op den internationale Mäert schloen d’Pëtrol- a Gaspräisser d’Kopplabunz. Dobäi gëtt et vu Béiden méi wéi genuch. Déi allgemeng Iwwerraschung war déi kräfteg Hausse vun der Weltwirtschaft no der Pandemie. Derbäi kënnt, datt déi fossil Energie ëmmer méi vu Säiten vum Staat taxéiert gëtt. De Moment ass denkbar ongënschteg!
Déi ganz europäesch Unioun hippt hannendran an der Entwécklung vun erneierbarer Energie, an aarme Länner wéi Rumänien a Bulgarien gëtt gefaart, datt d’Leit dëse Wanter wäerte musse vill schnadderen bei sech doheem. Esouguer an Däitschland hate schonn zejoert 2 Milliounen Awunner net genuch Suen, fir eenegermoossen anstänneg ze hëtzen!
An der Europäescher Unioun ginn et fatzeg Ënnerscheeder, wat déi erneierbar Energien betrëfft. Leader war am Joer 2018 Schweden mat bal 55 Prozent, duerno koumen Finnland a Lettland mat liicht iwwer 40 Prozent. Lëtzebuerg louch deemools un drëttleschter Plaz mat 9 Prozent an neierdéngs an den Alentouren vun 11 Prozent. Den Energieminister Claude Turmes weist ëmmer nees op de Wuesstem hin vum grénge Stroum, deen zanter 2013 gemaach goufen, also zanter dem Enn vum CSV-Staat.
Hien huet domadder net Onrecht, ma zugläich ginn déi Statistiken benotzt, fir net mussen zouzeginn, datt Wandmillen a Solar eleng och keng Zukunft hunn. An der Tëschenzäit huet Lëtzebuerg ronn 70 Wandmillen op sengem Territoire stoen an d’Zuel vun de Fotovoltaikanlagen ass op iwwer 7000 geklommen. Sinn et enges Daags 350 där Wandmillen? Esou beléift sinn si net an der Bevëlkerung! Sollen et 40.000 Solarinstallatioune sinn?
Natierlech bleift och an der grénger Industrie de Fortschrëtt net stoen. Bei de Wandmillen gëtt et de sougenannte Repowering, mat neie Rotorblieder, déi méi Wuppes hunn; dat nämmlecht gëllt fir d’Fotovoltaik. An nawell muss ee feststellen, datt och hei d’Beem net an den Himmel wuessen, ëmsou méi, wou kaum dermadder ze rechnen ass, datt de Verbrauch u Stroum wäert zeréckgoen. Éischter am Géigendeel!
d’Ëmweltministerin Dieschbourg wëll de klassesche Verbrennungsmotor am Léifste schonn an 9 Joer fir de Verkaf verbidden. Ass dat realistesch? Dat géing bedeiten, datt vun elo un d’Zuel vun de Batteriekutschen drastesch déit klammen. Allemol esou staark, datt Lëtzebuerg misst massiv säin Oeko-Stroum importéieren. Derbäi kënnt eng Industrie ewéi Google zu Biissen, e richtege Stroumfrësser, an et soll een och de Phenomen ALEXA net vergiessen!
De Stroumverbrauch geet an den nächste Joer drastesch an d’Luucht, esou staark, datt déi ablécklech 11 Prozent part de marché vun der erneierbarer Energie deen Ament proportionell mol keng 5 Prozent méi ausmaachen.
Sinn sech déi gréng Politiker dees bewosst? Ass et rationell, op den Atomstroum komplett ze verzichten? Ëmmerhin war dee leschte Wanter aussergewéinlech wéineg Loft, an d’Wandmillen bloufe gréisstendeels stoen.
Ass Lëtzebuerg dorobber preparéiert, wann dann enges Daags sollten Owes tëscht 5 a 7 Auer 100.000 Elektroween un d’Stroumdous ugeschloss ginn, fir se ze lueden? Déi nämmlecht Fro gëllt fir ganz Europa. Ëmmer méi Experten maachen sech Suergen ëm e black out vum Stroumreseau!
Den Ament gëtt de Stroum -nieft Kuel an Atom- nach dacks aus der Gasenergie gemaach. De Präis vum Gas klëmmt dëst Joer a verschiddene Länner ëm bis zu 200 Prozent, zu Lëtzebuerg viraussiichtlech ëm 50 bis 70 Prozent. Den Äerdgas ass elo schonn um hollännesche Referenzmaart TTF zéngmol esou deier ewéi de leschte Summer. Parallel zum Gas gëtt och de Stroum méi deier!
Dobäi kasséiert de Staat kräfteg mat, schonn zanter jeehier a besonnesch zanter dem leschte Joer mat enger spezieller Klimatax.Huele mir als Referenzpräiss fir den Diesel 1,376 Euro. An deem Präis si mat aberechent 40,4 Cent als Accisen an 23,39 Cent als TVA(17). Am Ganzen also 63,79 Cent fir de Pappa Staat. Géing hien sech net an de Maart amëschen, géing de Liter Diesel 0,738 Euro kaschten, also bei wäitem manner deier wéi Vittel, Evian a Co!
Derbäi kommen an dësen Iwwerleeungen déi sougenannten Emissiounszertifikater fir d’Betriber. Si mussen sech domadder fir hir CO2-Emissiouns-Sënnen fräi kafen. Joer laang goufen des Zertifikater gehandelt fir ëm déi 10 Euro pro Tonn; an der Tëschenzäit awer goungen si bis op 60 Euro an d’Luucht, eng gewalteg Hausse! Och déi muss an der Präisspiral mat a Betruecht geholl ginn. Mä, d’Klimasënner musse jo bestrooft ginn.
D’Handelsblatt kënnt zur Konklusioun: was abstrakt klingt, bedeutet nichts anderes als: die Preise werden in die Höhe schiessen!. Dat däitscht Institut fir Wirtschaftsfuerschung huet ausgerechent, datt eng Famill déi um Duerf lieft an déi op zwee Autoen ugewisen ass, dëst Joer muss 1800 Euro méi fir de Sprit bezuelen. Leit mat engem klenge Portmonni hëllt een domadder eigentlech de Führerschäin ewech!
Gutt datt de Mënsch d’Sonn huet! Déi kascht näischt. Si bréngt allerdéngs och net vill, nach net. Beispill Däitschland:
Krass ass et an engem Land wéi Polen:
D’Geschäft mat der Loft goung an den éischte 6 Méint vum Joer an Däitschland ëm 7 Prozent zeréck. A well eisen Noper geschwënn all d’Atomzentralen zoumécht, gëtt d’Energie an Zukunft net méi propper, ma méi knaschteg, nämlech duerch méi Gas a Kuel. Gutt geschafft. Ma virun allem gëtt si méi deier.
Et ass elo de Moment, fir op d’Bourse ze goen, oder an Hedge-Fongen ze investéieren. Gresham Investment Management setzt op en äiseg kaale Wanter. Esou kënnen déi eng an der Schlofkummer schnadderen, déi aner d’Schäiner zielen.
Goung do net vu sozialer Ausgläichung Rieds? Iwwer al dëst huet de Premier gëschter a senger u sech gudder Ried iwwer den Zoustand vun der Natioun net geschwat. D’Land krut mol e Klima-Biergerrot an Aussiicht gestalt. Jee nodeem, just Sand an d’Aen. Politesch Ideologie geet vun enger Elite aus, d’Rechnung ass fir déi aner!