Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Endlech! Mat neien Akzisen a mat CO2-Steier gëtt de Spritt méi gréng! 

Endlech! Mat neien Akzisen a mat CO2-Steier gëtt de Spritt méi gréng!
Image par S. Hermann & F. Richter de Pixabay

den Energieminister Claude Turmes huet am leschte Background op RTL zum Deel Detailer bekannt ginn, blouf awer op anere Punkten zugläich méi wéi flou. Esou huet hien zum Beispill am Kampf géint den Tanktourismus eng weider Hausse fir de Januar ugekënnecht op den Akzisen fir Bensin an Diesel. Wiertlech sot hien dat hei: “Do wou mär wierklech schlecht sinn am Moment dat ass d’Vente un Diesel u Camionen. Deen ass zanter 2016 massiv eropgaangen. Ech denken an enger Gréisstenuerdnung vu 400 Mio Liter si mär elo erëm méi héich wéi mär 2016 waren. Dat huet domadder ze dinn, dass d’Wirtschaft an Europa nees méi gelaf ass, wa méi Wirtschaft ass méi Camionen.Mä et d’ass awer och well den Differenziell tëscht Lëtzebuerg an deenen 3 Länner ronderëm gewuess ass an de leschte Joren. An elo hu mär endlech mengen ech dëst Joer schonn ugefaangen mat deem 1 Cent an 2 Cent. A mär wäerten och am Januar nach eng Kéier och mussen nei Moossnamen huelen well mär soss dee Phenomen vun der Vente vun Diesel u Camionen net an de Grëff kréien. ” Déi nächst Hausse – eng politesch Hausse, déi net duerch de Maart bedéngt ass-, wär also schonn fir a ronn 15 Deeg! Do hätt de Minister musse méi Kloertext schwätzen, ëmsou méi, wou déi aner Woch d’Diskussiounen iwwer de Staatsbudget fir 2020 ulafen. Iwwregens: bruecht huet déi lescht Hausse net vill! De Parteikolleeg François Benoy huet an engem Bäitrag am Lëtzebuerger Wort vum 23. November geschriwwen: “Im Vergleich zu den ersten neun Monaten des Jahres 2018 wurden in den ersten 9 Monaten dieses Jahres 4,3 Prozent mehr Diesel verkauft, beim Benzin stieg der Verkauf gar um 11,1 Prozent”Aber Hallo! soen se dozou déisäits der Grenz! Wann déi 1-2 Cent-Hausse näischt bruecht huet, da muss et bei där nächster Hausse awer wierklech rabbelen! Mir mussen nei Moossnahmen huelen, sot de Minister, an dat misst jo bal eng Verduebelung, wann net eng Verdräifachung vun där leschter Hausse bedeiten, am anere Fall verpufft se nees. Dobäi ginn ech ze bedenken, datt all Hausse net nëmmen eng Belaaschtung fir Privatpersounen bedeit, ma och eng ass fir d’Betriiber, besonnesch fir déi, déi vill Camionen an der Circulatioun hunn. Mä, et ass jo fir e gudden Zweck! An den Här Turmes huet d’Saach relativéiert:”Ehmmm, gutt, Ehmmmmm. Déi nei Regierung, déi hott schonn een éischte Schratt gemaach mat den Accisen, déi 2 Centimes erop gaange sinn, déi hott dozou gefouert, dass den Diesel-Verbrauch elo stabiliséiert ass. An, eeehm, eise Punkt fir dat……” Eng Hausse vu 4,3 Prozent ass deemno eng Stabilisatioun, eng Berouegung vum marché?! Verwinntent Lëtzebuerg! Mä, d’Hausse kënnt, esou oder esou:”Mir mussen, mir hunn…..wann een dat mécht da muss een dat esou maachen, dass et gutt gemaach ass. Mir waarden elo of, wat d’Statistike soen um Enn vum Joer, da gesi mer eigentlech eréischt richteg, wat déi 2 Cent bruecht hunn an da wäerte mer eis am Januar zesumme setzen an eng nei Decisioun huelen”. A wou soll de Grand-Duché um Enn vun der Legislatur stoen? Déi éischt Aentwert war vague: “Jo, mir wäerte mat de Vente vum Diesel erof goen”. Déi zweet Aentwert méi präzis:”Jo, mir mussen , also mir sinn haut 400 Milliounen ze héich!” An déi 400 Millioune Liter koumen derbäi an enger Zäit, wou déi Gréng scho längstens um Rudder waren, ma déi Hausse war jo bedéngt, wéi de Minister am Laf vum Gespréich erkläert huet, wéinst enger Ekonomie, déi enorm gutt gedréit huet.

Image par David Mark de Pixabay

da kënnt derbäi déi sougenannten CO2-Steier: d’nächst Joer 20 Euro d’Tonn. Och dozou de Wuertlaut vum Minister:” Ech hunn en Auto vu 6,8 Liter op 100 km, dat ass net deen Effizientsten. Da sinn ech am Mount bei Méikäschten, déi sinn ënner 6 €. A si leien am Joer bei 70 €. Dat heescht, dat ass eng extrem moderat Bepaisung déi mär elo aféieren. A bei de Wunnengen ass et iergendeppes am Beräich e bëssi méi wéi 100 €. Deemno ob ech an enger…..wann ech an engem neien Haus wunnen wat zanter 2012 gebaut ass, dann hunn ech heimadder vläicht 30/40 € Fraisen. Wann ech an engem schlecht isoléierten groussen Haus mat  4000 Liter Mazout sinn dann ass et méi.” Bon, fir vill Leit hält sech de Käschtepunkt wuel a Grenzen, a fir déi aner sollen et jo finanziell Kompensatioune ginn. Ma et bedeit, datt dat anert Joer de Präiss um Spritt zweemol an d’Lut gesat gëtt: am Januar duerch eng Hausse vun den Akzisen, am Laf vum Joer duerch d’CO2-Steier, déi déi zwee Joer drop allkéiers soll ëm 5 Euro d’Tonn gehéicht ginn. Derbäi kënnt dann an de Joer 2021 oder 22 d’Reform vun der Autosteier, iwwregens am Kontext vun der allgemenger Steierreform.

 

Et kann een zegutt halen, datt d’Berechnungen nach net all fäerdeg sinn – obwuel, d’Regierung ass hannendran-, mä d’Hausse vum Präiss, deen an zwou Wochen a Kraft trëtt, ass mat Sécherheet gewousst.D’Statistikken fir déi éischt 9 Méint vum Joer leien beim François Benoy um Nuetsdësch, et brauch een net déi lescht dräi Méint vum Joer ofzewaarden! Den “Erléis” vun  där Hausse kënnt an de Staatsbudget, an also gehéiert déi Hausse och an d’Diskussioun am Plenum iwwer dee Budget. Schliisslech wëll ee jo och gewuer ginn, virwat déi zousätzlech Suen spéider benotzt ginn. Oder gëtt ieren um Enn vun der Legislatur eng Tombola organiséiert?!

“Mär hunn ee vun den ambitionéiersten beschtduerchduetsten Klimapläng an Europa, dovunner sinn ech iwwerzeegt…” sot nach den Här Turmes; e puer Deeg méi spéit huet China dem Elektroauto deelweis de Réck gedréit a sätzt elo méi op Motoren mat Waasserstoff a mat Bio-Fuel! An d’Flintenuschi probéiert eng Landung um Mound….

Related posts

5 Comments

  1. Kugener Jeannot

    Gudde Moien!
    Co2 Steier kënnt erréischt 2021, wann ech mech net ieren!
    https://www.lequotidien.lu/a-la-une/le-luxembourg-va-introduire-une-taxe-carbone-pour-2021/

    Alles Guddes!

    1. admin

      Ech hu mech op d’Emissioun baséiert, an do heescht et an enger vun de Froen vum Carine Lemmer:
      “20 € pro Tonn CO2 si fir 2020 virgesinn. Déi 2 Joer drop soll et dann all Kéiers em 5 € pro Tonn an d’Luucht goen. Wat heescht dat? Gëllt dat fir d’Industrie? Gëllt dat fir de ….” Also wär et schonn fir dat anert Joer.

  2. CERF

    Mat emmer mei Steieren retten mer d’Planeit, super dorobber muss een kommen. Wei waer et mat enger perseinlecher CO2 Créditkart….. à chacun de gérer

    1. Els

      an denn Mr. Turmes geneiert sëch 1 Otemzoch zw behaapten Letzebuerg haet de Bescht iwerluechtenen Klima schutzsysteme

  3. Phil

    Um 95er Benzin huet den Claude Turmes d‘Accisen dach schon vun Ufanks des Joer un gehéicht, wann och ënnert enger anerer Form.
    Mat der Emstëllung vun E5 op E10 ass den Kalorienwert, resp. Energiegehalt vum Benzin erof gangen. En Auto huet doduerch en Méiverbrauch vun 2%. Während an DE an FR den E10 méi bëlleg ass wéi den E5, ass bei ons de Präis bliwwen.
    Dat heescht, mir bezuelen fir eng energieméisseg mannerwärteg Wuer deen selwechten Präis wéi fir eng gutt Wuer…. an mussen och nach 2% méi kafen.
    Dat ass eng Form vun Bedruch!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *