Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

E Bréif un déi Gréng: méi Bësch fir manner CO2? 

E Bréif un déi Gréng: méi Bësch fir manner CO2?
Image par Picography de Pixabay

 

De François Zeien huet a sengem perséinlechen Numm e Bréif un déi Gréng geschriwwen.

Fir datt seng Iwwerleeungen esou vill ewéi méiglech gelies ginn, huet hie mech gebieden, dat Schreiwes och op mengem Site ze publizéieren. Deem Wonsch kommen ech gären no, ëmsou méi, wou dëse Site geduecht ass als Forum fir déi verschiddenst Meenungen an Iwwerzeegungen. An d’Iddi, déi de François Zeien hei presentéiert, mécht duerchaus Sënn a gëtt menger Meenung no vu ville Leit gedeelt. Hei säi Bréif:

 

Gudden Owend déi gréng

Ech schreiwen Iech un an méngem perséinlechen Numm.

Dir wëllt Alternativen, fir den CO2 ze bekämpfen? Dann gin ech Iech gären eng. An déi ass fir jidfereen rentabel, an keen giff sein Gesicht verléiren.

Also, et ass ganz einfach. Et ass gewosst, dass an der Natur alles, waat Fotosynthese mëcht, den CO2 bënnt, an Sauerstoff doraus produzéiert, waat fir all Liewen op dësem Planéit wichteg ass.

Wéi wir et dann, wann dir, amplaaz eng CO2 Steier anzeféieren, gifft eng Étude an Optrag gin, wou soll ausgerechnet gin, wéivill Beem an aaner Pflanzen missten an Lëtzebuerg gepflanzt gin, fir dass Lëtzebuerg CO2 neutral wir, an wéivill Fläch een dofir bréicht, an wou et ideal wir, déi ze maan?

Ech wees, daat kascht erëm Suen, mee et wir dowaert. An dann gift dir daat subventionéiren, wann Leit op hiren Flächen Natur unpflanzen? Daat wir méi sënnvoll wéi eng CO2 Steier.

Dir nennt Iech jo “Déi Gréng”? Mat deem Projet gifft dir ärem Numm méi wéi erëm gerecht gin.

Daat giff och eventuell Zäit erausschloen, fir d’Kannerkrankheeten vum Elektroauto wéi Tesla auszekuréiren, fir den Leit eng sëcher Alternativ unzebidden, wou keen muss färten, bei engem Accident duerch eng Batterieexplosioun an Stécker gerappt ze gin, respektiv dass den Auto beim Lueden Feier fänkt.

Et sollt een an zwou Richtungen schaffen, d’Natur an Ëmwelt opbauen, an op eng sëcher Alternativ zur aktueller Mobilitéit vun Diesel an Benzin. Een wëllen um all Präis forcéieren, mat Steieren op eng nach onsëcher Alternativ emzeklammen ass ménger Meenung no den falschen Wee.

An der Hoffnung vun enger Äntwert ärerseits verbleiwen ech

Mat beschten Gréiss

Zeien François

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *