Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

De Cumul vu politesche Mandater huet och säi Gutts! 

De Cumul vu politesche Mandater huet och säi Gutts!
wikipedia

Déi éischt Decisiounen fir d’Gemengen- an Nationalwahlen wore knapps gefall a schonn gouf de Cumul vun de politesche Mandater thematiséiert. An engem Commentaire op RTL gouf gemengt, hie wir almoudesch, misst ofgeschafe ginn. Also d’Begriefnes ë.a. vum député-maire! Geschitt ass bis ewell näischt bis guer näischt, mä wéi ëmmer gëllt de Motto: et ass gutt, datt mir doriwwer geschwat hunn! A mam Superwahljoer 23 wäert déi Diskussioun nees nei opflamen. D’Fransousen hunn eis et virgemaach, wéi et geet, respektiv net geet.

Cumul, dat héiert sech bal un ewéi Korruptioun, op alle Fall ewéi d’Schäffelen vu Suen. Am RTL-Commentaire heescht et: Wie gëtt scho gären eppes op a geet u seng Virdeeler seeën? Fräiwëlleg kaum een. An der Iwwersetzung: et kritt een op d’mannst zwee Akommes! The winner takes it all! An de klenge Mann (Fra,*) vun der Strooss gëtt neidesch, iergert sech iwwer de System, jäizt géint d’Elite. A Frankräich gouf dat Gejäiz op der Strooss zimmlech haart an esou hat de Staatspresident François Hollande mam Gesetz vum 14. Februar 2014 de Cumul ofgeschafen. D’Gôôche wollt eben progressiv sinn.

Effektiv ginn et gutt Argumenter géint de Cumul. Et kann net sinn, datt ee Politiker e puer Akommessen huet! D’Cumularden sinn dacks eeler Männer, si bleiwen op hirem Stull pechen, loossen kee Jonke bäi, och keng Fra. An net zu Lescht, wann e Politiker méi ewéi ee Mandat huet, ass hien domadder net iwwerfuerdert? Mécht hien seng Aarbecht nach seriö? 62 Prozent vun de Fransousen sinn iwwerzeegt, datt d’Politiker eng korrupt Band sinn, 79% mengen esou guer, datt si just an d’eegen Täsch denken!

Dat sinn wuel Argumenter an zanter e puer Joer gëtt de Politiker a Frankräich tatsächlech méi jonk an och méi weiblech. Elo leeft allerdéngs bei eisem Noper eng nei Diskussioun, just ëmgedréit: sollt een net de Cumul nees aféieren? Leider suivéiert déi lëtzebuerger Press an der Haaptsaach d’Aktualitéit an Däitschland….

Méi jonk a méi weiblech, dat ass schéin a gutt, ma zugläich verléiert een dach u politescher Erfarung. Virun allem awer geet den Deputéierten gezwongenermoossen ëmmer méi mam Vollek op Distanz! Dat fält besonnesch op an engem grousse Land wéi Frankräich. Explikatioun:

assemblée nationale

20 Joer onënnerbrach Deputéierten an der Assemblée Nationale zu Paräis. Et leeft een sech d’Been stompeg an de Korridoren vum Parlament, et geet een mat anere Politiker a besser Restaurant iessen, et gëtt een op de Plateau geruff vun enger Televisiounschaine. Et liewt een an enger Zort Bull, an enger Welt fir sech, ofgenuebelt vum Vollek. Grad an der France profonde ass et awer wichteg, mat de Leit an d’Gespréich ze kommen, bei hinnen de Bols ze fillen: wou dréckt de Schong?

Den Deputéierten, dee just zu Paräis sëtzt, mécht Politik vun uewen erof. Hien hëlt Decisiounen wou hien zwar technesch top informéiert ass, ma huet vun Tuten a Blosen keng Anung, wann et ëm d’Vollek geet. Ironie: Frankräich gëtt nach méi zentralistesch gefouert! Et ginn verschidden Initiativen fir de Rückwäertsgang anzeleeën, ma dofir bräicht ee Courage, well et kämmt een d’Hoer jo deen Ament géint de Stréch!

Esou housch et am September a Frankräich: mir kënnen dat Gesetz elo net änneren, grad zu engem Ablack wou d’Vollek gebieden ass, de Rimm méi enk ze zéien, Stroum a Gas ze spueren. Eng Reaktioun déi ee kann verstoen, mä déi dach ganz populistesch ass. Wann et dem Vollek just ëm de Fric geet, dann ass et jo e Kannerspill, am Fall vun engem Cumul eng Brems anzeleeën. Schliisslech ginn d’Gesetzer vu Politiker geschriwwen an net vum Vollek!

wikipedia

D’Beispill zu Lëtzebuerg vun der Buergermeeschtesch aus der Haaptstad mécht et evident. D’Lydie Polfer huet esou een duebelt Mandat. Et ass fir si – a fir d’Märei!- extreem wichteg, Hautno d’Nationalpolitik matzekréien. Handelt et sech ëm e Gesetz, dat d’Gemengepolitik betrëfft, kann si vun Ufank un als Deputéierten an de legislative Prozess agräifen, zesummen mat aneren Gemengepolitiker mat duebelem Mandat den Text vum Gesetzprojet esou ëmmoduléieren, datt hien um Enn am Beschte passt.

Stellt Iech et ëmgedréit vir: an enger parlamentarescher Kommissioun gëtt e Projet diskutéiert iwwer Gemengepolitik. Kee vun den Deputéierten huet en duebelt Mandat, keen ass aktuelle Gemengepolitiker. Si all riskéieren an d’Blannt ze schwätzen, en Text unzehuelen, dee wuel gutt gemengt ass, sech awer an der Praxis als géint d’Interessi vun de Bierger erweist.

dreamstime
d’Gemeng zu Wolz

Geschwat gett ëmmer nees vu méi jonke Politiker. Déi schéissen awer net wéi d’Spargelen aus dem Buedem. A wann da mol een direkt an d’Parlament katapultéiert gëtt, da brauch deen seng puer Joer Zäit, sech an d’Matière eranzeschaffen, et sief hien/si limitéiert et op Banalitéiten op Twitter oder Facebook. Grad an de leschte Joer krut ech regelméisseg ze héieren, wéi schwaach munchmol de politesche Background ass.

Wéi gesot: Frankräich huet den duebele Mandat ofgeschafen a fänkt unn, et ze bedaueren. De Grand-Duché mécht gären copy/paste vun der Politik bei sengen Noper. An dësem Fall kinnte mir de Fransousen e Schrack viraus sinn…andeems mir alles loossen ewéi et ass!

Related posts

1 Comment

  1. Fasbender

    Gutt ze liesen dat nach aner Bierger hei zu Letzebuerg mierken dat d’Politiker hei am Land vill copy/paste maachen. Ass dat de Wé fir Aennerungen erbei ze féieren déi dann adaptéiert ass un eiser Situatioun hei am Land, op eis Gesellschaft esou massgeschneidert ass dat det dann och nohalteg ass? Wat denkt dir?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *