Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Finanzen

D’Farce vun der Räichesteier a vun der Transparenz 

D’Farce vun der Räichesteier a vun der Transparenz
Image par Harry Strauss de Pixabay

vun Zäit zu Zäit bretzen sech d’Sozialisten dermadder, déi sougenannte Räichesteier an d’Gespréich bruecht ze hunn. Si hätten et alt wéinstens probéiert, deenen “Décken” un de Colis ze fueren, ma wären dobäi vun den zwee Koalitiounspartner, absëns vun der DP gestéiert ginn. Dat ass natierlech Quatsch!
Grad wéi wann mat der Räichesteier déi “Déck” tatsächlech déite méi arem ginn!

Et geet net duer, an dësem Fall den taux marginale vun der Steier eropzesetzen fir datt déi “Déck” ufänken mat Bludden. Mir schwätzen hei nämlech net vun enger gutt bezuelter Staatsbeamtekoppel, ma vun deene Leit, déi richteg décke Goss maachen, wou d’Verméigen an d’zig Dosen, jo Honnerten vu Millioune geet. An dës Leit kommen aneschters un hir Suen erun wéi den Otto-Normalbierger. De salaire, d’Pei, dat ass nëmmen fir d’Galerie!

Ech denken do un d’Immobilien, un Spekulatiounen an u Stock options; nach virun net all ze laanger Zäit gouf och dacks an de Kontrakt fir esou eng Persoun eng steierfräi Zousaazpensioun gesat. An do soll d’Räichesteier eppes daachen?! Déi Déck laachen sech kapott, maachen awer esou wéi wann si richteg zur Oder déite gelooss ginn, wéi wann si jo tatsächlech misste méi schëlleren, wéi Mäxchenklein.

“…esou gesinn trëfft d’Räichesteier just de braven héieren Staatsbeamten…”

déi Déck schaffen nawell gären mat deenen “do uewen”, also mat Politiker. Eng Hand wäscht déi aner, net nëmmen zanter dem Covid-19. Dat wor och esou ënnert der CSV, ass awer déi Kéier vill méi offensichtlech. Verschidden déck Hären solle schliisslech matgehollef hunn, de “Juncker” ze kippen. Ugefaangen hat dat Zesummespill tëscht e puer Superräichen an der Politik mat der sougenannter Pizza-Connection: blo a gréng Politiker gesouchen sech reegelméisseg mat deene besseren Hären, fir bei Pizza an engem Glas Rouden den Opstand ze prouwen.

Kuerz drop gouf d’Initiative lancéiert ” 5fir12″. Op Wikipedia gëtt déi Aktioun esou beschriwwen: Haaptzil ass e Changement vun der Mentalitéit an der Bevëlkerung fir d’Land fir seng zukënfteg Entwécklung vum, hirer Meenung no “iwwerflëssege Balast”, ze befreien, beispillsweis d’Droits acquisen, d’Ausgabe vum Staatsbudget, virun allem am Kader vun der Fonction publique, d’Walrecht fir net lëtzebuergesch Residenten etc.

Also “Fënster oprappen” oder esou. D’Initiative gouf am Mäerz 2012 an d’Liewe geruff, mat (Ex)Politiker, spéidere Politiker a mat eben där “Décker”. E Joer laang gouf op d’Tromm geschloen, goufen d’Medien mëssbraucht. Wéi de Juncker bis fort war, gouf et roueg ëm d’Plattform, haut existéiert hire Site http://www.5vir12.lu iwwerhaapt net méi, déi meescht vun den Acteuren sinn an der Versenkung verschwonnen.

an esou läit et no, ze behaapten -ouni et beweisen ze kënnen-, datt d’Politik der “Wirtschaft” eppes schëlleg ass. Datt eng Regierung sech vun externe Spezialisten berode léisst ass normal: dat mécht si regelméisseg a juristesche Froen, vir waat net am wirtschaftleche Beräich? Bosseg war et awer schonn wéi GAMBIA 1 sollt an d’Daf geholl ginn an direkt um Ufank vun de Koalitiounsgespréicher där OCNI (objets cravatés non identifiés) derbäi waren.

Aehnlech Situatioun viru Wochen wéi et an Aarbechtsgruppen, sougenannten “task force” drëm goung, d’Land op d’Wirtschaftskris ze preparéieren. Och do hunn vill Spezialisten vu baussen matgewierkt, genuch op alle Fall, datt d’Regierung sech schwéier gedoen huet, d’Zesummesetzung vun dene Gruppen öffentlech ze maachen.

Gratis sinn esou Dënéschtleeschtungen net. Da loosse mer alt e Rousekranz bieden, datt si wéinstens gutt geschafft hunn. Well, kritt d’Land d’Wirtschaft net an de Grëff, kënnt direkt hannendrunn déi nächst Kris, déi vum Finanzsecteur.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *