Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Divers

Europawahlen: langweileg, an awer grouss Virwëtztut 

Europawahlen: langweileg, an awer grouss Virwëtztut
Image parGerd Altmann de Pixabay

Viru 5 Joer war d’Situatioun zu Lëtzebuerg eng ganz aner ewéi haut: deemols war d’Land politesch an Zwee gespléckt. D’Joer virdrun nämlech hat de Grand-Duché seng éischt Regierung krut, déi net aus zwou, ma aus dräi Parteien besteet; d’CSV, ëmmer nach bei wäitem stäerkste Partei, gouf fir d’éischte Kéier zanter 40 Joer an d’Oppositioun geschéckt. D’Roserei war och grouss, well Gambia 1 groussspuereg Spuermoossnahmen ugekënnecht hat an d’Wirtschaft mat enger Hausse vun der TVA begléckt hat. Déi Situatioun op nationalem Plang huet sech op europäeschem Niveau erëmgespijjelt, ëmsou méi, wou de Jean-Claude Juncker kandidéiert huet fir de Posten als Kommissiounspresident. D’CSV koum op 37,65 Prozent, ass gläich 3 vun de 6 europäesche Mandater. Ofgestrooft goufe virun allem d’Genossen:si goungen zeréck vun 19,49% op 14,77%

 

D’ Situatioun huet sech an der Tëschenzäit geännert. D’CSV goung aus de leschte Chamberwahlen als Verléirer ervir a gouf eng zweete Kéier an d’Oppositioun geschéckt. Vrun allem awer huet Gambia 1 + 2 déi grouss Strenz erausgeholl: Steierreform, gratis ëffentlechen Transport, gratis Crèchen…esou datt d’Roserei vu viru 5 Joer bei ville Wieler verflunn ass. Doniewt huet sech d’CSV vum Drock vun der Ëffentlechkeet, besonnesch vun de Medien, an den Eck drécke gelooss, fir mat enger Wahllëscht ze kommen, op där lauter nei Gesiichter kandidéieren, ouni een eenzegen Deputéierten, ouni een eenzege fréiere Minister. Dat alles wäert d’Partei Stëmme kaschten, et ass mat engem Verloscht vun op d’mannst engem Sëtz ze rechnen, wann net esouguer mat zwee. Et ass d’Fro, u wat fir eng Partei geet deen ee Sëtz, deen déi Chrëschtlechsozial mat Sécherheet verléieren? Un d’DP, déi bis ewell eng gudd Campagne mécht, oder awer un d’ADR, wou de Gast Gibéryen als grousse Sympathieträger kandidéiert?

Image parJai79 de Pixabay

 

N o de Wahlen ass virun de Wahlen! Wann d’Bierger gewielt hunn, geet et drëm, d’Kaarten nei ze mëschen an et bleiwt ofzewarden, wéi de Matsch ausgeet tëscht dem Europaparlament an dem Conseil vun de Staats- a Regierungscheffen. Viru 5 Joer hat d’Parlament zu Strosbuerg ( a Bréissel) sech duerchgesat: Kommissiounspresident gouf den Här Juncker, well hien mat der EVP aus där stäerkste Fraktioun koum. Dogéint wieren sech d’Regierungscheffen, déi der Meenung sinn, et wier un hinnen, d’Posten ze verdeelen. An do héiert een ëmmer méi dacks, datt och op europäeschem Niveau kéint probéiert ginn, déi stäerkste Fraktioun politesch auszebremsen, also d’EVP souzesoen duerch eng europäesch Gambia an d’Oppositioun ze schécken. Et ass tatsächlech derfunner auszegoen, datt déi grouss klassesch politesch Bléck – an der Haaptsaach Konservativ a Sozialdemokraten- wäerte massiv Stëmmen ofginn un déi nei Gruppementer un den extreeme Borden, à la Salvini, Le Pen& Co. Jenodem, wéi fatzeg déi Verloschter ausfaalen, ass eng Allianz Gambia super plus net ausgeschloss, mat deene Rouden, Knallrouden, mat Bloen a Gréngen. Dat géif dann verkaaf ginn als neien Ufank, fir eng nei europäesch Politik.

An et ginn och scho fatzeg Rumeuren! De franséische Staatspresident Macron geséich zum Beispill ganz gutt de Lëtzebuerger Premier an der Roll als Conseilpresident, mat sengen zwee Virdeeler: de Xavier Bettel kënnt aus dem liberale Lager an ass Lëtzebuerger, also e Vertrieder aus engem klenge Land, dat politesch kee grousst Gewiicht huet. Ma wéi gesot, just Rumeuren. E bësselchen hänkt et jo awer nach of, wéi dëse Sonndeg gewielt gëtt….

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *