Recent Posts

Post Categories

E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....

Blog Post

Gesondheet

Elektroauto: iergendwéi keen Thema zu Lëtzebuerg 

Elektroauto: iergendwéi keen Thema zu Lëtzebuerg
image credits:pixabay

Wou bleift zu Lëtzebuerg d’Begeeschterung fir den elektreschen Auto?! Net, datt ech hei wëll e Plädoyer halen fir déi Zort vun Auto, well den Elektroschrott bréngt aaner Problemer matt sech, sou gutt an der Produktioun wéi herno an der “Eliminatioun”, ma ech wëll dach kuerz drun erënneren, wat do net alles gesot gouf!

Bis 2020 – also bis dat anert Joer- sollen uechter d’Land 800 Elektrobornen installéiert sinn. Wann ee guttwëlleg ass, bleiwen dofir 24 Méint. Wou si mir do drunn? An den nächste Joer, esou war mol projezéiert ginn, géifen ronn 40.000 elektreschgedriwwen Auto duerch d’Land kutschéieren! Naja! Do huet een et matt den “Nullen” net esou genee geholl!

Et ass net esou einfach, bei de Leit e Mentalitéitswiessel erbäi ze féieren!

 Op d’mannst net zu Lëtzebuerg, wat den Auto betrëfft. An Norwegen maachen an der Tëschenzäit déi batterieelektresch Ween an den neien Immatrikulatiounen 31,9 Prozent aus, also bal en Drëttel. Wann een d’Hybriden derbäi rechent, da kënnt een op 43 Prozent. Am Géigesaaz zu Lëtzebuerg pusht déi norwegesch Regierung massiv den “tout électrique”, matt steierlechen Avantagen, mat gratis Parking etc. Do si mir -politesch a gesellschaftlech- wäit derfunner. Wéi virun 12 Joer den demoolegen Ëmweltminister Lucien Lux d’Parken an der Ëmgéigend vun den Ausstellunsghalen um Kierchbierg verbueden huet a lakonesch gemengt huet “da musse mer d’Leit dru gewinnen, den ëffentlechen Transport ze huelen” goung d’Zuel vun de Visiteuren fir d’Fréijoers- an Hierschtfoire déck de biergan. Kloer, et ginn nach aner Ursaachen, ma de Lëtzebuerger ass nun emol gewinnt, matt senger bleche Kutsch bis un d’arrivée ze kommen. Wann een da weider bedenkt, datt deen nämmlechte Politiker d’Autosteier ganz douce eropgesaat an domatter säi politescht Graf geschëppt hat, weess een, datt zu Lëtzebuerg domatter net ze spaassen ass.

Grad esou schwéier di mir eis mam (Elektro)Velo. Mir ginn als Tourist op Amsterdam oder op Kopenhagen, a staunen, wéivill Leit den Drotiesel benotzen. Mir téinen zwar, datt een sech dofunner eng Nues voll sollt huelen, ma selwer op de Suedel klammen a pedalléieren, dat iwwerloosse mer da léiwer deenen aneren.

Matt deene Gréngen misst de Stroum Wand an d’Seegel kréien…

D’Ekologisten goungen als de grousse Gewënner aus de Wahlen ervir.Gambia 2 ass net blo-gréng-roud, ma éischter gréng-blo-rout, och wann d’Ekologisten net de Premier stellen; ouni si hätt et keng zweet Editioun ginn vun der Dräierkoalitioun, an also sinn d’Erwaardungen un si extreem  grouss, besonnesch wat hire fonds de commerce betrëfft, nämlech d’Ecologie!

image credits:pixabay

Sécher, et ginn gewëssen indicateuren, datt sech eppes soll doen. Esou huet CREOS e grousst Elektrikergeschäft opkaaf, wuel an der Hoffnung, datt geschwënn an de Privatgaragen där spezieller Opluedstatiounen installéiert ginn an also sech Geld verdénge léisst. Ma, esou richteg a Schwonk kënnt dat Ganzt net. Wéi gesot, ech wëll kee Plädoyer halen fir den Elektroauto, ma eng gewëssen Diskussioun vun der Politik an der Gesellschaft géing scho gutt doen. Am aanere Fall kënnt nees d’Gefill op vum: “déi do uewen maache souwisou wat si wëllen”!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *