Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Léiwen Här Staatsminister 

Léiwen Här Staatsminister

erlaabt mir – éier ech zum Sujet kommen- déi heite kleng Aféierung.

Et dierften elo ëm déi 40 Joer hir sinn, datt ech zwou table-ronden op Radio Lëtzebuerg gemaach hat, matt Homosexuellen iwwer d’Homosexualitéit, iwwer hir Probleemer doheem an an der Gesellschaft. Dir kënnt Ierch virstellen, wat dat deemols am aerzkonservative Lëtzebuerg fir en Zirkus bedeit huet! D’kathoulesch Kierch huet sech opgereecht, en CSV-Deputéierten huet eng parlamentaresch Fro gestallt, de Staats- a Medieminister Pierre Werner huet am Plenum d’Wuert ergraff, d’Halschecht vum Land huet sech d’Fro gestallt, ob ech net ieren och “esou een” wier. Ech kruut an der Ëffentlechkeet just d’Ënnerstëtzung vum DP-Journalist Rob Roemen a vum LSAP-Journalist Mars di Bartolomeo. Gut Ding will Weile haben: 40 Joer duerno ass fir déi allermeeschte Leit d’Homosexualitéit eng “normal Saach” an et ass gutt, datt déi lénks Fraen a Männer sech kënne pacsen, jo esouguer bestueden. D’Akzeptanz ass an der Populatioun och zu Klengwäinheffen gréisstendeels ukomm, an ech sinn houfereg, matt dozou bäigedroen ze hunn. Ech schreiwen Ierch dëst, fir meng Positioun a Saachen Homosexualitéit z’ënnermaueren, an awer och wéinst Iwwerleeungen, déi ech mir maachen zanter Aerem “Boykott” an der israelescher Ambassade.

dir hutt refuséiert, der israelescher Ambassadrice offiziell Aeddi ze soen, well kuerz virun deem Evenement den israeleschen Edukatiounsminister gemengt hat, an engem Interview mussen ze soen, déi Homosexuell sollten sech duerch Konversiounsgespréicher souzesoen zu der Heterosexualitéit ‘konvertéieren’! E staarkt Stéck! Ech si ganz bei Ierch, Här Staatsminister, zu dausend Prozent. Ech ginn a kee Land meng Vakanz verbréngen, wou haut nach (sic) déi Homosexuell verfollegt a munnechmol zum Doud veruurdeelt ginn; grad esou wéineg ginn ech a Länner, wou d’Doudestroof nach besteet- an anere Wieder, ech beweege mech gréisstendeels op europäeschem Buedem, obwuel och do d’Äis munnechmol dënn ass, wéi zum Beispill a Polen. Ech verstinn Ierch als Xavier Bettel duerchaus! Mir sinn do op enger Linn, wär do net dee groussen Ënnerscheed, datt ech e pensionéierte Journalist sinn an Dir Staatsminister sidd! Deen Ënnerscheed ass tatsächlech net kleng, well, am Contraire zu menger Wéinegkeet vertrëtt Dir d’Interessi vum Land, an do wërft Aere spontane Boykott dach déi eng oder aner Fro op.

Datt Dir Ierch Zudéifst getrëppelt gefillt hutt, kann ech novollzéien. Ma soll aus där perséinlecher Reaktioun elo een – wéi soll ech soen- politescht Leitmotif fir déi national Politik entstoen? Lëtzebuerg géing seng politesch- an domatter och seng wirtschaftlech- Relatioune matt Länner stoppen, wou d’Homosexualitéit nach ëmmer net unerkannt ass oder bestrooft gëtt? Ech perséinlech géing et jo begréissen, ma ech ka mir et net virstellen. D’Realpolitik ass ëmmer nach déi beschte Medezin, an esou wéi d’Leit zu Klengwäinheffen 40 Joer gebraucht hunn, fir vun alen an däischtere Virurdeeler lasszekommen, esou wäerten och d’Leit zum Beispill zu Teheran hir Zäit brauchen. Erlaabt mir e Verglach ze maachen: wéi ech ugefaangen hu matt Schaffen, waren déi Dammen Colette Flesch a Lydie Polfer – allebéid aus Aerer politescher Bluttgrupp- an der Politik ukomm, déi eng, Ausseministesch, déi aner stater Buergermeeschteg. Kenger vun den zwou Madammen wir et an de Kapp komm, vu Boykott géint e Land ze schwätzen, an deem d’Fraen sech op den triple K spezialiséieren: Kichen, Kanner, Kierch. Déi zwou Fraen goungen hire politesche Wee, et sin anerer nogezunn, bei eis an och a Länner, déi méi spéit u waren ewéi de Grand-Duché.

 

ech sinn also bei allem Versteesdemech fir Ierch perséinlech der Meenung, datt Dir, wat d’Homosexualitéit ugeet, net sollt als Staatsminister e perséinleche Casus belli maachen. D’Interessi vum Land komme virun Aer perséinlech “états d’âme”! Dir selwer sot jo “ech si frou, an engem Land ze liewen, wou déi Homosexuell sech kënne bestueden” an ech schléisse mech deem gären unn. Ma vergiesst net, Här Staatsminister, datt dee Wee gutt seng 40 Joer gebraucht huet an datt et nach haut och bei eis zu Lëtzebuerg nach ëmmer däer gëtt, déi d’Homosexualitéit ‘aneschters‘ gesinn: Viruurdeeler, déi sech an der Gesellschaft verfestecht hunn, brauchen Zäit, vun hirem Anker lass ze kommen..

Dëse klengen “diplomateschen Tëschefall” war um Ufank vun der Congésperiod. Ech zielen op Aere Versteesdemech, datt ech Ierch net éischter geschriwwen hunn. Fir de Rescht hoffen ech, datt Dir eng schéi Vakanz matt Aerem Mann hat a verbleiwen mat héigem Respekt.

Guy Kaiser

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *