Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Éischt Jalonen fir d’Superwahljoer g(s)inn gesat! 

Éischt Jalonen fir d’Superwahljoer g(s)inn gesat!
Photo de Element5 Digital: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/personne-laissant-tomber-du-papier-sur-une-boite-1550337/

De 26. Juni virun zwee Joer hat ech fir e bësselchen Onrou a politesche Kreesser gesuergt. D’Familljeministesch Corinne Cahen hätt de Kompass an Direktioun stater Märei agestallt https://bit.ly/36xrsBx. A wou si mir haut drun – zwee Joer no där Behaaptung an 1 Joer virun de Gemengewahlen? Genee do! D’Madamm Cahen huet d’Land wësse gedoen, datt si net nach eemol wéilt  Familljeministesch ginn, hir eventuell Kandidatur fir d’DP an der Haaptstad gouf (endlech) och e Sujet fir déi groussherzoglech Press.

Déi ablécklech Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot um Mikro vun RTL, datt si sech d’Zäit léisst bis Chrëschtdag fir ze decidéieren, ob si selwer nach eemol wëll untrieden oder net. D’Madamm Cahen awer wär op der DP-Lëscht wëllkomm, wat viru Wochen esou vill wollt heeschen ewéi datt d’Ex-Ministesch op kee Fall Spëtzekandidatin gëtt. Zäit bis Chrëschtdag? Hackerdjëss! Dat geet elo séier: e puer Woche Vakanz, politesch Rentrée am September/Oktober, an dann ass et scho bal esou wäit.

D’Madamm Polfer wäert hier Decisioun wuel eréischt a 5 Méint bekannt ginn, ma si hëlt se zimmlech sécher schonn an dëser Summervakanz. Et geet ëm si selwer an et geet ëm d’Zukunft vun der DP an der Stad. Eigentlech misst et jo ganz einfach sinn: d’Madamm Cahen geet mat op d’Lëscht, d’Lydie Polfer gëtt als Buergermeeschtesch confirméiert, demissionéiert no 2 oder 3 Joer a gëtt den Zepter weider un déi ablécklech Ministesch. Passation des pouvoirs vun enger Generatioun op déi aner. De Problem ass just: d’stater DP gëtt net eens mat der Cahen. Ma dat ass där Fra komplett egal.

corinne cahen

Op der Facebook-Säit ass si monter ënnerwee, gräift reegelméisseg Sujeten op, déi d’Stad betreffen, schwätzt vun “hirer” Stad als Garer Meedchen, -Geschäftsfra- a weist sech gären op Fotoen mat der Lydie Polfer.

Si strotzt nëmmen esou vun Optimismus, alles huet si gären, wat d’Haaptstad betrëfft, an och sos, vun der Kinnekswiss bis bei d’Belairer Quartiersfest, vum Lycée Lucius bis bei d’Guiden a Scouten an och de Bob Jungels kritt nach séier en Häerzchen.

Dat liest sech dann esou:

Der Corinne Cahen hir Politik -oder éischter Strategie- besteet doranner, néirewou Problemer ze gesinn. Schonn als Presidentin vum stater Geschäftsverband huet si reegelméisseg d’Problemer vun de Kommerzanten no baussen léiwer kleng geried. Alles ass schéin, de Sënn vun der Politik besteet doranner, och deem Leschten dobäi ze hëllefen, kënne frou ze sinn. Hire Wahlprogramm: Schön ist es auf der Welt zu sein. Dat liest sech op Facebook esou: Op der Kinnekswiss huet dem Sylvie Serra-Jacobs säi formidabele Kannerchouer « La ballade des gens heureux » gesongen. Dat Lidd misst eist Lidd hei zu Lëtzebuerg sinn, mir sollte jiddereen dobäi ennerstetzen, heureux ze sinn oder ze ginn😍😍😍

Déi fréier Parteipresidentin ass an hirem Elan schwéier ze bremsen, ma esou richteg beléift bei de Leit ass si net. Dat gouf an deene verschiddene Meenungsëmfroen confirméiert. An nawell weess déi liberal Partei, datt hir sos näischt iwwereg bleift, datt et keng Alternative gëtt: d’stater Equipe muss erneiert ginn! Et gëlt allerdéngs, d’kollateral Schied mat der Madamm Polfer esou kleng wéi méiglech ze halen. Do kéint vill Porzeläin schonn an der Wahlcampagne futti geschloe ginn, an déi Schwaarz leien op der Lauer fir d’Peitsch an den “Zwee Léiwen” endlech ze iwwerhuelen.

” …A bei deene Gréngen? Mir no! Mir lafe fort!…”

De François Bausch géing am Oktober/November als Minister demissionéieren, hat ech virun engem knappe Mount geschriwwen a behaapt, hie géing an der Regierung – wéinstens zum Deel- am fréien Hierscht vum François Benoy ersat ginn. Déi Gréng hunn huerteg reagéiert a probéiert, der Saach d’Loft aus de Seegel ze huelen. De François Benoy gëtt fir d’Gemengewahlen elo als Top-Mann an der Haaptstad presentéiert.

Hien ass -zesummen mat der Claudie Reyland- net nëmme Spëtzekandidat, ma och nach Buergermeeschter-Kandidat. Esou wéi d’Baerbock Kanzlerkandidatin war. Do laachen d’Bio-Hénger! Souwisou ännert deen “Titel” näischt.

gréng.lu

Iergendwann – a warscheinlech zimmlech geschwënn- muss (oder misst) de François Bausch jo aus der Regierung demissionéieren, fir datt säin Nofollger bei den nächsten Nationalwahlen e Minimum u Chancen kritt, e gudde Score ze erreechen.

De Benoy, 37 Joer ale Papp vun zwee Kanner léisst an engem Partei-Blietchen schreiwen: d’Potential ass do, fir d’Liewensqualitéit ze verbesseren, mir mussen et just notzen. Ons Stad brauch dofir e frësche Wand, och un der Spëtzt vun der Gemeng. Dowéinst kandidéieren ech fir neie Stater Buergermeeschter ze ginn. Iwwerdeems geet dat stater Genëschels weider, datt deen ee Fränz deen anere Fränz am Oktober/November als Minister ersetzt an datt d’Sam Tanson de Ressort vum Vizepremier iwwerhëlt.

“…bei deene Rouden ass alles kloer!…”

 

D’Debatt iwwer eng eventuell Steierreform war déi lescht Woch an der Chamber inhaltlech besser ausgefall wéi allgemeng gefaart. Op der Säit vun der LSAP ass mir opgefall, datt si d’Suen an der Haaptsaach do wëlle plécke goen, wou et wiisst: bei de Räichen an de Super-Räichen. Also bei Leit, déi wierklech décke Goss hunn, en Akommes vun iwwer 100.000 Euro de Mount zum Beispill.

Ofgesinn dovunner, datt bis ewell nach keng richteg Etude gemaach gouf fir wéinstens eng kleng Anung ze hunn, wéi vill Mécken op déi Manéier méi an de Staatsbeidel géife fléissen, ass et evident, datt d’Genossen domadder fräiwëlleg op eng nächst Koalitioun mat den Demokraten verzichten.

dp.lu

Well grad eng DP ass souzesoen déi politesch Gewerkschaft vun deenen Décken! Also éischter Ideologie bei der LSAP ewéi Realpolitik?

Et kéint natierlech ëmmer nach sinn, datt een an der leschter Ligne droite vir an déi nächst Regierung d’Ideologie an d’Spënnchen ofstellt. Iwwregens: keng Partei huet am Kader vun där Steierdebatt d’Ierfschaftssteier an d’Gespréich bruecht. Esou domm sinn se ee Joer virun de Wahlen nun awer och net!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    “Mit den Reichen können wir prächtig, die Armen wollen nur ihr Geld”, sou den Herbert Grönemeyer an engem vu sénge Lidder – dat gëllt besonnësch fir eng DP mat enger Madamm Cahen, déi wuel qua Persoun, déi si nu mol ass, als Paradebeispil fir d’Politik am Intérêt vun deenen “Décke” steet. Ob déi nu beléift ass oder net, sou eng Charaktere kucken net ëm – et freet sech just, ween esou Leit wiele kann….Mä dat gëllt fir déi ganz DP, déi sech ni ännert…an awer rëm gewielt gëtt? Een Trauerspill ouni Enn, eng Politik vu Blender fir Leit, déi sech ëmmer rëm verblende loossen? Et freet sech just, wéi laang nach…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *