Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Police wënscht sech méi Ënnerstëtzung vun hirem Minister Bausch 

D’Police wënscht sech méi Ënnerstëtzung vun hirem Minister Bausch
Image par cocoparisienne de Pixabay

d’Heeschen an der Stad ass zanter e puer Joer zu engem Probleem ginn! Ugefaangen hat et mat heftege Bréiwer vum maître Gaston Vogel, dee vun enger organiséierter Kriminalitéit, vu Mënschenhandel ausgeet. Et sinn awer och ëmmer méi Privatpersounen a Geschäftsleit, déi sech beschwéieren. D’Zuel vun de Strummerten hätt massiv zougeholl a si géingen d’Entrée vun de Geschäfter Owes spéit blokkéieren. A schliisslech ass et och e Sujet ginn fir politesch Parteien, an der Haaptsaach fir CSV an ADR, ma och fir eng LSAP zu Dikrech. Virun zwou Wochen gouf et eng ‘action coup de poing’ vun der stater Police.

Déi Uniforméiert hunn nämlech zu spéider Stonn d’Heescherten gedoen, d’Agäng fir an d’Geschäfter ze raumen. Déi Plaz also, déi si sech erausgesicht haten, fir d’Nuecht ze verbréngen, hunn si nees musse verloossen. Héiert sech brutal unn, ass et och! Well, wee gutt schléift, verbrécht jo näischt. Ech verstinn allerdéngs d’Kommerzanten, déi sech iwwer allméiglechen Dreck iergeren, deen d’Strummerten munnechmol hannerloossen. Vill méi huet déi Aktioun vun der Police allerdéngs net bruecht ausser, datt de Frust vun de Sécherheetsleit ëmmer méi grouss gëtt!

Image par 4711018 de Pixabay

si gräift zum Griffel a schreiwt der Gemeng Lëtzebuerg, si, dat ass déi regional Policedirektioun aus dem Bezierk Zentrum. D’CSV paraphraséiert dat Schreiwes esou: “…que le problème de la mendicité, qu’il s’agisse de la mendicité simple ou de la mendicité organisée, est complexe et nécessite l’adoption de nouveaux textes de loi adaptés à l’évolution du temps et aux besoins de la police”. D’Polizisten wëssen sech also hirer Hänn kee Rot méi: si sinn sech der Problematik bewosst, kënnen awer wéi d’schéngt net vill ënnerhuelen, fir Remedur ze schafen. Zitat aus dem Bréif: “ Diese Gesetze und Texte sollen so ausgelegt sein, dass Polizei und Justiz effizient arbeiten können”. An deem Schreiwes geet och Rieds vun enger Invasioun u Strummerten, hir Zuel hätt also massiv zougeholl!

Mä och wann d’Gesetz moderniséiert sollt ginn, brauch de Polizist eng glécklech Hand. Heeschen ass nun emool en elementäert Mënscherecht, et ass souzesoen fir Leit, déi déif gefall sinn, dat leschte Recht. Virun der fréierer Bourse hunn ech gëschter engem mir gutt bekannten Heeschert eppes an de Becher geluecht; de Mann sot mir, hie géing spueren, fir eng Nuecht kënnen an der Jugendherberg ze verbréngen:”Do schloofen ech gutt waarem, mat allem drunn an drann, mat Kaffi, Croissant…je, dat schéint Liewen!”. Esou ee Mann verbrécht näischt, léisst d’Passanten mat Rou, deem kann een d’Heeschen net eweg huelen.

Ma et schéngt der Police zu engem gudden Deel em daat organiséiert Heeschen ze goen, dat direkt gebonnen ass u Mënschenhandel; och do, schreiwt d’Police, wieren hir d’Hänn gebonnen. E vun de Punkten ass de Platzverweis, deen an der Zäit de Buergermeeschter Bettel an engem Bréif un de Premier Jean-Claude Juncker gefrot hat. Elo hëlt d’CSV an der Oppositioun en neien Ulaf a verlaangt eng Sëtzung, wou gläich dräi parlamentaresch Kommissiounen sollen zesumme kommen: déi fir bannenzeg Sécherheet, déi vun den affaires intérieures an déi vun der Justiz.

Matt esou vill Käpp misst jo eppes zustaane kommen! Roud, Blo a Schwaarz dierften sech eens sinn, eleng déi Gréng hu sech bis ewell géint e Platzverweis gestriéwt…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *