Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Justiz

Wat Saachen! A kee Schaf fir se dran ze maachen! 

Wat Saachen! A kee Schaf fir se dran ze maachen!
Photo de Sora Shimazaki provenant de Pexels

Prozesser um Geriicht kréien munchmol eng Eegendynamik. E fréiere Riichter an en Affekot kruten virun 10 Deeg um Tribunal de Prozess an enger Affär vun Tutelle gemaach. Dobäi huet dee fréiere Riichter vun engem pensionéierte Polizist geschwat, deen de “compagnon” ass vun der Procureur générale d’Etat Martine Solovieff, an hie wier als Riichter méi wéi eng Kéier vun deem Polizist approchéiert ginn. A Batsch! Schonn ass d’Saach politesch!

Um Mëttwoch Moien war déi parlamentaresch Justiz-Kommissioun beieneen. Quasi um Enn vun där Viseo-Konferenz huet den CSV-Vertrieder Leon Gloden d’Justizministesch op en Artikel vun reporter.lu ugeschwat, deenen als eenzeg Journalisten d’Aussoen am Prozess opgefall waren.

Le prévenu a raconté comment il avait été contacté par un policier à la retraite, compagnon de la procureur générale Martine Solovieff dans la vie privée, pour se voir confier des mandats judiciaires. Sandro Luci dit avoir également abordé dans le parking de la Cité judiciaire par cet interlocuteur qui lui a fait part de son mécontentement au sujet des rémunérations des mandats de tutelle.

Compagnon? Dat ass op Lëtzebuergesch de Liewenspartner. Wann ech dem Riichter gleewen – firwat eigentlech net?- hätt dee Polizist a.D. Drock gemaach, fir engersäits méi Affären zougeschoustert ze kréien, anerersäits fir besser bezuelt ze ginn! Dat wär schonn e staarkt Stéck! Déi Ausso huet sech wéi Feier an der Cité judiciaire verbreet a war och déi Deeg duerno Gespréich an de Stater Gaassen.

D’Justizministesch Sam Tanson gouf wéi gesot doropper an der Kommissioun ënner dem Punkt divers ugeschwat. Si soll äusserst genéiert reagéiert hunn. Si hätt näischt esou héieren, si hätt och net den Artikel vu reporter.lu gelies; si géing dat nohuelen a kéim bei der nächster Geleeënheet op d’Geschicht zeréck. Si hätt also näischt gewosst? Da musse mir hier dann gleewen, och wann et schwéier fält.

A politesche Kreesser gëtt hir Reaktioun natierlech aneschters interpretéiert. Si wéilt Zäit gewannen! Dobäi ass jo net si zoustänneg, responsabel fir de modus vivendi vum Compagnon vun der Madamm Solovieff. An dach ass si elo an där penibeler Situatioun, fir mussen ze reagéieren, Récksprooch mat der Procureur ze huelen an den Deputéierten an der nächster Kommissiounssëtzung Ried an Äntwert ze stoen.

De pensionéierte Polizist fir säin Deel muss sech Doheem wuel an Uecht huelen virum Nuddelholz!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *