haut am Lëtzebuerger Wort: 10 Annoncen fir 19 zousätzlech Faillitten bekannt ze ginn. 19 S.A.,SàRL, déi de Schlëssel hu mussen ënnert den Teppech leeën. 19 Schicksaler, déi bis zu 100 Mënscheliewen kënne betreffen, je nodeem ob een d’Familjen vu Patron/ne derbäi zielt oder net. De Statec probéiert, ze berouegen: bis ewell léiche mir e gudde Krack ënnert dem leschte Joer, dat – esou nierwebäi gesot- mat 1263 Faillitten absolutt Rekordjoer ass.
Wann de Statec also mat senger Bemierkung an d’Welt geet, datt vu Januar an August 500 Gesellschaften hu mussen zoumaachen, an datt dat der 150 manner sinn, ewéi fir déi nämmlecht Period zejoert, da muss een dat schonn an de richtege Kontext setzen. Fir mech gëlt haut nach eng aner Iwwerleeung: ass et tatsächlech eng Schan, wann engem säi Projet wirtschaftlech net gelongen ass?
Soll een als Bierger net am Géigendeel houfereg drop sinn, datt et an engem Land vun ofgeschützten Staatsbeamten nach couragéiert Leit gëtt, déi dee Sprong an d’Ongewëssheet riskéieren? Vun iergendwou musse jo d’Suen hirkommen, fir de Beamten hir Pai ze bezuelen! Oder solle mir eis nees méi op tax rulings konzentréieren?
Et muss een schonn e grousse Schotz Courage hunn, fir sech onofhängeg ze maachen, schliisslech kann keen ierdescht Wiesen am Kaffi’s-Mott liesen. Wien am Dezember zejoert seng Gesellschaft an d’Daf geholl huet, gouf zwee Méint duerch de CoVid iwwerrascht. Wien 2007 seng Gesellschaft gegrënnt hat, gouf Méint drop schonn vun der Bankekris méiglecherweis bis op de Callsson ausgedoen.
A wann een dann mol mat de Steieren hannendran ass an et freet een bei der Verwaltung fir en aneren délai, da kritt ee mol gären vun engem Beamten an d’Ouer geblosen:” Dat ass mir egal, wann Är Firma keen Ëmsaz mécht. Entweder Dir bezuelt oder mir kommen mam Dierwiechter!” Déi 5000 Euro Direkthëllef vum Staat am Confinement duerft een sech och dacks un den Hutt spéngelen!
d’Handelskammer huet duerchaus Recht, wann si an hirer leschter Publikatioun am MERKUR mat der Feststellung kënnt, datt et e groussen Ënnerscheed gëtt par rapport zur angelsächseger Liewensweis: en effet, contrairement aux pays anglo-saxons, la faillite est encore trop souvent considérée comme infamante au Luxembourg. L’entrepreneur qui subit une faillite est stigmatisé, souvent durablement voire à vie…”
De Patrick Ernzer gëtt ze bedenken, datt et sech bei 97 Prozent vun de Fäll net ëm eng faillite frauduleuse handelt. An anere Wieder, 97 Prozent ginn net fräiwëlleg an d’Faillite.
“….eng Regierungsprioritéit?…”
Et wär also héich Zäit, wann d’Politik elo endlech géif Gas ginn fir dat Lëtzebuerger Failliegesetz ze moderniséieren. E modernen Text misst geschriwwe ginn, dee vill Gewiicht op d’Preventioun leet, also mat engem Warnsignal fir jidder Gesellschaftler, deen am gaangen ass, wirtschaftlech an d’Mauer ze rennen an sech dees net onbedéngt bewosst ass. E modernen Text, deen d’Faillite net als Schan betruecht, ma je nodeem wéi, als Geleeënheet fir eng zweet Chance!
Wien elo mat enger S.A. eventuell wéinst dem Covid bankrott gemaach huet, sollt kënne vum Staat an och vun der chambre de commerce gehollef kréien, nees op d’eege Been stoen ze kommen a mat sengem Geschäftsmodell zeréck an d’Course ze goen. D’Regierung huet elo 7 Joer Zäit gehat, driwwer nozedenken. Ma schonn eng CSV a Juncker-Zäiten hat Grousses ugekënnegt, an et blouf bei eidele Sätz. An awer wier et gutt, wann d’Politiker elo endlech géinge liwweren.
En temps de crise sanitaire et économique, aider les entreprises à rebondir, c’est aussi aider le pays à rebondir.