Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

CSV-Feindeskrees: Semper aliquid haeret 

CSV-Feindeskrees: Semper aliquid haeret
le quotidien

et bleift ëmmer eppes hänken! Den CSV-(Nach) President Frank Engel huet sech e schlechten Déngscht geleescht, sech selwer, senger Partei an iwwerhaapt der Politik! De Mann huet sech wärend 7 Méint am Ganzen 40.000 Euro als Gehalt -eigentlech Peanuts!- vun der asbl  “CSV Frëndeskrees” ausbezuele gelooss. Mënschlech kann een de Mann verstoen, politesch war et Harakiri!

Den Engel huet de Pech, selwer kee Mandat als Deputéierten ze hunn. Domadder huet hien kee geséchert Akommes. Eleng d’Tatsaach, datt hien bis ewell just op europäeschem Niveau, awer ni op nationalem Plang gewielt gi war, huet hien politesch als Parteipresident an den eegene Reien geschwächt: een net Gewielten seet zu engem Mandatsträger, wat hien ze maachen huet?! Ech laache mech futti!

Iergendwéi huet de Mann also mussen zu Sue kommen, well President spillen ass bei alle politesche Parteien eng Fro vun der Éier, net vum Geld. Ehrenamtlech mécht een deen Job. Fäerdeg! Datt hien sech quasi selwer en Aarbechtskontrakt mam CSV-Frëndeskrees ausgehandelt huet, wërft Froen op.

Wisou gouf dee Vertrag vum Generalsekretär Felix Eischen a vum Trésorier André Martins vun där asbl contre-signéiert, ouni datt d’Partei selwer doriwwer an d’Bild gesat gouf? Ëmmerhin sëtzen am Comité vum Veräin “Frëndeskrees” d’CSV-Vizepresidentinnen Stéphanie Weydert an Elisabeth Margue an de Georges Pierret; normal Memberen vun deem Krees sin reporter.lu no eng Rei CSV-Deputéierten, wéi Diane Adehm, Paul Galles, Léon Gloden, Martine Hansen, Gilles Roth, Octavie Modert.

all dës Leit hätten also hir Parteiaarbecht net uerdentlech gemaach? Frëndeskrees, Driipsveräin? Fir d’éischt eppes mat ënnerschreiwen, duerno Denonciatioun beim Parquet, also och vu sech selwer! Frëndeskrees, Däiwelskrees? Dobäi gesäit de Frank Engel jo selwer an, wat hien gestiicht huet. Wann et misst sinn, wär hie bereet, déi 40 Mille zeréckzebezuelen. Ma de Mann huet verstanen, datt d’Ouschterklacken fir hien wäit virum CSV-Nationalkongress gelaut hunn.

Ech si kee Verbriecher. Si wëlle mech mat alle Moyenen lass ginn, seet de President verzweiwelt, wat villäicht net falsch ass, awer an der Tonalitéit nieft dem Dill: hie gesäit sech net als Täter, ma als Affer. D’Wouerecht läit wuel dertëschent. Memberen aus deem Veräin fillen sech hannergaangen an et koum zum Eclat um internationale Fraendag: kuerz drop gouf en Avis juridique bestallt, fir säin Aarbechtskontrakt ënnert d’Lupp ze huelen.

Um Radio sot den Engel wuertwiertlech: ech hu mir näischt virzewerfen an ech denken net drun, zeréckzetrieden. Hie reiwt sech d’Aen vu Verwonnerung: do gouf hannert sengem Réck en Avis juridique iwwer säi Kontrakt maache gelooss, a wéi de puren Zoufall et esou wëll, koum deen an d’Press, also op d’place publique. D’Wouerecht ass eng aner: hien hat e puer Invitatioune krut, fir an der Fraktioun driwwer ze schwätzen, war allerdéngs ni präsent. Seng Stëmm war an deem Life-Interview liicht ugeschloen, esou ugeschloen wéi hie selwer. De President weess, datt et net eleng ëm d’Transparenz an der Partei an an hiere Finanze geet, ma ëm e Putsch géint seng Persoun.

U seng Demissioun also net ze denken, wéinstens haut mol net. Dem President bleiwen 5 Wochen bis zum Kongress; eng kuerz Zäit, fir opbruechte Geeschter nees ze berouegen, eng enorm laang Zäit, fir de Fall, wou Partei a President sollte getrennte Weeër goen. Bannent 35 Deeg ka vill Porzeläin zerbrach ginn! Esou gëtt beispillsweis den Engel zitéiert, dee mol soll gesot hunn: wann ech muss goen, ginn anerer mat! Sollt dat stëmmen, musse mir eis op e politesche Läicheschmaus astellen.

et beift ëmmer eppes hänken! Der CSV als gréissten Oppositiounspartei huet deen Tëschefall elo schonn hefteg geschuet. Den Engel wäert, esou oder esou net méi laang Parteipresident bleiwen, spéitstens an engem Mount gëtt hien ofgewielt – sollt hien iwwerhaapt nach emol untrieden. Nach denkt hien driwwer no, woubäi mat dëser Attack géint seng Persoun eigentlech alles kloer ass.

Beim Vollek bleift d’Gefill, wann net esou guer d’Iwwerzeegung, datt an der CSV villes drënner an driwwer geet, Chaos-Club total! Vun engem Plang, keng Spuer! Vill Aarbecht also fir deen neie Mann/nei Fra un der Spëtzt vun der Partei an d’Zäit presséiert: an déck zwee Joer si Wahlen. Bis dohinner mussen all hier Volleksvertrieder op eng Ligne zesumme geschweesst ginn….et héiert een vun enorme Spannungen, och an der Fraktioun selwer. Ass déi nei Persoun scho fonnt?

Eng schlecht Reklamm also fir d’CSV, an et ass dovunner auszegoen, datt an den nächsten Deeg a Wochen d’Press och bei anere Parteien wäert Froe stellen iwwer Fonctionnement a Gestioun vun hire Finanzen. Fir d’Populisten läit elo schonn d’Konklusioun op der Hand. Politiker sinn gréisstendeels korrupt! De Fall vun der Monica Semedo hat jo bei villen aus dem Vollek och an d’Richtung ausgeschloen, datt e Politiker net do ass, fir sech fir d’Land anzesetzen- wéi et eigentlech missst sinn-, ma éischter fir d’éischt no sech selwer kuckt. Wat schued ass, grad an dësen Zäiten!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *