ass d’Liewen an der Gesellschaft zu Lëtzebuerg manner sécher ginn? An anere Wieder: ass et méi geféierlech ginn, sech ënnert d’Leit ze mëschen? Am Do, an der Nuecht? D’Meenungen ginn auserneen, ëmmer mam Verweis, datt jidder Eenzelem seng perséinlech Interpretatioun vum eegene Sécherheetsgefill nëmme subjektiv ka sinn. Mä, aus der Politik a vun der Police kommen dach Signaler, déi een oplauschtere loossen.
Huet net do den zoustännege Polizeiminister ugekënnegt, datt d’Police Grand-Ducale an den nächsten 3 Joer ëm 800 Unitéiten soll opgestockt ginn?
Wann dee verréckte Chiffer soll justifiéiert sinn, da bedeit dat jo wuel, datt si noutwendeg sinn, fir ënnert anerem zu méi Sécherheet an der Gesellschaft bäizedroen. Déi 800 gutt bezuelten Fonctionnairen gi jo kaum agestallt, fir hannert dem Kolonnenuewen d’Daimercher ze dréien!
An hat net do d’Police selwer ganz rezent op hirer Internetsäit net den Appell gemaach un d’Adress vun de Fraen, Owes spéit net eleng erauszegoen? Dat huet sech alarmistesch unhéieren. De Message – dee kuerz drop vun der Säit verschwonne war-, hat fir Stëbs gesuergt, och an der Politik. D’Haaptstad geet politesch hiren eegene Wee a gouf haut an hirer démarche bestätegt.
et erënnert ee sech. De Schäfferot ronderëm d’Buergermeeschteg Lydie Polfer ass op Krichsfouss mam Ministère fir bannenzeg Sécherheet, fir d’éischt mam François Bausch, duerno mam Henri Kox. Déi zwee gréng Politiker wieren sech dergéint, datt d’Haaptstad privat Sécherheetsfirmaen duerch Stroossen a Gaassen patrulléiere léisst, mam Argument: d’Sécherheet fält exklusiv an de Beräich vun der Police, a souwisou wär d’Situatioun net därmoossen dramatesch.
De Schäfferot wollt et schwaarz op wäiss hunn an huet e Sondage maache gelooss bei iwwer 500 Bierger, Awunner a Kommerzanten. Resultat: 80 Prozent vun de Gefroten sinn der Meenung, datt hiert Sécherheetsgefill an der Lescht zeréckgoung. Gläich 40 Prozent soten, datt si selwer schonn emol enger méi geféierlecher Situatioun konfrontéiert waren. Also bal 1 vun 2! An 68 Prozent, also ronn zwee Drëttel begréissen d’Presenz vun de Leit aus Sécherheetsgesellschaften.
Aus 500 subjektiv Meenungen entsteet als Endresultat net onbedéngt Objektivitéit an hirer puerster Form. An awer soll een dëse Sondage eescht huelen. Also geet de politesche Klengkrich mam Minister Kox weider; d’Gemeng Lëtzebuerg erweidert den Aktivitéitsréseau vun de Privatgesellschaften, déi geschwënn sech och a verschiddene Stroossen zu Bouneweg wäerte weisen.
Um Henri Kox ass et, esou séier ewéi méiglech fir Verstäerkung vun den eegenen Truppen ze suergen. Dat dauert Joer, bis dee Leschten vun den 800 Rekrutten säin Examen gepackt huet…