Fënsteren sinn dofir do, de Muuscht erauszeloossen, Fënsteren sinn dofir do, d’Suen erauszegeheien! Dat si mir zu Lëtzebuerg esou gewinnt, wou d’Staatsfinanzen zu iwwer 50 Prozent vum Finanzzentrum ofhängeg sinn. Steiersuen gi verschleidert. Mir wëssen dat, ma reegen eis dofir net op. Mir hunn et jo!
Dee labberen Ëmgang mat de Steiersuen – vu Betriber a v Privatpersounen- gouf a gëtt vun alle politesche Parteien praktizéiert. Et stellt een allerdéngs haut fest, datt d’Politik wäit ewech ass vum Grondgedanken dee vu Gambia I lancéiert gi war mat iwwer 150 Spuermoossnamen.

Villes gouf gratis: ëffentlechen Transport, Betreiung vun de Kanner. Do kann een zegutt halen, datt de Bierger eng Ristourne kritt, datt hien eppes dovunner huet. Et ginn aner, munchmol komplett onsënneg Beispiller, wou d’Suen wéi mam Mëschtgreef ausgedeelt ginn. De Bus ass gratis. OK, firwat net? Ma dacks ass dee Bus stonnelaang eidel, an et freet een sech firwat grad deen eidele Bus ausgerechent esou grouss ausgefall ass! Question de fric?
Ma och sos sinn dacks Maschinnen am Asaz, déi verschidde Gemengen guer net bräichten! Si sinn schéin, si sinn performant, si maache Knascht a virun allem: si kaschten enorm Suen, Steiersuen. De Marc Thoma goung där Saach no. Säi Reportage war op apart TV an ass och op dëser Säit ze gesinn.

Lëtzebuerg ass wäit ewech vu Spuerpolitik, eppes op d’Säit leeën, den Apel fir den Duuscht an Zäiten, wou d’Geld net méi esou flësseg ass. Et géing een net mengen, datt Krich an Europa ass. An déck 10 Méint sinn Gemengewahlen…esou lues fänkt d’Trottoirspolitik un, an och déi schléit an d’Geld!!
Vill Spass beim Video!