Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

De Mord zu Bouneweg a seng Fortsetzung 

De Mord zu Bouneweg a seng Fortsetzung
Image par jraffin de Pixabay

De leschte 26. Januar koum et zu Bouneweg zu Gestreits ënner Jugendlechen. D’Gemidder musse ganz héich gekacht gewiescht sinn, et gouf eng physesch Ausernanersetzung, bei där e Student vun 18 Joer déidlech mat engem Messer blesséiert gi war. Zimmlech séier huet d’Police zwee Mannerjäreger interpelléiert an déi zwee jonk Borschten op Dräibuer gefouert. Dee Mord krut elo en erstaunlechen Dréi!

De Parquet huet sech bis dato extreem a sengen Aussoen zeréckgehalen. Éischtens gëllt d’présemption d’innocence an zweetens handelt et sech bei de Verdächtegen ëm Mannerjäreger, déi virun der Ëffentlechkeet musse geschützt ginn. A grad den Alter spillt op engem anere Plang mat.

Dee jonke Mënsch vu 17 Joer gouf nämlech an der Tëschenzäit volljäreg. Hie krut seng 18 Joer…an ass op fräiem Fouss! Den Ament mol en attendant en eventuelle Prozess. Ech hu mir dat confirméiere gelooss. Wee volljäreg ass, kann net zu Dräibuer bleiwen, dat ass plausibel. Zugläich kann de Mann net op Schraasseg bruecht ginn wéinst enger Enquête, déi géint hien ugefaange gouf zum Ablack, wou hien nach net seng 18 Joer hat.

Esou ass et am Gesetztext virgesinn. A Polizistekreesser klappen se vu Begeeschterung an d’Hänn a rëselen de Kapp, ma net nëmmen do: et heescht, datt de Parquet de Justizministère schonn zanter Joer op dës Lacune am Gesetz higewisen hat, deen awer näischt ënnerholl huet. Elo läit d’Kand am Pëtz!

D’Reaktioun no dëser Publikatioun: 3 Stonnen drop koum d’CSV mat enger parlamentarescher Fro an zwar mat pikanten Detailer. Radio Lëtzebuerg huet 70 Stonne gebraucht, fir sech dës Fräiloossung vun där besonnescher Zort confirméieren ze loossen: an der Justizkommissioun hu sech Parlamentarier an och d’Ministesch Sam Tanson konsternéiert gewisen. Wéi séier deem Remedur geschafe gëtt, bleiwt ofzewaarden. Hei mol déi éischt QP vun der CSV….

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, wéilte mir eng drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch betreffend de Placement
vu kriminelle Mannerjärege stellen.

De 26. Januar 2021 koum et zu Bouneweg zu engem déidleche Virfall. Bei enger Ausernanersetzung tëscht Jugendleche gouf ee jonke Mann vun 18 Joer erstach. Kuerz nom Virfall ginn 2 Jugendlech vu 15 a 17 Joer interpelléiert a vum Untersuchungsriichter an d’UNISEC op Dräibuer placéiert.

Engem online Artikel no, ass mëttlerweil awer mindestens ee vun deenen 2 deemools Mannerjäregen (mëttlerweil groussjäreg) aktuell nees op fräiem Fouss.

Duerfir wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Ministesch riichten:

  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass mindestens een vun deenen 2 Jugendlechen nees op fräiem Fouss ass?
  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass laut aktuellem Jugendschutzgesetz no der provisorescher “mesure de garde”, déi den Untersuchungsriichter ordonéiert, de Jugendriichter am Prinzip, déi geriichtlech Instanz ass, déi iwwer weider Moossnamen decidéiert?
  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass laut aktuellem Jugendschutzgesetz ee Placement an der UNISEC no Vollendung vum 18. Liewensjoer weidergefouert ka ginn (ofhängeg vun der Gravitéit vun der Dot bis 21 respektiv 25 Joer)?
  • No wéi enge Krittären hëlt de Jugendriichter dës Entscheedungen? Ass et méiglech, dass de virgenannte Jugendlechen nees huet misse lafe gelooss ginn, well keng Plaz méi an der UNISEC zu Dräibuer war (3 Plaze pro Block bäi insgesamt 4 Bléck), woubäi ee Block fir Meedercher fräi gehale gëtt) respektiv béid Delinquenten net konnte beienee placéiert ginn an dat zu engem Enkpass gefouert huet? Gouf eventuell verpasst den Openthalt mat Zäit ze verlängeren?
  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass eng “fréizäiteg” Entloossung no sou enger uerger Dot dee richtege Message ass ?
  • Wéi gedenkt d’Madamm Ministesch sou Situatiounen an noer Zukunft ze evitéieren?

Här Fernand Etgen President vun der Chamber

Lëtzebuerg, de 5. Juli 2021

• De Fall gesat, de Jugendriichter ass averstanen, dass de Mannerjäreger (deen um Punkt ass, fir d’Groussjäregkeet ze erreechen) der normaler Strofprozessuerdnung no poursuivéiert a jugéiert gëtt, misst dëse Jugendlechen net dann och kënnen op Schraasseg placéiert ginn, zumindest da wann e bis Volljäreg ass?

Mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Gilles Roth Laurent Mosar Deputéierten Deputéierten

 

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *