Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Covid: wou bleift d’Solidaritéit mat den eelere Leit? 

Covid: wou bleift d’Solidaritéit mat den eelere Leit?
Image par dorofeevajana de Pixabay

 

et kann een et dréien a kéieren wéi ee wëll: eis Spideeler sinn mat der Pandemie un hirem Limitt ukomm a bal jidder drëtten Covid-Doudegen stierft an engem Alters-, respektiv an engem Fleegeheim. D’Annette Welsch thematiséiert dat an engem excellenten Leitartikel dëse Weekend am Lëtzebuerger Wort.

Um Samschdegowend  waren 218 Patienten mat Covid hospitaliséiert, dovunner 39 op der Intensivstatioun. Dat war zwar e Minus vun 8, respektiv vu 4, ma déi Baisse geet net duer fir d’Situatioun an de Klinicken ze berouegen. Dat, wat ech déi lescht Deeg vun Dokteren ze héiere krut, ass alarmant. Esou sot een zu mir:“et wéilt een am Léifsten d’Dieren vum Spidol vu bannen zoudrécken a kee méi eraloossen, ma dat geet jo net!”. Dat ganzt Gesondheetspersonal ass kierperlech a séilesch extreem gefuerdert! Wou bleiwen do d’Solidaritéitsmessagen mat dëse Leit?

Den Duerchschnëttsalter vun de Covid-Doudegen läit bei 83 Joer, net grad 70 Prozent vun allen Doudegen waren iwwer 80 Joer al. D’Confirmatioun kritt een indirekt, wann een d’Doudesannoncen noliest. D’Madamm Welsch huet duerchaus Recht, wann si schreift: “Während in Frankreich, in Grossbritannien, in Deutschland und sogar in den USA die Alten und Vulnerablen als erste geimpft werden, ist es in Luxemburg das Gesundheitspersonal(…) Die Argumentation der Regierung, mit dem geimpften Pflegepersonal einen Schutzgürtel um die Vulnerablen zu legen, ist lächerlich und entbehrt jeder wissenschaftlichen Grundlage”.

Natierlech kann een ëmmer mol soen: wien näischt mécht, deen näischt brécht, ma hei geet et ëm Mënscheliewen! Mat de genannten Zuelen ass jo evident, wou an dësen Zäiten am meeschte gestuerwe gëtt. Also misst et grad esou evident sinn, datt op deene Plazen de Vaccin als éischt an den Asaz kënnt! Fir d’éischt Persounen iwwer 80, dann déi iwwer 70, duerno d’Gesondheetspersonal. Wou bleift do de Solidaritéitsgedanken! Oder hu mir déi richteg Al schonn a Gedanken ofgeschriwwen?

“….impfen oder net imPFEN?:..”

Esou laang jiddereen déi Fro fir sech kann beäntwerten, ass et jo nach net ze komplizéiert. Wéi awer ass et bei eelere Leit an engem Fleegeheem? Si sinn dacks geeschteg net méi am Stand, kloer ze denken an eng eegestänneg Entscheedung ze huelen. Dat maachen dann d’Kanner an hirer Plaz. Esou wéi si et och schonn mam Covid-Test hu musse maachen. Dat bedeit jo, datt déi méi jonk Generatioun – eventuell esouguer d’Kandskanner- mussen hiren Accord markéieren, fir d’Elteren/Grousselteren impfen ze loossen…oder och net. Dat kann zu cocasse Situatioune féieren!

Eng Fra vun 50 Joer decidéiert, sech selwer net vaccinéieren ze loossen. Si ass vun hirer Decisioun iwwerzeegt. Wéi awer fält hir Decisioun aus, fir hir Mamm/hire Papp, als Fleegefall an engem Heem?. Mat den Zuelen, déi mir kennen ass d’Fro: impfen oder net impfe loossen quasi gläich ze setzen mat: stierwen oder net stierwen loossen! (Umierkung 4 Stonnen no der Publikatioun: et schéngt guer net esou evident ze sinn, datt d’Kanner däerfen esou eng Decisioun fir hir Elteren ze huelen! Eng Fro fir d’Juristen….)

Fir op den Editorial vum Annette Welsch zeréckzekommen. Ech ginn hirer politescher Interpretatioun komplett Recht: ” Meisch und Cahen kochen ihr eigenes gesundheitspolitisches Süppchen und DP-Premierminister Xavier Bettel lässt si gewähren. Ministerin Lenert darf zwar den Horesca-Sektor zumachen und in Sport und Kultur eingreifen, aber in Schule und Cipas keinen Fuss setzen”. An esou héiert een aus de Regierungskulissen, datt de politesche Klima an der Koalitioun ufänkt, nohalteg méi schlecht ze ginn.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *