Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Ëmwelt

Hilarités générales aus der Chamber 

Hilarités générales aus der Chamber
image credits: gouvernement.lu

Iwwer Ëmweeër hu se gëschter am Chamberplenum nun awer indirekt iwwer den DIESELGATE diskutéiert. Den neien CSV-Deputéierten Paul Galles huet an deem Kontext e puer pertinent Froe gestallt, kruut allerdéngs séier wéineg präzis Aentwerten vun der zoustänneger Ministesch. D’Carole Dieschbourg konnt sech grad net un d’Grenzwäerter (CO2,NOX) erënneren an huet gemengt, déi wiere souwisou net wichteg, et géing schliisslech ëm de Prinzip goen. Daje alt! Ma wat fir ee Prinzip? Wat ass d’Richtlinn, déi d’Ministesch un d’Automobilisten erausgëtt: Bensinner oder awer nach en Dieselmotor? Grad déi lescht Modeller si jo vum Feinsten. Op déi Fro gouf kräfteg geruddert a gepaddelt, bis de Message kloer an däitlech war:

Am Bäschten, d’Automobilisten fuere mam Velo!

D’Ministesch huet sech esou schwéer mat hieren Aentwerten gedoen, well et grouss Interpretatiounsdivergenze ginn an der Regierung. D’Meenungen tëscht deene Bloen an deene Rouden op där enger Säit an deene Gréngen op där anerer ginn diametral auserneen. Et ass jo och interessant, festzestellen, datt nach ëmmer keng Decisioun gefall ass, ëm wéivill Bensin an Diesel sollen eropgesaat ginn- en Ënnerscheed par rapport zu Frankräich mécht am Schnëtt 34 Cent aus. Blo-Rout si fatzeg jalous op de Wahlerfolleg vun deene Gréngen an zugläich entsaat iwwer deenen hir Dreemereien, déi sech schlecht mat Economie a Realpolitik verbanne loossen; si wëllen déi Gréing deemenstpriechend enk un der Lénkt halen.

 

Keng Aentwerten goufen et och, wat zum Beispill d’Aviatioun betrëfft, well jo bekanntlech och Fliiger Dreck ausstoussen. An d’Schëffer op der Mousel? Och Drecksschleideren? Do koum den Henri Kox der Ministesch zu Hëllef! Alles kee Probleem. D’Schëffer maachen zwar genuch Ëmweltverknaschtung, ma de Wand ass meeschtens gënschteg an esou kënnt d’Loftverschmotzung net bis op Lëtzebuerg – an och net op Réimech!! Do huet ee mol mussen drop kommen. A wann et net wouer ass, esou ass et op d’mannst gutt fonnt.

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *