Recent Posts

Post Categories

D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...
Frank Bertemes: Es war einmal? 
Um eine Bewegung in Gang zu bringen, muss man Wünsche, Ängste und Triebe ansprechen. Das ist an sich bekannt. Von...
Frank Bertemes: Problem Rotationsprinzip 
Nach der Lektüre des rezenten Interviews mit den beiden emsigen, doch nun (leider) rotierenden Abgeordneten der Partei „déi Lénk“ im...
Spillt déi jonk Generatioun an der politescher Sandkaul grad mam Feier? 
An enger ganzer Partie Länner gëtt an den nächste Méint gewielt: Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Polen, Schweden. D’Prognosen sinn iwwerall...

Blog Post

Kultur

Déi eng hurrelen mam Wollef, déi aner fëschen mam Immobilienhai! 

Déi eng hurrelen mam Wollef, déi aner fëschen mam Immobilienhai!
marc thoma

Samschdes Moies, Véierel op 9: d’Leit zu Iechternoach waren nach net fäerdeg, hier Gebeesseschmier an de Kaffi ze zappen, wéi e gewaltege Kran ugerullt koum. An der rue de la Sûre – d’Sauergaass- sollt e Gebai aus dem vierechte Joerhonnert ofgerappt ginn. Fréier, ganz fréier war an deem Haus e Bistro, de Café Thill ewéi verschiddener wëlle wëssen. Ma zanter iwwer 50 Joer steet dat Haus eidel a gesäit dann och deementspriechend delabréiert aus.

Ass dat eng Ursaach fir ofzerappen? D’Ästhetik ka jo kee Grond sinn, well sos missten 90 Prozent vun den Neibauten ganz séier nees verschwannen. Et geet ëm de Fric, d’Zuel vun de Wunnechten multiplizéieren an deementspriechend och de Rendement! Nach viru 14

marc thoma

Deeg goufen d’Leit vun enger Petitioun iwwer déi desolat Situatioun gehéiert a wéi ëmmer: vertréischt. Dobäi hat de Facebook-Grupp under destruction expressis verbis vun dësem Haus an der Abteistad geschwat a virum imminenten Ofrëss gewarnt.

Den 13. Mee sollt et dann esou wäit sinn. Eng spezialiséiert Gesellschaft koum mat schwéierer Maschinerie ugeréckelt; nach deen nämmlechten Dag sollt d’Haus ofgerappt sinn. Eng Geschicht wou nees eng Kéier d’Gemidder héichkachen, mat Emotiounen tëscht Trauer, Nostalgie a Roserei. De Marc Thoma huet dëse Sujet opgegraff an dorausser dëse Video-Reportage gemaach.

 

Dëse Video-Reportage ass och op apart.tv ze gesinn

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *