Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

PCR-Test-Gefummels 

PCR-Test-Gefummels
Image par Michal Jarmoluk de Pixabay

D’rôle de guerre! D’Polemik ronderëm d’Fro, ob de PCR-Test tatsächlech effikass ass oder net, loossen ech hei mol ganz bewosst op der Säit. Et geet mir éischter ëm eng nei Terminologie. De Begrëff faux positif gouf fale gelooss an ersat duerch positif faible. Och wann dat duerchaus Sënn mécht, stécht méi Musek derhannert ewéi just Wuertspillerei. Hei d’Beispill vun enger Fra, net wäit ewech vu 65 Joer.

Nenne mir déi Fra Sandra. Si huet sech op eng Vakanz (endlech!) gefreet a goung an de PCR-Test. De Wattstiefchen duerch d’Nueslach sollt hir de Weekend verhonzen. 24 Stonnen nom Test koum d’Resultat: positif faible. D’Sandra sollt bal vum Stull falen! Si huet direkt hir Vakanz annuléiert an och de Rendezvous deen nämmlechten Dag, fir mat Astrazeneca geimpft ze ginn. Nom éischte Schock huet d’Madamm den Telefon an de Grapp geholl. Wat heescht dat: positif faible?

Op der Helpline sot e frëndlechen Här zu hier, d’Tester wieren tatsächlech net ëmmer fiabel (sic a re-sic!). Dat deckt sech mat deem, wat d’société française de microbiologie schreift: En dessous de 33 CT, le résultat du test est ainsi “positif”, tandis qu’au-dessus de 33 CT, il est “positif faible”. Dans ce dernier cas de figure, le patient n’est pas considéré comme contagieuxNet ustiechend?! An awer geet deen Test-Bilan duer fir mat der Hei-bleif-Kärchen ze fueren!

D’Sandra huet mat Dokteren geschwat. An der Interpretatioun kéint dat entweder bedeiten, datt si um Ufank wier vun enger Infektioun oder awer, datt si de Covid hat an datt de Virus am gaange wär, mam wäisse Fändel ze wénken. Dodergéint géing allerdéngs schwätzen, datt d’Madamm glat a guer keng Symptomer huet. E Bléck an d’Interpretatioun vum Laboratoire seet genuch.

Den Test kéint eventuell schif gelaf sinn:

gkonline

An also seet deen Test glat a guer näischt aus:

gkonline

Wéinst där elektronescher Fatz Pabeier

  • muss eng Vakanz ofgesot ginn
  • muss de Rendezvous fir eng Vaccinatioun annuléiert ginn
  • sinn zwou Persounen am Isolement/a Quarantaine
  • muss d’Assurance fir d’Fraisen vun der geplatzter Vakanz opkommen!

D’santé huet sech 5 Stonnen drop gemellt, fir dee berüchtegten Tracing ze maachen. E pensionéierten Här, deen am Benevolat schafft an dee grad esou frëndlech wéi inkompetent seng Froen gestallt huet. Wat waren Är Kontakter an der Lescht? Méi onprezis geet et net! An der Lescht? 1 Dag virum Test, 2 oder iere 5? Interessant war allerdéngs seng Ausso: Madamm, Dir kënnt elo bis zu 2 Méint positiv bleiwen! D’Sandra war nämlech an der Tëschenzäit zur Konklusioun komm, datt deen Test Muckefuck war a wollt esou séier wéi méiglech e Konter-check maache loossen.

Ma loosse mir deem net virgräifen. Wann d’Ausso vun dem Här stëmmt,- an ech zweiwelen

Image par Tibor Janosi Mozes de Pixabay

net drun, well ech zeg aner Fäll kennen, och aus der Politik- da gëtt d’Statistik jo awer komplett op d’Kopp gestallt. Persounen mat enger Covid-Infektioun maachen et wéi d’Sandra a loossen sech nach emol testen a falen dann nees an d’Kategorie vun de POSITIVEN, da wuel als positif faible. Zitat vum Här op der Santé: ech kenne keen, deen no 12 Deeg schonn nees negativ gouf! Wann also vun 9500 Tester der 190 positiv waren, sinn dat tatsächlech alleguerten Nei-Infektiounen oder falen do net och déi dorënner, déi schonn an engem oder an zwee Tester virdrun positiv waren?

Do feelt et deemno un Transparenz an den Zuelen, an zwar jenodeem, gehéiereg! D’Terminologie Nei-Infektiounen ass scho mol falsch, well och där aler dorënnner falen. Wéi vill? Kee weess et, ma mat Sécherheet e puer Dosen den Dag!

D’Sandra krut also gesot, datt si méiglecherweis 2 ganzer Méint kéint positiv bleiwen. Si wier awer net méi ustiechend a kéint den Isolement no 12 Deeg verloossen. Deen Dommsten misst dës falsch Logik verstoen! Fir op Nummer sécher ze goen, mécht si eng Bluttanalyse, fir mat anti-corpsen d’Gewëssheet ze kréien, ob si en Infekt hat oder net. Den Toun gëtt allerdéngs de PCR-Test un: esou laang deen positif faible uweist, esou laang ass kee QR-Code fir an d’Vakanz ze kréien, esou laang och kann net geimpft ginn. D’Sandra riskéiert zwee Méint op d’mannst Prisonéier vum PCR ze bleiwenengem Test, dee méiglecherweis falsch läit!

Image par Ernesto Eslava de Pixabay

Sollt der Madamm hiren Test an den nächsten Deeg -net eréischt um Enn vum Isolement- negativ ausfalen, wär dat de Beweis, datt deen éischten Test tatsächlech dernieft louch. Och nom 4. Dag nom Test huet d’Sandra 0,0 Symptomer, hirem Mann geet et grad esou gesondheetlech excellent- deem säin Test war iwwregens negativ ausgefall. Hien ass elo a Quarantaine a soll a 7 Deeg an en neien Test.Bonne chance an der National-Loterie!

Op der santé soten se weider, datt sech nach deen nämmlechten Dag géing en Dokter bei hir mellen. Dat war op engem Freideg evidenterweis net de Fall. Samschdeg Moies koum eng lëschteg Persoun vun der Post mat engem recommandée: d’Sandra krut d’Ordonnance vum Isolement an als Trouscht, 5 blo Masken. No 12 Méint Pandemie schonn eng Zort Zynismus!

Hier Vaccinatioun kann d’Madamm déi nächst Méint vergiessen. D’Invitatioun koum iwwregens iwwer den normale Post-Courrier, an si hat just d’Wiel vu 7 Deeg fir sech e Rendezvous erauszesichen. Als Verglach: an der Belsch sinn et zwee Méint! A Frankräich, wou si grad esou fatzeg mam Impfen hannendra sinn, goufen um Samschdeg (!) 220.000 Persounen gesprëtzt, eng Verdueblung!

Image par Ewa Urban de Pixabay

An Däitschland, a Frankräich an och zu Lëtzebuerg ginn d’Restriktiounen gréisstendeels an d’Verlängerung. Wat opfält, et gëtt do wéi hei d’Betounung geluecht op “mir gesinn d’Enn vum Tunnel”. Dat huet awer manner mat der Effikassitéit vun eiser Impfcampagne ze dinn, déi am Schleekentempo virukënnnt, ma éischter domadder, well d’Politiker wëssen, datt d’Nerven bei ville Leit blank leien. Dobäi kascht d’Pandemie déi däitsch Wirtschaft Woch fir Woch bal 2,5000.000.000 Euro. Et kascht eben, wat et kascht!

Et war virun engem Joer kloer, datt esou gutt d’Politik wéi d’Wëssenschaft hir Problemer hätten am Ëmgang mat der deeglecher Gestioun vun der Pandemie. Et war schliisslech Neiland! Guer keng Erfarungswäerter. Déi zwou Säiten haten allerdéngs grouss Defiziter an der Kommunikatioun vun hiren Decisiounen, Diskussiounen an der Gesellschaft waren onerwënscht, mat cross-checking gouf een zum Querdenker.

Déi Ausgangsbasis huet derzou gefouert, datt Feeler vu Politiker a Wëssenschaftler vum Vollek weder verstanen, nach entschëllegt goufen, datt also de Gruef tëscht dem Vollek an der Politik méi breet gouf. D’Stëmmung ass am gaangen, ëmzeschloen. D’Sandra ass eng Persoun vu villen, déi enttäuscht der Politik de Réck dréit, an zwar esou gutt de Regierungsekippen wéi och där gréisster Oppositiounspartei….

Related posts

2 Comments

  1. Roger Braun

    Ech hoffen dass et nach mei Leit ginn dei dei Mossnahmen a fro stellen
    Zuelen sinn dach zum groussen Deel net richteg an vill wei dir sot ginn och duebel gezielt
    Mae et scheint denen 2 ze faalen e ganzt Land an e Prisong ze verwandelen

  2. Gilbert

    The Lancelet huet sech och mat dem Thema PCR Test beschäftegt, hei de Link dozou an ee klengen Extrait, mat Google iwwersat.
    https://www.thelancet.com/journals/lancet/article/PIIS0140-6736(21)00425-6/fulltext
    However, for public health measures, another approach is needed. Testing to help slow the spread of SARS-CoV-2 asks not whether someone has RNA in their nose from earlier infection, but whether they are infectious today. It is a net loss to the health, social, and economic wellbeing of communities if post-infectious individuals test positive and isolate for 10 days. In our view, current PCR testing is therefore not the appropriate gold standard for evaluating a SARS-CoV-2 public health test.
    Für Maßnahmen im Bereich der öffentlichen Gesundheit ist jedoch ein anderer Ansatz erforderlich. Tests, um die Ausbreitung von SARS-CoV-2 zu verlangsamen, fragen nicht, ob jemand RNA in der Nase von früheren Infektionen hat, sondern ob sie heute ansteckend sind. Es ist ein Nettoverlust für die Gesundheit, das soziale und wirtschaftliche Wohlergehen der Gemeinschaften, wenn postinfektiöse Individuen positiv testen und für 10 Tage isolieren. Unserer Ansicht nach sind die aktuellen PCR-Tests daher nicht der geeignete Goldstandard für die Bewertung eines SARS-CoV-2-Tests im Bereich der öffentlichen Gesundheit.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *