Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

François Bausch eng ‘lame duck’?! 

François Bausch eng  ‘lame duck’?!
Image by Günther Schneider from Pixabay

de ‘Verdikt’ vun der Procureur Générale, datt den Transportminister François Bausch sech net an d’Justiz agemëscht huet, soll een zur Kenntnis huelen a respektéieren. Wat net bedeit, datt weider Froen net erlaabt wieren! An déi goufen vum Tageblatt a vum Radio 100,7 thematiséiert an och vu reporter.lu; fir déi grouss Medien- Wort an RTL- schéngt de Sujet scho längst gestuerwen ze sinn, wat och Froen opwërft! De Geheimsender huet mat senge Reportagen wéinstens zu enger Kontroverse ënnert Experten bäigedroen: de Paul Hammelmann, Jurist a President vun der sécurité routière huet sech hannert de Minister gestallt – also keng Amëschung!- iwwerdeems den Luc Heuschling, och Jurist an Expert a Verfassungsfroen, vun engem klore Verstouss schwätzt. Just esou nierwebäi: hat d’Madame Martine Solovieff iwwerhaapt en anere Choix? Hätt si nämlech vun enger politescher Immixioun geschwat, hätt si sech selwer an d’Bredouille bruecht, well si hätt jo da musse gestoen, datt si näischt dogéint ënnerholl hat! Aneschters ausgedréckt: de Minister gouf “gerett”, nëmmen, well d’Procureur générale sech selwer aus der Schosslinn geholl huet. Ma niewt den Experten gëtt et jo och nach d’Politiker.

” 90 Minuten no der Publikatioun vum Bréif op gkonline huet d’CSV reagéiert”

D’Question parlementaire vun de Chrëschtlechsozialen war extreem séier do, e puer Deeg drop war Pressekonferenz, wou de Parteipresident Frank Engel d’Demissioun vum Minister indirekt an d’Gespréich bruecht huet. Ech ginn an deem Kontext dem Christophe Bumb vu reporter.lu Recht, wann hie schreiwt, datt d’Oppositiounspartei scho vun Demissioun geschwaat huet, wéi nach net all d’Faitën um Dësch loungen! Schon aleng vun der Dramaturgie hätt sech dat iwwer Wochen besser inszenéiere gelooss. Mä, no der Ouschtervakanz héiert een, wéi wann déi Konservativ wéilten zeréck an d’Spill kommen, wou dann ofzewaarden bleiwt, op éischter de Ball oder de Mann gespillt gëtt, also éischter polemesch oder sachlech diskutéiert gëtt. Well, iwwer de Fong goung nach net esou vill Rieds, op d’mannst net  an de politesche Kreeser.

 

D’Regierung an de Minister hunn op d’Strategie gesat, fir d’Affaire “auszesëtzen”, also näischt ze maachen an drop ze waarden, datt d’Gemidder sech berouecht hunn. Ausléiser war schliisslech dee klenge Site “gkonline”, an esou laang déi grouss Medien d’Fanger derfu loossen, brennt näischt unn. D’Rechnung ass opgaangen: Decisioun vun der Procureur Générale, d’QP vun der CSV ass beäntwert, du koumen zwou Wochen Ouschtervakanz an elo ass Staatstrauer, wou d’Parteien gebiede sinn, net matenaaner ze streiden; nom 4. Mee fänkt d’Campagne fir d’Europawahlen (endlech) unn, an da geet d’Land op d’Péngschtcroisière, do bleift also kee Sputt méi fir eng prinzipiell Debatt ze féieren!

Dobäi hätt et grad dem François Bausch gutt zu Gesiicht gestaanen, sech fir säi faux-pas ze entschëllegen. Auch wenn sie es nicht immer für nötig hält, schuldet die Regierung ein Mindestmass an Rechenschaft, nicht nur gegenüber der Presse und dem Parlament, sondern gegenüber allen Bürgern, schreiwt de Christophe Bumb, deen der Meenung ass, datt d’Arroganz vun der Muecht och bei der blo-roud-grénger Regierung ukomm ass, eng Arroganz, déi besonnesch déi Gréng der CSV regelméisseg – a munnechmol zu Recht-virgehäit hunn.

Politesch ass de Minister ugeschloen. Bei all gudder Geleegenheet kritt hien vun der Oppositioun seng Affär virun d’Nues gehaalen. An deem Sënn ginn ech dem Journalist Bumb net Recht, datt et sech ëm eng “Kurzzeit-Affäre” gehandelt huet: de Minister huet wuel dat Graffst iwwerstaanen…a gëtt d’Affär awer net lass! Am SREL-Prozess am November kéinten et fir hien och e puer Schréibse ginn, an derbäi kënnt, datt hien ugekënnecht huet, no den nächste 5 Joer net nach emol wolle Minister ze ginn…

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *