Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Elektresch Autoen: d’Ziil esou just verpasst! 

Elektresch Autoen: d’Ziil esou just verpasst!
Image par Marilyn Murphy de Pixabay

bis d’Enn vum leschte Joer sinn op eise Stroossen 2150 elektresch Autoen gesummt. Net grad de radikalen Duerchbroch! Ëmsou méi, wou d’Halschecht dovunner vu Betriiber kaaf goufen, déi mat der Primm steierlech gläich zweemol konnte profitéieren. An anere Wieder: knapp 1200 Privatpersounen sinn am Besëtz vun engem elektresche Weenchen! Näischt ze vill, op alle Fall wäit ewech vun deenen 40.000 e-Kutschen, vun deenen déi Gréng nach viru Joer gedreemt haten. An de Revirement koum och net um leschten Auto-Festival. Et feelen iwwer 38.000 Elektro-Auto.

An Däitschland huet d’Groussoffensive fir de Waasserstoff längst ugefaangen, grad ewéi a China. Bei der Produktioun brauch een an der Tëschenzäit och bedeitend manner Stroum wéi dat bis dato de Fall war. Ma zu Lëtzebuerg gëtt op d’Krëtchëssem op den e-Auto gesat. Wann dat alt mol net e fatale Feeler ass! De Stroumpräiss gëtt jo mol ëm 10 Prozent eropgesat an dobäi bleiwt et net.

ech kréien déi aner Woch no villem Hin-an-Hier mat Creos mäin neien elektresche Compteur installéiert. Perséinleche Virdeel: ech kann erofliesen, wéivill Stroum ech grad verbrauch. Wow! Ech wäert déi éischt Deeg all hallef Stonn d’Kellertrapen erofmeteren a gespaant op den Hokuspokus kucken, zig Luten un-an ausmaachen, je, villes ausprobéieren. Dobäi steet de WATT-Verbrauch jo op der Bir zanter hirer Erfindung!. Neen, dee Compteur soll eis op d’Zukunft preparéieren!

CREOS widderhëlt d’Wieder aus der Politik: et handelt sech ëm en intelligente Compteur, deen ausschlisslech geduecht ass, fir Statistiken ze sammelen. Déi grouss Stroumliwweranten wëlle genee wëssen, wéi vill Stroum zu egal wat fir enger Auerzäit benotzt gëtt, an zwar Dag fir Dag iwwer d’ganzt Joer, iwwer déi 4 Joerszäiten: Ceci devient effectivement une nécessité face à l’injection intermittente de plus en plus de sources d’énergies renouvelables comme par exemple les panneaux photovoltaïques d’un côté et le développement de nouveaux consommateurs comme les véhicules électriques d’un autre côté. An anere Wieder: aus dem intelligente Compteur ginn intelligent Stroumnetzer!

Image par (Joenomias) Menno de Jong de Pixabay

CREOS schéngt tatsächlech vun engem Boom auszegoen vun den elektreschen Autoen an huet am Laf vun de leschte Méint zwee méi grouss Elektriker-Betriiber opkaf. Déi sollen drop spezialiséiert ginn, fir de Privatleit doheem hir Opluedstatioun ze installéieren. Wann dat alt mol gutt ausgeet. An den Draam vun deene Gréngen ass moosgréng, wëll heeschen, de Jus aus der Steckdous soll ëmweltfrëndleche Stroum sinn.

den erneierbare Stroum kënnt den Ament op eng part de marché vu knapp 10 Prozent. Wandmillen wäerten am Land keng Honnerten méi opgeriicht ginn, an d’Photovoltaik stéisst och séier un hir Grenzen, well d’Sonn blénkt iwwer Bierg an Dall just 1570 Stonnen am Joer. Et ass also duerchaus esou, wéi et de Robert Goebbels a sengem Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 15. Februar titelt: ” Dem Klima-Plan geht Wind und Sonne aus!” 

Iergendwann awer wäert d’Zuel vun den Elektro-Auto dach an d’Lut goen. Da kann et virkommen, datt Owes tëscht 6 an 8 Auer dausenden Luedstatiounen ugezaapt ginn, d’Leit doheem Heizung, Luten a Wäschmaschinn umaachen an esou de Stroumverbrauch quasi bannent Sekonnen sech verduebelt bis verdräifacht. Dës Intensitéit ass e kruzialen Ament fir d’Liwweranten, déi deementspriéchend schëtzeg musse kënnen reagéieren, Stroum “noschéissen”, fir e black-out ze verhënneren! Erneierbare Stroum bréngt dat nimools fäerdeg, deen Ament kënnt een net laanscht eng fossil Stroumréserve; an déi séierste Reaktioun kënnt ëmmer nach aus enger Atomzentral. Ma eise Stroum gëtt souwisou gréisstendeels importéiert….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *