Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Soziales

Schéiere schläifen, bis datt se stompeg ginn 

Schéiere schläifen, bis datt se stompeg ginn
image creditsw:pixabay

Viru 40 Joer, wéi ech am Journalismus ugefaangen hunn, krut ech regelméisseg ze héieren, datt d’Schéier tëscht Aarem a Räich am gaange wär, auserneen ze goen. Dat war besonnesch de Fall op Pressekonferenzen vun de Gewerkschaften oder och vun enger LSAP, déi deemols zwar an der Oppositioun war, ma déi nach vill konnt op Wielerstëmmen zielen aus de Reien vum Aarbechtermilieu. De Sujet gouf déi lescht Joerzéngten ëmmer nees sporadesch opgegraff, och a virun allem vun enger CARITAS. De Sputt tëscht de Schéieren gouf ouni Zweiwel op engem Punkt drastesch méi grouss: déi Leit, déi am Besëtz vun engem Haus oder méi Haiser sinn, goufe quasi iwwer Nuecht zu Millionären. D’Präisser um Immobiliemarché woren explodéiert! An et ass och richteg, ëmgedréit geduecht: wann ee fréier konnt e grousst Haus fir 4 Millioune Frang kaafen, also fir 100.000 Euro (wat deemols natirlech méi Geld wor ewéi haut), esou muss een elo an där nämmlechter Stad, am nämmlechte Quartier méi ewéi 10 mol esou vill op den Dësch bliederen. Viru 40 Joer konnt sech en Handwierker nach Spilles e richtegt schéint Haus leeschten, haut steet hien dacks verloossen do, mam Fanger am Mond.

 

 

Image credits: ixabay

ch wëll op dëser Plaaz net méi an den Detail goen, wat déi ëmmer méi grouss Diskrepanz tëscht aarem a räich ugeet; mech interesséiert eng aner Schéier an eiser Gesellschaft, déi op d’mannst grad esou geféierlech ass, nämlech d’Schéier tëscht dem sougenannten establishment an dem Mann vun der Strooss (kann natiirlech och eng Fra sinn). D’upper-class behëllt sech däermoossen arrogant, datt déi ënnendrënner, also d’Foussvollek, sech erdëmmelt oder verloosse fillen. Dat bescht Beispill aus de leschte Joer war, wéi an der Campagne fir de “jo” an den “neen” am Referendum d’Patronat dem Vollek wollt virdiktéieren, wéi et ze stëmmen hätt. D’Resultat war e Fiasko! 80 Prozent fir den “Neen”! D’Vollek huet revanche geholl op “die da oben”. Ma och sos behëllt sech den establishment, a virun allem déi, déi mengen, dozou ze gehéieren, zanter iwwer 20 Joer komplett derniewt. Et gi wuel Froen opgeworf, déi munnechmol duerchaus kënnen interessant sinn fir d’Entwécklung vun eiser Gesellschaft, ma wéi dacks kënnt et vir, datt och mol den Alldag vum Otto-Normal-Konsument duerchgeholl gëtt? Wann da mol de Mëllerdall ënner Waasser steet, da gëtt zwee Deeg laang iwwer dëse Menschen hiert Leed geschwat, ma et hat natiirlech keen dru geduecht, matt dëse Leit virun der Katastroph an d’Gespréich ze kommen, fir iwwerhaapt ze verstoen, wéi schwiereg et fir si ass, sech mat wéineg Geld derduerch ze schloen, fir ze verstoen, datt dës Leit, bedéngt duerch hir Situatioun en aanert Denken hunn, eben vill méi terre-à-terre. An Däitschland duerft zejoer an der Wahlcampagne eng Botzfra dem Martin Schulz verschidde vun hiren Iwwerleeungen un de Kapp geheien, an dat war et dann och. Botzfra zeréck an de Placard. Tschüss!Man sieht sich in 4 Jahren wieder! Oder haat et och nëmmen een eenzege Reportge ginn  dëse Summer iwwer Aarbechter, déi bei 37 Grad hu mussen Beton mëschen? Nada! Si kënne jo frou sinn, datt se eng Schaff hunn, basta!

De Mann oder d’Fra vun der Strooss gi just all puer Joer aus der Spënnche geholl, wann d’Demokratie zu den Urne rifft. Da gëtt u se geduecht, ouni wéi gesot, dëse Mënschen hiert Lous ze kennen. D’Haaptsaach, et gëtt op där richteger Plaz e Kräiz gemoolt. Dat Spill geet awer zanter e puer Joer net méi richteg op: an den USA gouf e Gelungenen zum Präsident gewielt, aus Rooserei op den establishment; idem an Italien, an an Däitschland ass eng AFD geschwënn esou staark wéi eng SPD; nach laang net all dës potentiell Wieler hu Faschismus an hirer DNA.

Lügenpresse! Ech war am Ufank erféiert iwwer dësen Term, konnt net direkt eppes dermatter ufänken. Mä, well d’Presse gezwongenerweis regelméisseg a Kontakt kënnt mam establishment wéi Politiker, Patron,Gewerkschaftsbossen asw., gëtt d’Presse an dat nämmlecht Dëppen gestach, ëmsou méi, wou och d’Journalisten séier wéineg kënnen ufänken mat Mentalitéit a Probleemer vun Aarbechter an Handwierker an deementspriechend éischter rare iwwert sie schreiwen oder schwätzen. Ech wor viru Joer katastrophéiert, wéi ech hu musse feststellen, datt keen eenzege Journalist de montant wosst vum onqualifizéierte Mindestloun! Wann een dat net weess a just d’Meenungen erëmgëtt, déi engem vu Patron oder Politiker virgeknaat goufen, da brauch ee sech net ze wonneren, wann de Ball aus dem Vollek zeréck geschoss gëtt! An dës Entwécklung an der Gesellschaft ass geféierlech, op Joeren esouguer explosiv!!

  

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *