre, wem Ehre gebührt! De Flappecube, d’Bronx, Saustall, Héngerjuck, Kuddelmuddel, Bounestaang, Pisseck, Betongskla(o)tz…. Virun iwwer 40 Joer haat d’Vollek jo och op déi Manéier d’Schluecht gewonnen géint de geplangte Kueb an den Häng vum Pafendall!

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Tjo, Här Kaiser, do hutt dir leider recht. Schéin al Häiser gin ofgerappt fir véiereckeg Héngerjucken an Kanéngerchersställ draus ze machen. Alles fir de Wunnraum ze maximéieren resp. fir den 12.000 pro Joer beigezunnenen Bierger eng Wunneng unzebidden, schwätz verkafen. Wat dobäi eraus kennt, kann een schéin (…ellen) fannen, muss een awer net. Elo hun ech héieren, dass d’Promoteuren, wann sie géifen eppes ofrappen (och en schéint al Familienhaus) an dorausser eng Wohnflächenmaximierung machen, Avantagen vum Staat géifen kréien, ënner welcher Form och ëmmer…. Ech wollt mir dat vun engem Insider confirméieren loossen, deen war awer op deem Ouer daaf.
    D’Ettelbrëcker Gare gett zwar net fir puer Cage à poules ofgerappt, awer et ass och esou onnéideg wéi dee berüümten Krapp um A…. pardon, Hënneschten. Eng Doudsënn, gedroen vun deenen Gréngen politeschen Virdenker. De Sites et Monuments ass bestëmmt not amused!
    Sin mol gespaant wat sie mam Haus vum alen Waldhaff wëlles hun. De Café-Restaurant war jo ëmmer eng flott Plaz fir sech puer Stonnen zeréckzezéien an bei engem Patt ze entspaanen. Á suivre!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *