Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Mammographie: ass eng Waardezäit vun 18 Méint nach ze vertrieden? 

Mammographie: ass eng Waardezäit vun 18 Méint nach ze vertrieden?
25 February 2022, Berlin: Medical personnel use a mammogram to examine a woman's breast for breast cancer. Photo: Hannibal Hanschke/dpa (Photo by Michael Hanschke/picture alliance via Getty Images)

 

De Phenomen ass esou nei net, huet sech awer an de leschte Wochen zougespëtzt: fir verschidden medezinesch Ënnersichungen muss een extreem laang waarden. Bei enger Mammographie kënnen et duerchaus 18 Méint sinn. An dobäi spillt et dacks absolutt keng Roll, wann d’Patientin drop hiweist, datt et bei hir duerchaus dréngend ass, well e gewëssene Verdacht op Kriibs besteet, respektiv, datt déi Fra schonn emol an der Vergaangenheet op déi Krankheet behandelt gouf. 18 Méint Waarden, dat ass an deem Fall eng Éiwegkeet!

Dat grenzt da scho bal un Zynismus. Ech kréien vun Dokter – ë.a. vu Gynekologen- confirméiert, datt hiert Sekretariat ëmmer méi domadder beschäftegt ass, esou Patientinnen à risques an de Klinicken als Noutfall duerchgeboxt ze kréien. Et stellt sech d’Fro, wisou dat esou ass?! Ech probéieren wéinstens een Deel ze explizéieren.

An Däitschland läit déi sougenannten Iwwerstierflegkeet an der Tëschenzäit bei 20 Prozent (statistisches Bundesamt). Do denkt een mol direkt un Omikron. An der DIE WELT liesen ech, datt dee Virus just mat 0,05 Prozent an der Statistik zu Buch schléit. An nawell wär et d’Pandemie, déi zu der Iwwerstierflegkeet massiv bäigedroen hätt.

An der Zäit vum Confinement konnten d’Leit net an d’Ënnersichungen, duerno wollten si dacks net, aus Angscht oder aus Virsiicht. An der Zäit vum éischten Lockdown an Däitschland goungen d’Behandlungen fir Broschtkriibs ëm 13,9 Prozent zeréck, ëm 19,8 Prozent bei Longekriibs, ëm 23,1 Prozent bei Prostatekriibs. Déi drastesch Baisse féiert zu zwou Konklusiounen.

gettyimages

Engersäits goufen eng ganz Partie Kriibsfäll vill ze spéit entdeckt an anerersäits huet sech e “Stau” an den Dokteschcabineten ugekënnegt: elo, wou den Omikron zu der Normalitéit gehéiert, mellen d’Leit sech massiv an de Klinicken unn, fir dat nozehuelen, wat si an de leschten zwee Joer entweder net konnten oder net wollten maache loossen! Doriwwer gëtt am Ausland diskutéiert – wann och net vill-, ma leider guer net zu Lëtzebuerg.

D’Pandemie hat rezent e Begriefnes a l’intimité, a Basta! E Bilan ze zéien, wat am Laf vu 24 Méint alles richteg an och alles falsch gelaf ass, kënnt net an d’Tut. Dobäi wier et dach esou wichteg, fir grad aus de Feeler ze léieren an et déi nächste Kéier besser ze maachen. Ma dat interesséiert kee Minister, dee sech wuel seet: bei der nächster Pandemie sinn ech souwisou net méi politesch aktiv.

Elo ass awer eng Petitioun ënnerwee, mat där sech d’Geleeënheet wäert erginn, ebe grad kënnen doriwwer ze schwätzen. Iwwer d’Pandemie an allgemeng iwwer Mëssstänn an eisem Gesondheetswiesen. Ass déi lescht 20 Joer net villes zu Lëtzebuerg verschlof ginn? D’Radiologen um Potaschbierg hunn et viru Méint ugeschwat, Kardiologen demissionéieren en bloc, d’Dokteren knouteren ëmmer méi.

Eise Gesondheetssysteem gëtt gären vill gelueft, an der Haaptsaach awer wuel, well hien esou generéis ass. Vill Ënnersichungen si gratis oder esou gutt ewéi. Geet dat duer?Iwwerspëtzt formuléiert: wat notzt et engem, gratis ënnersicht ze ginn wann een duerch laangt Waarden an der Tëschenzäit an der Këscht gelant ass?! Dann huet een d’Gratuitéit mat sengem Liewe bezuelt!

Hei dann d’Petitioun déi ënnerwee ass an déi d’Ënnerstëtzung brauch vu 4500 Ënnerschrëften. Si ass an deem Sënn wichteg, well et hei ëm Mënscheliewe geet. A si ass wichteg, datt an der Ëffentlechkeet de Sujet thematiséiert gëtt.

 

                                                              PÉTITION

 

BUT

Lancer un débat pour améliorer et garantir l’accès utile, rapide et équitable aux moyens de diagnostique d’imageries médicales comme la mammographie, la coloscopie, l’IRM, la densitométrie, le scanner etc.

 

MOTIVATION

Pétition en vue de garantir un accès efficace et équitable à l’imagerie interventionnelle et celle de surveillance de l’évolution des pathologies.

Le Luxembourg connaît une pénurie d’appareils d’imagerie médicale aggravée par la discussion sur le droit pour un cabinet privé de les exploiter en dehors d’un hôpital. La thématique est débattue notamment au tour du « Gesondhéetsdësch » et a déjà fait l’objet de débats la Chambre des Députés. Or même si du jour au lendemain, il y avait des appareils en nombre suffisant, ne serait pas résolu le problème du temps d’accès pour pouvoir passer un tel examen.

A l’heure actuelle, non seulement les délais d’attente pour des analyses de routine sont anormalement longs, mais encore l’attente s’avère souvent inutile quand on sait que la détection précoce des maladies notamment du cancer est le moyen le plus efficace pour les combattre efficacement.

Si entre le jour ou le médecin prescrit une ordonnance de détection et le jour où on passe l’examen s’écoulent parfois 18 mois, les efforts de détecter une maladie, càd l’objectif de santé publique et privée, est mis à néant et on fait payer au patient avec sa vie et en tout cas avec sa santé, cette carence.

De plus, il existe une discrimination entre patients ayant déjà souffert d’une pathologie et les sujets

« sa ins », les délais pour les uns étant encore plus longs que pour les autres.

Il faudrait encore profiter de la discussion pour mettre à jour l’inégalité d’accès à l’imagerie en fonction de la plus ou moins connexion du médecin traitant avec les services d’imagerie, voire de l’existence d’un « Promi-Bonus » permettant lui aussi d’écourter les délais.

Il existe encore une discrimination basée sur l’âge alors que les 50 + ont un délai d’attente moins long que leurs cadets.

De toute façon et quel que soit le cas de figure (maladie préexistante, contrôle de routine, 50 +,….) et en présupposant que l’accès pour tous à des tarifs raisonnables  à l’imagerie médicale serait garanti pour tout un chacun, rien ne garantit que le délai dans lequel le patient pourrait en bénéficier soit suffisamment court pour permettre une détection précoce et partant lui donnerait droit à un traitement rapide.

 

 

A partir du constat d’une suspicion d’une pathologie, ceci doit être considéré comme urgence et doit être traitée comme telle, c’est à dire que le patient a droit à une imagerie médicale immédiate sinon dans un délai très rapproché.

 

Les délais d’attente actuels sont inhumains et ont également un impact émotionnel négatif sur les concernés et leurs proches.

 

D’Petitioun fënnt een um Site vun der Chamber…si brauch just nach Är Ënnerstëtzung!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *