D’Geschäft mat der Panik

0
11565
image credits: pixabay

am spéide Fréijoer 1995 huet d’Pëtrolgesellschaft Shell decidéiert, hir Pëtrolplatform Brent Spar am Mier ënnergoen ze loossen.Déi britesch Regierung gouf hieren Accord an hat all déi aner Memberlänner aus der europäescher Unioun informéiert. Keen eenzegt Land hat eppes ze meckeren! Greenpeace huet et thematiséiert an huet vun engem Geheimdokument geschwaat: deen Ament, wou d’Platform an d’Mier erofgelooss gëtt, wieren nach 5500 Tonne Pëtrol an hiren Installatiounen, eng Katastroph fir d’Ëmwelt! Virwaat Shell esou vill Pëtrol, am Wäert vun iwwer eng hallwer Millioun $ géing zeréckloossen, gouf net gefroot, ma et gouf direkt als Skandal un d’grouss Klack gehaangen.

“…Bei Shell koumen Menacen eran vu Bommenattentater…”

De 14. Juni gouf op eng Bensinstatioun zu Mörfelden-Walldorf geschoss, den Dag drop huet et op enger Statioun bei Hamburg gebrannt, soudatt d’BILDzeitung konnt tittelen: “Erste Tankstation brennt!”. Mä, déi ganz Press huet sech deemols entsaat gewisen, ouni och nëmmen eng Sekonn d’Informatiounen vu Greenpeace a Fro ze stellen. De Spaass huet 3 Méint gedauert, bis Ugangs September de Greenpeace-Bureau vu London mat engem kuerze Communiqulé koum: mir hunn eis gëiert!

F.A.Z. (Frankfurter allgemeine Zeitung) koum zu der Konklusioun: och Greenpeace ka sech ieren! Et haat sech a Wierklechkeet ëm eng gutt Inszenéierung gehandelt vun engem PR-Gag, bei deem op en Hoer Mënschen ëm d’Liéwe komm wären. D’Recetten vun der Ëmweltorganisatioun waren nämlech réckleefeg, d’Joer virdrun hat de Konzern 90 Mattaarbechter mussen entloossen! Hätt d’Presse méi kritesch nogefrot, wier dee ganzen Tralala vu Greenpeace opgeflunn; ma esou konnt d’Organisatioun mat fette Recette rechnen, well bannent deenen dräi Méingt goungen d’Spenden natiirlech poulriicht an d’Luut.

 

Mech perséinlech hat d’Affaire als Journalist esou markéiert, datt ech nach haut extreem skeptesch sinn vis-à-vis vun ‘Netregierungsorganisatiounen’ (ONG), déi di schlecht Gewunnecht hunn, sech selwer als dee Gudden duerzestellen, an déi aaner, déi net op hirer Ligne leien, als déi Béis. Dobäi handelt et sech och just ëm multinational Konzerner: Greenpeace schäffelt pro Joer 360 Milliounen Euro eran, Oxfam kënnt op 1,15 Milliarden! Et muss ee bedenken, datt esou ONGën och musse Gewënn maachen, deen aleng duerch Spenden entsteet: deementspriéchend grouss ass den Drock, fir op sech opmierksam ze maachen, an dat mécht sech am Bäschten duerch Alarmismus a Skandaler.

Den Onlinemagazin “Buzzfeed”  huet rezent geschriwwen, de WWF géing an enger Partie Länner paramilitäresch Gruppen ënnerstëtzen; bewisen ass dat net, par contre huet sech Oxfam derfir entschëllegt, datt eng Partie vun hiere Mataarbechter op Haiti sech sexuell u Fraen vergaangen haten. Et ass kloer, datt esou trauereg Tëschefäll leider ëmmer an enger esou grousser Organisatioun kënne virkommen, mécht nervt et awer, wéi wéineg an der internationaler Presse doriwwer rapportéiert gëtt! De Lobbyismus vu Shell a Co gëtt als Sauerei dohinnergestallt, iwwerdeems deen vun enger ONG e Loorbeerkranz opgesaat kritt.Léiwer eng Säit Panik, wéi eng hallef Säit faktesch Opklärung!

Net-Regierungsorganisatioune kënnen an der Gesellschaft duerchaus eng wichteg Roll spillen. Wat allerdéngs net däerf bedeiten, datt mir alles onkritesch musse gleewen, wat vun deenen Organisatiounen verzaapt gëtt.D’Zeitung DIE WELT huet den 19. Mäerz 2019 getittelt: “Apokalypse muss man sich leisten können”. Am Artikel gëtt e.a. drop higewisen …’es gibt immer weniger Schadstoffe in der Luft, aber immer mehr Furcht vor ihnen…Im Licht steigender Lebenserwartung, wachsenden Wohlstandes, fallender Sterblichkeit, ständigen technologischen und sozialen Fortschrittes verordnen Schwarzseher Panik.(…)Das Einwerben von Spenden zur Gewissensberuhigung  ist für Moraldienstleister wie Greenpeace, Foodwatch und die deutsche Umwelthilfe und deren hauptamtliche Moraklapostel ein  ertragreiches Geschäft.”

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here