Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

Eng Demo fir en Demonstratiounsgesetz? 

Eng Demo fir en Demonstratiounsgesetz?
Foto von Centre for Ageing Better von Pexels

Typesch Lëtzebuerg! Do gi mir zanter Joerzéngten op d’Strooss manifestéieren a mir hu kee gesetzleche Kader dofir! Viru bal 50 Joer ware mir zu dausenden an der Muselgéigend, fir géint d’Atomzentral vu Remerschen ze demonstréieren. Kee gesetzleche Kader. Idem wann d’Land op de Been war géint Kettenuewen, oder elo méi rezent, wann d’Jugend op de Freideg-Demonstratiounen an d’Zukunft kuckt. Idem, wann an dësen Zäiten um Macadam fir oder géint d’Impfen, respektiv d’Covid-Moossnamen protestéiert gëtt. Firwat och? Et ass jo ëmmer alles gutt ausgaangen!

Demonstratiounen zu Lëtzebuerg, dat war bis dato eng Affär vun mir ënnert eis. Et goung een trëppelen, et huet een e bësselche gejaut, je nodeem Gewerkschaftsfuendelen héich gehalen, – Ah! Jos, bass du och do?!-, duerno e Patt oder méi gedronk an et goung een zefridden heem. Meeschtens op alle Fall.

Et koum alt mol fir, datt Eeër op Politiker geschmass goufen, wéi Anno Tubak an der Rentepolemik tëscht der Regierung an der CGFP. Et koum och alt mol vir, datt sech auslännesch Gäscht an de Grand-Duché invitéiert haten, wéi virun 8 Joer belsch Metallurgisten: si haten virum Portal vum alen Arbed’s-Gebai décke Remmidemmi geschloen an eis Police d’Fäerte geléiert.

ma well ënner dem Stréch ëmmer alles gutt ausgoung, an den Norme blouf, et also zu kengen Exzesser koum, goufen sech och weider keng Froe gestallt. Mir hunn eist Demonstratiounsrecht héich gehalen a waren mächteg houfereg drop. Bis elo eis am Krich géint de Virus bewosst gouf, datt mir iwwerhaapt keen Demonstratiounsgesetz hunn!

D’Gemeng Lëtzebuerg huet zwar e Reglement, ma dat seet iwwerhaapt näischt aus. Et soll een seng Manif umellen a sech duerno un de Parcours halen, iwwer deen ee sech mat der Police eens gouf. An dat ass et schonn. Wat awer geschitt, wann sech net un dee Parcours gehale gëtt? Wann d’Demonstranten alles kuerz a kleng schloen? Wann Persounen zu Schued kommen? Sanktiounen si keng virgesinn, weder finanziell nach penal!

Den zoustännege Minister Henri Kox stellt fest, datt der Police zum Deel d’Hänn gebonne sinn, well en Demonstratiounsgesetz feelt. An dee legislative Vide ass absolutt net him zouzeschreiwen, hie gaapst wéi gesot schonn zanter Joerzéngten vru sech hin. Elo awer wou sech Casseuren aus Frankräich fir de Grand-Duché interesséieren, gëtt ee wakereg. Och den CSV-Deputéierten Laurent Mosar twittert:

@LaurentMosar
Waat mir brauchen, ass onbedengt en Demonstratiounsrecht ewéi an aneren Länner, well esou kann et net méi virun goen. #etgeetdeckduer 

et ass ewéi esou dacks: wann een op där enger Säit Rechter huet, dann grad esou op där anerer Säit och Flichten. Huele mir d’Beispill vun eisem Noper Frankräich, d’Land vun de gilets jaunes an iwwerhaapt, d’Land wou een fir bal alles op d’Strooss geet. Dat Land huet esou een Demonstratiounsgesetz, et setzt de juristesche Kader.

Sans aller jusqu’à interdire toute la manifestation, l’autorité dispose de certains moyens pour assurer le meilleur déroulement de l’attroupement. Ainsi, elle peut non seulement modifier l’itinéraire prévu mais elle peut également interdire certaines banderoles.

L’article 431-9 du Code pénal
 punit de six mois d’emprisonnement et de 7500 euros d’amende :
  • le fait d’avoir organisé une manifestation sur la voie publique n’ayant pas fait l’objet d’une déclaration préalable;
  • le fait d’avoir organisé une manifestation sur la voie publique ayant été interdite dans les conditions fixées par la loi;
  • le fait d’avoir établi une déclaration incomplète ou inexacte de nature à tromper sur l’objet ou les conditions de la manifestation projetée.
Il faut noter que ce délit ne concerne que les organisateurs de la manifestation et non les simples manifestants.
Quant aux manifestants, le fait de participer à une manifestation non déclarée, voire interdite, ne fait pas l’objet d’un délit et ce, tant que la force publique ne les enjoint pas à se disperser.Cependant, les participants à une manifestation illicite, voire interdite, encourent les sanctions de l’article R610-5 du code pénal: «la violation des interdictions ou le manquements aux obligations édictées par les décrets et arrêtés de police sont punis de l’amende prévue pour les contraventions de 1ère classe».
Et ass also net un de Manifestanten, de Parcours vun der Demo festzeleeën, ma et ass um Buergermeeschter an un der Police. Et ass och um Buergermeeschter, eng Protestaktioun zouzeloossen oder ze verbidden. A wann eppes wärend der Versammlung op de Stroosse schif leeft, sinn Sanktioune virgesinn.
Natierlech kann ee soen, datt esou ee Gesetz och geféierlech ka sinn, datt doduercher d’Demonstratiounsrecht riskéiert, politesch ënnerhillegt ze ginn. Ma och dat kann ee grad esou gesetzlech präventiv reegelen:
L’article 431-1 du Code pénal dispose que « le fait d’entraver, d’une manière concertée et à l’aide de menaces, l’exercice de la liberté d’expression, du travail, d’association, de réunion ou de manifestation est puni d’un an d’emprisonnement et de 15.000 euros d’amende.
Le fait d’entraver, d’une manière concertée et à l’aide de coups, violences, voies de fait, destructions ou dégradations au sens du présent code, l’exercice d’une des libertés vidées à l’alinéa précédent est puni de trois ans d’emprisonnement et de 45.000 euros d’amende ».
Schliisslech kann een net behapten, a Frankräich géifen et keng Demonstratioune ginn, oder? Et schéngt mir, wéi wann de Koxen Heng nach e bësselchen Aarbecht hätt! An hien hätt – fir ng Kéier- eng breet politesch Majoritéit hannert sech.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *