Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Eng parlamentaresch Fro? Kënnt net a Fro! 

Eng parlamentaresch Fro? Kënnt net a Fro!
image credits: Wikipedia

De fréiere Chamberpresident Mars di Bartolomeo deet sech nach schwéier, a sengem neie Roll als einfache Volleksvertrieder seng Repèren ze fannen. Als Chef vum héigen Haus hat hien uewen um Juck eng besser Aussiicht an och besser Chancen, kënne vu sech schwätzen ze doen. En Deputéierten huet et do méi schwiereg, ma et gi jo aal bekannte Waffen, déi een ëmmer kann asätzen, zum Beispill eng parlamentaresch Fro stellen. A well de symphatesche Mann och alt mol Sozialminister war, loung et op der Hand, datt déi éischt Fro géing iwwer de Pensiounssystem goen.

Här Minister, wéi héich sinn d’Reserven?

Esou wéi de Kleeschen d’Kanner freet: waard Dir dann och all schéi brav? De Minister Romain Schneider aentwert: 2017 haate mir 18,9 Milliarden am fonds de compensation! Fir net ze soen: mir schwammen an de Suen. Fir de Bilan vum leschte Joer gewuer ze ginn, misst den éierbaren Deputéierten sech nach bis Mëtt Mäerz gedëllegen; wat esou vill wëll heeschen, datt den MdB an 3-4 Wochen déi nächst question parlementaire wäert stellen, wat iergendwéi berouecht.

 

 

Et gin effektive där Deputéierten, déi iwwerdreiwen et mat de parlamentaresche Froen an den demoolege Gesondheetsminister di Bartolomeo gouf engkéier genervt als Aentwert: “Géi op de Site vum ministère kucken, do steet alles!” Ma et besteet jo en eminenten Ënnerscheed, ob d’QP vun engem Politiker vun der Oppositioun gestallt gëtt, oder vun der Majoritéit. An dësem Fall war et ewéi tëscht Bridder. De Minister krut wéi um gëllene Plateau d’Méiglechkeet servéiert, dem Land kënne matzedeelen, wéi berouegend héich d’Reservë sinn. An den MdB ka sech och op d’Schëller klappen, mat der Feststellung, datt hien mat senger Pensiounsreförmchen viru Joer net esou staark niewt dem Dill loung.

 

Dofir kéint jo mol en Oppositiounspolitiker mat enger ähnlecher Fro kommen, just aneschters gewéckelt. Tëscht Enn 2016 an dem drëtten Trimester vun zejoert ass den Aarbechtsmarché laut Statec vun 397.922 Unitéiten eropgaangen op 421.941. Bannent 7 Trimester koumen also déck 24.000 Aarbechtskräften, an also Cotisatiounszueler bäi. Esou gesinn ass et schwiereg, d’Reserven no ënnen ze drécken! Wéi awer géif d’Situatioun am Pensiounsdëppen ausgesinn, wann den Aarbechtsmaart komplett stagnéiert hätt? Mat Sécherheet géif de Bokal net méi an deem Mooss uschwëllen, ewéi dat elo de Fall ass; wou een allerdéngs muss de Rendement derbäi rechnen, vun deem Geld (Sicav), dat investéiert ass; do gouf et just 2017 en negativt Resultat vun 2,56%, all déi aner Joer am Schnëtt vu + 4,5%.

Ma och mat all deene Milliounen, déi Joer fir Joer via d’Sicav erakommen, hëllt ganz Lëtzebuerg ëmmer nach den 1,2 Mio-Awunnerstaat a Kaaf. Wetten, datt dem honorablen Deputéierten MdB seng nächst QP an eng aner Richtong wäert zéien…?

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *