Recent Posts

Post Categories

Déi schéin nei Welt koum e bësselche séier 
Et gi Noriichten, déi muss een e puer Woche sacke loossen, mautschen, verdauen, rëmknaen an nach eemol verdauen, ier een...
Informatiounsrecht kënnt viru Versammlungsrecht 
Déi groussherzoglech Press probéiert, e bësselchen Tapage ze maachen ronderëm dat geplangte Gesetz fir d’Demonstratiounsrecht zu Lëtzebuerg.Tipptopp! Ma dobäi däerf...
Frank Bertemes: Politik und Integrität 
Sein Mut, seine Würde, seine Integrität machen ihn zu einem Vorbild für uns alle. António Lobo Antunes   “Die Opportunität...
Pierre Obertin: Die Task Force-Files 
De Pierre Obertin ass aktiv am Grupp Expressisverbis, wou hien an de leschte Joer reegelméisseg Artikele publizéiert huet. Säi Leschte...

Blog Post

Featured

D’Justiz ass kee politeschen Acteur! 

D’Justiz ass kee politeschen Acteur!
gouvernement,lu

Zanter enger Woch ass de John Petry a senger neier Fonctioun als Staatsprocureur. Hien huet domadder d’Successioun vun der Martine Solovieff iwwerholl. Petry? Ni eppes vun deem héieren! An esou goung et wuel och villen Deputéierten, déi dee Mann am Laf vun der leschter Woch an d’Justizkommissioun vun der Chamber invitéiert haten fir mol eppes méi vun him gewuer ze ginn. Schonn elo ass kloer, datt et zu engem radikale Revirement kënnt, esou gutt am Fong ewéi an der Form.

D’Martine Solovieff war e puermol desagreabel opgefall mat hirer Babbel; si huet sech an d’Politik agemëscht, Gesetzprojete kommentéiert, Ministeren- mat Virléift deen aus dem Interieur- kritiséiert. Zum Beispill wat deem säi Platzverweis ugeet.  D’Juristin huet op Radio Lëtzebuerg Bedenke geäussert op enger Rei Punkten a gemengt, datt d’Ausleeung op enger subjektiver Aschätzung vun engem Policebeamte baséiere kéint.(.. ) Si géif sech froen, ob den ugeduechte System iwwerhaapt effikass ass. Esou eng Ausso an der Ëffentlechkeet ass duerchaus aussergewéinlech. Den drëtte Pouvoir huet sech an deen Éischten agemëscht! An dee véierte Pouvoir, d’Press, huet léiwer de Bak gehalen.

Am anere Fall hätt virun allem RTL mussen zouginn, de Sujet vun der Immixtioun op d’mannst verschlof ze hunn, wëssentlech oder wëllentlech, dat sief mol dohinner gestallt! Dofir och keng Zeil, datt de John Petry sech quasi entschëllegt huet fir d’Behuelen vu senger Virgängerin. Am Communiqué vun der Chamber steet: John Petry regrette que des déclarations du passé concernant des dossier comme le JUCHA, la législation pour la protection de la jeunesse ou encore la mendicité auraient pu être comnprises comme une action politiqueAss jo awer däitlech.

Der pensionéierter Procureur générale hier Zong war och sos flénk. Esou sot si an der Hallschecht vum Mount Januar (Text op rtl.lu)

Well et bei der Justiz ee Personalmanktem gëtt, géinge just nach déi méi grave Infraktioune suivéiert, sou

rtl.lu

d’Martine Solovieff. Dat hat de Procureur général d’État op der Neijoerschreceptioun vun der Justiz erkläert. 

Oniwwerluecht vun der Madamm? Besonnesch d’Awunner op der stater Gare hu vu Begeeschterung an d’Hänn geklappt, ma et koumen och direkt politesch Reaktiounen (Text rtl.lu)

En Dënschdeg huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer gesot, datt “wann zwee Drëttel vun den Affären, déi erakommen, klasséiert ginn, dann deet et mer leed, mee dat kann een net hinhuelen, da kann een net méi vu Rechtsstaat schwätzen.” Um City Breakfast huet si dunn och eng dréngend Entrevue mam Premier gefuerdert wéinst der “geliefter Realitéit vun der Onsécherheet am Garer Quartier”.D’Madamm Solovieff huet dem ganze Justizapparat e schlechten Déngscht erwisen!

Mam neie Staatsprocureur kënnt en neie Style, oder éischter en nei-ale Style: dee vun der politescher Diskretioun. De John Petry war an der Chamberkommissioun formell: d’Justiz ass do fir d’Gesetzer vun der Regierung ëmzesetzen, an net fir se ze kommentéieren. Point à la ligne! A wann da mol eng Kéier dem Parquet den Hutt sollt wéinst engem Gesetzprojet héichgoen, da bleift ëmmer nach d’Méiglechkeet, seng Onzefriddenheet an engem offiziellen Avis ze formuléieren; en Avis deen dann allerdéngs d’Ënnerschrëft dréit vu méi ewéi engem Mataarbechter.

De John Petry sicht allgemeng no enger méi moderner Approche vun der Kommunikatioun. Esou richteg festgeluecht huet sech de Mann nach net, et spiert een am Interview op radio 100,7 eraus, datt d’Kommunikatioun net säi Fachgebitt ass. “D’Kommunikatioun fannen ech, soll e bësse méi proaktiv ginn. Et sollen an Zukunft och vläicht Pressekonferenze gehale ginn, Also e bësselchen an och nëmme villäicht. Dobäi wier a verschiddene Fäll – zum Beispill Mord- eng direkt Kommunikatioun mat der Press bluttnoutwenneg a géing zu der Transparenz vun der ganzer Verwalung bäidroen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *