Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Brave new world! 

Brave new world!
image crtedits: pixabay

D’Hackerattack an Däitschland op Politiker a Perséinlechkeeten huet eis op en Neits virun Aa gehalen, wéi verletzlech eis Gesellschaft ass!De Fall ‘Chamberleaks’ zu Lëtzebuerg ass de Beweis, datt d’Politiker komplett blann sinn an net verstinn, wéi grouss d’Erausfuerderunge vun der digitaler Welt elo scho sinn; matt der Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz wäerten se an d’Onermiésslecht wuessen. Virun 3 Joer hunn Hacker de Fonctionnement vun enger Klinik an Däitschland fir een Dag komplett brooch geluecht, et ass just eng Saach vun der Zäit bis et zu engem allgemenge black-out am Elektresche kënnt. Deen Ament geet guer näischt méi an eiser Gesellschaft! Ugefaange beim Geliits doheem, bei der léiwer Kaffi’s-Maschinn, d’Waasserversuergung ass a Fro gestallt, et kritt ee kee Bensin méi, well d’Pompelen net méi dréien, an der Epicerie geet keng eenzeg Kees…et kann een zum Deel kee Radio lauschteren(ausser iwwer Batterie oder fir eng kuerz Zäit iwwer Handy). RTL hat bis viru Kuerzem- ech weess net, wéi et haut ass- d’Obligatioun, e Reservoir vu 50.000 Liter Mazout ze hunn, fir am Eeschtfall de Stroum selwer via générateuren ze produzéieren, op d’mannst während 48 Stonnen. Sou ass et och an de Kliniken, ma wéi gesot, meeschtens just als Noutléisung fir e puer Stonne geduecht.

Et ass och eleng an dësem Kontext ze gesinn, wéi de fréieren däitschen Inneminister de Maizière viru 50 Méint de mot d’ordre un d’Leit erausgouf, op d’mannst Waasser a Brout fir eng Zäit vun 10 Deeg doheem op Reserve ze hunn. Natiirlech ass dat den Daiwel un d’Mauer gemolt, ma d’Gefohr ass zanter Joer reell: géing Cattenom esou liichtfankeg dermatter ëmgoen ewéi eis Chamber, géing scho laang kee Stroum méi aus der Steckdous kommen!

 

Souwisou si mir schonn eng Zäitchen net méi Här a Meeschter iwwer eis selwer!

Zanter datt den Donald Trump President vun den USA ass, geet regelméisseg derfunner Rieds, wéi wann déi digital Welt matt drunner Schold hätt, datt hien géint d’Hillary Clinton gewonnen huet. Dobäi ass et net wichteg – op d’mannst net an dësem Kontext- ob et sech ëm Russen gehandelt huet oder net. Vill méi relevant ass, datt de Bierger riskéiert, op eng subtill Manéier manipuléiert ginn ze sinn…a permanent weider gëtt!

Viru Wochen hunn ech matt engem Kolleeg gegoogelt, op zwee verschidde Laptop. Mir kruuten regelméisseg komplett verschidde Resultater. Et huet sech erausgestallt, datt sech op mengem Apparat en anere Sichmotor ageschlach hat, den ‘ask’.

image credits: pixabay

An dee Sichmotor huet eng Copie vu google gemaach, soudatt een dofunner ausgoe konnt, datt alles normal wier, ma am Hannergrnd wor d’recherche iwwer ‘ask’gelaaf. Dohir déi verschidde Resultater! Deen ee “google” kann duerchaus méi kommerziell orientéiert sinn ewéi deen anere “google”, respektiv, deen een ass  politesch lénks- ,deen aneren rietsorientéiert,an da gëtt et richteg geféierlech.

 

KIdéi kënschtlech Intelligenz, verduebelt all 18 Méint hir Capacitéiten. Do ass eist Gehir iwwerfuerdert; vum Neanderthaler bis haut huet schliisslech e puerdausend Joer gedauert. D’Sichmotoren wëssen haut scho ganz genee, op wat fir engen Internetsäiten mir eis erëmdreiwen: ass et ieren Porno, stousse mir wéi reng zoufälleg op Säiten vun der Totalepilatioun; ass et éischter Politik, kréie mir eben där Säiten offréiert. Am russesch-amerikanesche Fall wär zousätzlech de Sichmotor affinéiert ginn, fir geziilt  Campagne fir den Trump ze maachen. D’Astellung vum Sichmotor muss den Ament nach vu Mënschenhand gemaach ginn, an e puer Joerzéngten mécht de Motor dat vum selwen. Do gi mir dann alleguerten zu “gilets jaunes”!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *