Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Däerf en Deputéierten Whistleblower spillen, och wann et ëm de SREL geet? 

Däerf en Deputéierten Whistleblower spillen, och wann et ëm de SREL geet?
Image parThanks for your Like • donations welcome de Pixabay

de Gast Gibéryen koum bekanntlech laanscht e Prozess. Dobäi huet de Parquet wuel an der Haaptsaach u sech selwer geduecht, well dem Gibéryen seng Geschicht hätt kënnen Interferenzen hunn mam SREL-Prozess am November. Dat huet hien wahrscheinlech souwisou, ma fir d’éischt e kuerze Resumé, wat den ADR-Deputéierte betrëfft.

De Geheimdéngscht SRE(L) hat 2017 iwwer Wochen eng illegal Oflauschteraktioun gemaach. De Gast Gibéryen wosst dofunner, hat et um Ufank fir sech behaalen, ma huet méi spéit an der zoustänneger Chamberkommissioun ausgepaak an de Staatsminister Bettel mam Tëschefall konfrontéiert. Et huet sech erausgestallt, datt hien als Chef vum Geheimdéngscht dofunner Bescheed wosst, datt hien awer näischt ënnerholl haat. Dat erënnert un d’SREL-Affaire viru 6 Joer. De Premier war au courant vun enger penaler Affaire, huet awer näischt dergéint ënnerholl. An de Xavier Bettel wollt onbedéngt d’source wëssen, vu weem de Gast dës Informatioun hat; a well deen de Bak net wollt opdoen, goung de Premier bei d’SRE(L)-Directrice Doris Woltz, an déi huet dunn Plainte agereecht!

 

Eppes, wat et esou nach nie gouf! Net genuch domatter, datt den Deputéierten huet mussen bei den Untersuchungsriichter, ma hien huet säin Telefon mussen do loossen, fir datt all Gespréich, als SMS konnt iwwerpréift ginn. Egal wéi een zum ADR-Deputéierte steet, ma an enger Demokratie geet esou eppes glat a guer net! An d’Presse? Fir si gehéiert den Tëschefall an d’Kategorie vu “Raibergeschichten”, et ass kee Sujet, fir ze kommentéieren, kee Sujet fir mol nozefroen. Dobäi kann een de Fall Gibéryen esou verschiddentlech beliichten, wéi ee wëll, et kënnt een net laanscht de geplangte “SREL-Prozess” am November, géint d’Hären Schneider, Mille a Kemmer! An dees goufen sech d’Madame Doris Woltz an de Parquet am Laaf vun der Instruktioun ëmmer méi bewosst .D’Madame Woltz huet iwwregens Plainte géint den Deputéierte gemaach, well dee sech ëm Saache gekëmmert hätt, déi hien näischt uginn. Eigentlech war de Mann an enger Féckmillchen! Wann et ëm Froe geet, déi di national Sécherheet betreffen, ass jiddereen, och e Politiker derzou verpflicht, säi Wëssen un de Parquet weiderzeginn. Dat huet de Gibéryen gemaach, a kruut prompt d’giél Kaart gewisen, sech ëm Saachen ze këmmeren, wou hien d’Fanger sollt dervunner loossen. Also: engersäits muss hien, anerersäits däerf hien net! Mam neie Gesetz vun 2016 kontrolléiert de Geheimdéngscht sech gréisstendeels selwer, duerch en Delegéierten beim SRE an duerch e comité de surveillance.

 

De Geheimdéngscht gëtt et u sech net méi, oder héchstens esou wéi am James Bond: den oo7 bleiwt der Ëffentlechkeet onbekannt. Och dem SREL seng deemoleg Cheffe d’opérations Nadine Thoma ( an net Directrice, wéi ech an engem éischte Worf geschriwwen hat) existéiert u sech net, well, wéi ass et sech aneschters ze erklären, datt si fir hire Feeler vun der illegaler écoute just an de Verdeedegungsministüre versaat gouf, ouni ieregendwellech Sanktiounen, ouni “procédure disciplinaire”? Dat ass esou vum Gesetz gewollt, et geet drëm, déi eege Leit virun der Ëffentlechkeet ze schützen. Haut géif et kee Schneider, kee Mille a kee Kemmer an der Presse ginn! Do kann een duerchaus d’Fro opwerfen, op den neie SRE e lieu de non-droit ass, ma doriwwer villäicht eng aner Kéier méi.

 

Kruzial ass d’Fro: matt all deem, wat mir elo wëssen, a matt all deem wat sech am Laaf vun de Joer gedoen huet, ass do e SREL-Prozess iwwerhaapt nach opportun? Mécht een sech domatter net méi lächerlech, wéi et wäert ass?! De Gast Gibéryen koum laanscht e Prozess, d’Nadine Thoma gouf just stroofversat, a virwaat kréien d’Häre Schneider,Mille a Kemmer nach de Prozess gemaach? Spillt do de Prinzip in mitius vun engem Gesetz op eemol keng Roll? Fir dee Prinzip ze erkläeren, e Beisill: de Fall gesat, et gëtt nach d’Doudestrof zu Lëtzebuerg. Eng Persoun huet 3 aner Mënschen mat enger Pistoul doud gemaach. Also d’Héchststroof. D’Uklo gëtt am November erhuewen, de Prozess fänkt am Mee unn, ma an der Tëschenzäit gouf d’Doudestroof ofgeschafen; laut dem ale Gesetz hätt déi Persoun d’Doudestrof verdéngt gehat, mam neie Gesetz kritt si liewenslängleche Prisong!

Mir hu geléiert: illegal Ecouten ginn haut aneschters beurdeelt ewéi fréier. Also och fir d’Hären Schneider, Mille a Kemmer? Et léich an der Logik vun der Saach. Esou gesinn hätt de Whistleblower Gast Gibéryen säin Zweck erfëllt!

Related posts

1 Comment

  1. kinh nghiệm sử dụng đồng hồ

    Hello there, You’ve done a great job. I will certainly digg it and for my part
    recommend to my friends. I am sure they will be benefited
    from this web site.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *