Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Déi ablacklech DNA vun der CSV 

Déi ablacklech DNA vun der CSV
image credits: facebook

2Joerzéngte laang huet d’CSV sech vum Jean-Claude Juncker féieren, feieren an ënnerdrécke gelooss! Matt deem Saz sollen net d’Meritter vun deem Mann kleng geried ginn, ganz am Géigendeel. De Juncker war fläisseg, hat grouss Späicherkapacitéiten, déi richteg Nues fir Politik ze maachen, déi adaptéiert Intuitioun, mam Lëtzebuerger ze schwätzen, sech beléift ze maachen; derbäi kommen aner Qualifikatiounen, déi wichteg sinn, fir e Vollbluttpolitiker: breeden Ego, flénk Zong, mat enger onwahrscheinlecher Rhetorik, groussen Drang zum Machiavelismus– ouni mech geet näischt!

Iergendwéi huet de Juncker net bei d’CSV gehéiert, hie wier besser bei de Genosse gewierscht. Hie selwer sot, datt dat net ganz ausgeschloss gewierscht wier, mä, well et a senger Jugend nach den CSV-Staat gouf, goung hien an déi Partei, wou hien déi besser Chancen gesinn huet, fir an eng Regierung ze kommen. A

picture credits: facebook

wéi dat bis de Fall war, huet de Mann sech lues ma sécher an der Partei esou breed gemaach, datt fir déi aner net méi vill Plaz blouf, wat soen ech, et blouf fir verschiddener bal keng Loft méi, fir ze otmen. Wann dann mol en Deputéierten et gewot huet, e bësselchen zeréck ze maulen, dann ergoung et him schlecht: et gouf Wochelaang net méi mat him geschwat, hie gouf net considéréiert, fir Minister ze ginn. Politiker, wéi Jean-Louis Schiltz, Michel Wolter, Laurent Mosar: deen een huet d’Politik verlooss, déi aner hu virgespillt, wéi wann dat hinnen näischt géing ausmaachen. E Viviane Reding gouf op Stroossbuerg an den Exil geschéckt, idem fir de Frank Engel, haut witzegerweis Parteipresident.

“…ënnert engem Juncker wier den duo F. Rau a Fr. Colling ni a Fro komm…”

Ma den Erfolleg war quasi garantéiert: eng CSV mat 27 Mandater, do waren d’Chancen grouss, datt ee mat konnt sinn vun der Crémants-Fraktioun, nämlech Deputéierte spillen. Also huet ee geléiert, ze kuschen.

Agrad dorënner leit d’CSV nach haut! Et gëtt an där gréisster Partei am Land net grujjeleg vill Politiker, déi sech trauen, de Mond opzemaachen, de Kapp zur Fënster ze strecken, engkéier ze maulen, wéi et sech fir en Oppositiounspolitiker géif gehéieren. Et ass ee jo schliisslech geléiert ginn, grad dee Mond ze halen, an et ass een et net gewinnt, ze baupsen an dobäi ze riskéieren, der selwer e puer laanscht d’Baken ze kréien.

De Claude Wiseler ass esou e Fall: intelligent, fläisseg…ma wosst als Spëtzekandidat net esou richteg, eppes mat sech selwer unzefänken. Hien huet gezéckt, haart Oppositiounspolitik ze maachen. De Marc Spautz war ëmmer gutt, fir e bësselchen mam Siewel dran ze haen, ma hällt sech elo wuel méi zeréck; idem fir de Michel Wolter. E Felix Eischen ass e léiwe Mënsch, mä wäert nach esou bal net der Logementsministesch op d’Fanger klappen. Vun enger Françoise Hetto – ëmmerhinn Joer laang Ministesch- héiert een och näischt. Octavie Modert? Funkstille! De Luc Frieden huet an der Oppositiounszäit der Politik de Réck gedréiht. Enger Martine Hansen muss een nach Zäit loossen, sech an de rôle als Fraktiounscheffin eranzeschaffen, ma och net ze vill Zäit, well d’Regierung souwisou ëmmer am Virdeel ass an eng Oppositiounspartei hannendruleeft. Schliisslech si geschwënn Wahlen fir d’Europaparlament.

V

illäicht ass et awer déi besser Decisioun vun der Partei gewierscht, sech als neie Chef de Frank Engel ze kroopen. Deen huet d’Polariséieren net verléiert, ganz am Contraire. Wann hien richteg encadréiert gëtt, wann d’Fraktioun dat néidegt Géigegewiicht duerstellt, fir de Mann an der Gitt ze haalen, kéint den Engel tatsächlech en Hoffnungsschimmer sinn um däischteren Himmel vun der CSV. Op alle Fall muss Beweegung opkommen – villäicht sollt den neie Parteichef engkéier mat e puer vu senge Kumpanen de Breede Wee an der Alstad eroptrëppelen-, well am anere Fall gesinn ech éischter eng Bettel-3-Regierung, ewéi eng Koalitioun mat der CSV. Et geet einfach net duer, op en Zoufallstreffer ze waarden, wéi zum Beispill, datt et mat der Economie, an also mat de Finanzen, ufänkt, méi schlecht fir d’Land ze laafen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *