Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Finanzen

Politik laanscht d’Vollek 

Politik laanscht d’Vollek
image credits:pixabay

Et ginn där Decisiounen op politeschem Plang, déi gutt gemengt sinn, déi awer net onbedéngt hiert Ziil areechen, respektiv, déi just bei engem Deel vum Vollek ukommen a bei deem aneren glat a guer net. E gutt Beispill heifir ass déi privat Zousazpensioun. Et bezillt een dat ann, wat ee kann, an et kann een e gewëssene Betrag dofunner steierlech ofsetzen. Matt 60 Joer kann een dann dofunner profitéieren. Bis virun annerhallwem Joer gouf et allerdéngs déi onméiglech Situatioun, datt ee just d’Halschecht vun deem montant, deen een abezuelt haat, zeréck verséiert krut, an déi aner Halschecht gouf a Monatsrenten ausgerechent. En Debakel!

E kleng Rechebeispill: et huet een am Laf vu sengem Liewen 30.000 € abezuelt. Matt 60 Joer krut en dann 15.000€ ausbezuelt, brutto, well op engem Drëttel musse Steieren bezuelt ginn. Déi aner 15.000€ ginn a Mensualitéiten ausbezuelt an d’Versécherungsgesellschaften haten ausgerechent, datt eng Persoun hautzudaags eng Liewenserwaardung huet vun 88 Joer. An anere Wieder: vu 60 Joer unn bis 88, bleiwen 28 Joer. An do krut een dann eng monatlech Zousazpensioun vun 43,40 €! Brutto, wuelverstaanen! Also zwou Pizza an zwee Rosé bei engem bëllegen Italiener! Esou séchert een sech kaum säin drëttel Alter of!D’Assurance goung seelen eidel dobäi aus! Dëse System war vun deene Schwaarzen – zesumme mam Finanzsecteur- ausgeduecht ginn, an hie gouf vun der Gréng-Blo-Rouder-Regierung reforméiert. Neierdéngs kritt een de ganze Betrag, deen een abezuelt huet, an engem Siess ausbezuelt.

 

Domatter wär de Sujet u sech g’iéss. Mä, et ginn ëmmer nach Politiker, déi desen zweete Pilier an den Himmel luewen. Dobäi ka just d’Mëttelschicht vun dësem System profitéieren, matt Sécherheet net déi, déi all Mount esou just iwwer d’Ronne kommen. An dat ass bedenklech! Wéi et bei der däitscher CDU drëm goung, en oder eng nei(e) Parteipresident(in) ze wielen, huet de Kandidat Friedrich Merz sech zu honnert Prozent hanner eng privat Zousazpensioun gestallt. Parteipolitesch ass et ze verstoen, well eng CDU ass éischter eng Zentrumspartei, déi an der Haaptsaach d’Mëttelschicht an d’upper-class usprécht; gesamtpolitesch gesinn awer ass et e krasse Feeler, well schonn nees kritt de Mënsch vun der Strooss d’Gefill vermëttelt: du muss kucken, dass du selwer eens gëss!

image credits:pixabay

“…et muss endlech eng Politik kommen, fir déi ënnescht Schichten…”

 

De Fonctionnement vun eisem politeschen a soziaale Systeem steet op der Kipp ewéi scho laang net méi: d’gilets jaunes a Frankräich an an der Belsch hunn et ënnermauert. Do sinn natiirlech där professionnel casseuren drënner, ma bei der Majoritéit wor duerch rezent Ukënnegungen vum President Macron d’Faass vun der Gedold iwwergelaaf. De Mindestloun gëtt elo eropgesaat – gutt Saach- ma geet dat duer, fir d’Leit berouegt ze kréien? Virun allem virum Hannergrond vun enger méi wéi ongewësser Zukunft fir des Leit, matt där ëmmer méi séirer Entwécklung vun der Digitaler Welt? Den onqualifizéierte Mindestloun läit zaner dem 1. Januar bei 2071,10 €, dee qualifizéierten ëm e Fënneftel méi héich. Vill Suen, an awer no bei der Armmutsgrenz!

Vum webbanking profitéieren déi meescht vun eis an der Tëschenzäit. Bedeit dat net, datt d’Banken sech lues a lues mussen vu Personal trennen? Agencen gi lues ofgebaut?Mir kréien dee sougenannten intelligente Compteur fir d’Elektrescht installéiert (wat en topegen Ausdrock!), woumatter bei Creos a & och ka Personal agespuert ginn. Där Changementer kommen Honnerten op eis duer, et wäerten wuel och nei Aarbechtsplaze kënne geschaafe ginn, bei deenen allerdéngs fir déi manner Diploméiert manner Sputt iwwereg bleiwt, fir sech hiert Liewen opzebauen. Et ass gutt, datt d’Regierung e spezielle Ministère fir dat Digitaalt agesaat huet; et wär nach besser, wann dee Ministère géing an Diskussiounen ronderëm eisen nationale Wuesstëm matt agebonne ginn.

PIB? ET geet net nëmmen drëm Fric ze maachen, et geet an den nächste Joer prioritär drëm, déi Suen intelligent ze verdeelen. Zu Lëtzebuerg ass de Probleem manner akut ewéi bei eisen Noper, an trotzdeem! Et gëtt och bei eis Leit, déi Schwieregkeeten hunn, sech an deser moderner Welt zurecht ze fannen, finanziell a mentalitéitsméisseg; dat mierkt een ëmmer méi an de Reaktiounen op den Netzwierker….

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *