Recent Posts

Post Categories

Affaire Rodrigues: rout Kaart fir d’Politik! 
D’Justiz huet geschwat: de Foussballer Gerson Rodrigues huet eng Fra geschloen. Eppes wat een absolutt net däerf. Feeler Nummer 1....
Rentereform: läit en Deel vun der Léisung an der TVA? 
Eigentlech ass de franséische Staat am Eemer? Eng ëffentlech Schold vun iwwer 3000 Milliarden Euro an d’Pensiounsdëppe gëtt vum generéise...
De Staatsrot muss besser op sech selwer oppassen 
Ënner anerem den Avis vum Statsrot iwwer de Gesetzprojet vun der Erweiderung vun der Sonndesaarbecht ass eng Frechheet Esou heescht...
C’est non! 
An dësen Zäiten ass de Militärjargon acceptéiert: d’Regierung lancéiert eng Groussoffensiv an der Rentereform, an d’Gewerkschaften schéissen zeréck. De Statsminister...

Blog Post

Gesondheet

Covid zu Lëtzebuerg: Stille Nacht! 

Covid zu Lëtzebuerg: Stille Nacht!
Image par djedj de Pixabay

 

de klengen Duché huet déi drëtthéchsten Zuel vun Infektiounen an déi aachthéchsten Zuel vu Stierffäll ënnert den 31 EU/EEA Länner an huet elo quasi als leschte Land géigegesteiert! Et geet hei net drëm, dee méi haarde Lockdown ze begréissen oder ze verdäiwelen, ma éischter drëm, ze weisen, wéi d’Regierung sech an eng schlecht Ausgangspositioun am neie Joer manövréiert huet.

D’Decisioun fir de Buttek Lëtzebuerg gréisstendeels zouzespären, ass der Regierung nämlech net einfach gefall. Éischtens  stoung si national wéi international ënner Drock. Heiheem waren ëmmer méi Leit d’Pudding-Strategie midd vun hallefhäerzegen Decisiounen, déi net vill bruecht hunn. Donieft koum ëmmer méi Kritik aus der Grenzregioun: bei eisen Noper war d’Geschäftswelt schonn deelweis Wochen viru Chrëschtdag hermetesch zou, iwwerdeems zu Lëtzebuerg monter drop lass konnt akaf ginn, grad wéi wann et de Virus net déit ginn!

Zweetens – a virun allem!- fäert d’Regierung, wat riskéiert nozekommen. De Lockdown gëllt mol vum 26. Dezember bis den 10. Januar. An dann? Deen Ament sinn dausende Leit zeréck aus hirer Vakanz. Eng Foto op facebook huet jo Bänner geschwat! E Vol fir op Porto war iwwerbucht, d’Leit stoungen um Luxairport do ze waarden  ewéi d’Hierken an der Tonn, vu social distancing keng Spuer. Anerer fléien op d’Costa del Sol, op Palma, op d’Kanaren, Haaptsaach besser Temperaturen an eng Grëtz méi Sonn ewéi heiheem. Wien kann hinnen dat schonn verdenken?!

all déi Leit wäerten an hirer Vakanz hiert Bescht maachen, fir de Virus net ze erwëschen, an trotzdeem ass de Risk reell. Gran Canaria zum Beispill ass den Ament zone à risque. An do läit d’Kromm an der Heck! D’Handbrems déi zu Lëtzebuerg ugezu gouf, kéint am Idealfall derzou féieren, datt d’Infektiounszuelen zeréckginn. Also de Lockdown ophiewen! No enger Inkubatiounszäit tëscht 1-2 Wochen no der Vakanzenzäit kéinten da grad esou d’Infektiounszuelen nees klammen. Zeréck an de Lockdown?

Et ass genee dës Situatioun, déi d’Regierung fäert. De Premier Xavier Bettel huet sech scho mol eng Säitendier opstoe gelooss, wéi hien den Datum vum 10. Januar e Provisorium genannt huet, ma hien ass sech bewosst, datt een mat der Wirtschaft net kann Achterbunn spillen, e puer Deeg op, e puer Deeg zou. Säi Mëttelstandsminister Lex Delles a säi Wirtschaftsminister Franz Fayot wiere gutt beroden, mat der Fauscht op den Dësch ze schloen. D’Geschäftswelt wéi d’Wirtschaft am allgemengen brauchen Previsibilitéit! Och a grad a Corona-Zäiten.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *