Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

E Skandal an der Mobilitéit! 

E Skandal an der Mobilitéit!

Ech beruffe mech op e Lieserbréif vun haut am Lëtzebuerger Wort (Kein Gratistransport für Behinderte) an och op Persounen, déi selwer concernéiert sinn. Den zoustännege Minister Bausch schreiwt a senger Aentwert op eng parlamentaresch Fro, datt den ADAPTO-Bus de facto ofgeschafen ass; hie fiert nach just fir déi Behënnert, déi mam Bus op d’Aarbecht fueren. Grousse Wow! An Zäiten, wou mir d’Suen zur Fënster geheien, fir den öffentlechen Transport gratis ze maachen fir jiddereen, gëllt dat an engem Siess net méi fir déi Leit, déi handikapéiert sinn. Wann een an der Logik bleiwt vum Minister, missten d’Pensionären dann och fir den normale Bus bezuelen, well si jo net méi schaffe ginn.

Iwwerhaapt ass déi doten Decisioun décke Quatsch. Handikapéierter mussen nun emol méi dacks bei den Dokter oder den Therapeut, a sinn op dee Bus ugewisen. Sécher, wann een net ze vill behënnert ass, kann een den Taxi huelen a sech vun der CNS rembourséiere loossen, ma do ass e Maximum vun 20 Taxi-Fahrten virgesinn, an et gëtt richteg deier, ganz dofunner ofgesin, datt déi betraffe Persoun muss d’Suen virstrecken an 3 Woche muss waarden, ier d’Geld zeréckkënnt.

Deen Adapto-Bus war fir d’Leit och an deem Sënn wichteg, trotz Behënnerung nach e Minimum mobil ze bleiwen. Dat gëllt zum Beispill fir e Blannen, deen et schwéier genuch huet, an nawell wëll d’Liewe genéissen. Dat gëllt fir Leit mat Parkinson, déi méi wéi anerer wëssen, datt hir Deeg mat engem Minimum u Mobilitéit gezielt sinn an déi also vun hierer Reschtzäit esou vill an esou gudd wëlle profitéieren, wéi méiglech.

Et kéint een elo aner Beispiller uféieren, ma ech mengen, jiddereen weess, ëm wat datt et geet. Et kann a mengen Aan einfach net sinn, datt mir den ëffentlechen Transport grouss opmaachen fir jiddereen, ausser fir déi Behënnert. Den ADAPTO ass zanter net grad 4 Joer souwisou nëmmen zougänglech fir Persounen, déi eng schwéier Behënnerung hunn an déi irréversibel asss. Et gëtt also domatter net den Uuz gedriwwen, de Bus gëtt vu Leit benotzt, déi op deen ugewise sinn. Elo huele mir deen hinnen ewech?! Eng Frechheet! Sollen ieren all déi Leit dem Bausch säin Tram huelen?

Ech erënneren nach emol drun: e MINISTER ass en “DIENER”, deen am Interessi vum  Vollek ze schaffen huet. De Moien op radio Lëtzebuerg, kee Wuert vum Bausch iwwer den Adapto, dofir laang Tiraden iwwer d’Radaren, wou ausgerechent zejoert extreem vill Persounen hiert Liewen op de Stroosse gelooss haten. Sic!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *