Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

D’Paulette Lenert: Madonna fir d’Spideeler, Domina fir d’Dokteren! 

D’Paulette Lenert: Madonna fir d’Spideeler, Domina fir d’Dokteren!
paperjam.lu

De Gesetzprojet 8009 ass um Instanzewee. Hie betrëfft d’Dokteren an d’Spideeler. Hie betrëfft allerdéngs och d’Gesondheetsministesch selwer! D’Madamm Lenert huet den Tëschefall vum Potaschbierg nach an de Glidder, wou Medezinner am Hauruck en IRM-Zenter geplangt haten. Eng Palast-Revolutioun an der sozialistescher Planwirtschaft déi lescht 20 Joer! Esou eppes däerf sech net widderhuelen an esou huet d’Ministesch d’Koalitiounsbibel erausgeholl.

Op d’mannst op engem Punkt vum Ampelaccord ass si hannendran, am sougenannte virage ambulatoire an de Spideeler. Dee Virage kënnt hir zupaass. Zwou Mécken mat engem Schlag. Fir d’éischt als Explikatioun ëm wat dass et am Projet geet, dann dat, wat sos nach derhannert stécht.

Am Koalitiounsofkommes heescht et ënnert anerem: “Des mesures favorisant et accompagnant le virage ambulatoire seront mises en place (…) Les offres d’hospitalisation à domicile ou dans d’autres structures de soins intermédiaires et moins couteuses seront soutenues en développant un plan d’action “out of hospital”. Déi ambulant Behandlungen vun de Patienten sollen also nach méi ënnerstëtzt ginn, zugläich sollen déi stationär Openthalter an de Kliniken verkierzt ginn.

Photo by Vidal Balielo Jr.: https://www.pexels.com/photo/two-person-doing-surgery-inside-room-1250655/

Dat huet och eppes mat der demographescher Evolutioun ze dinn. An der assurance maladie-maternité sinn den Ablack ronn 573.000 Persounen, dovunner 31 Prozent am Kanton Esch. D’Populatioun huet dichteg zougeholl, vive de 700.000-Awunnerstaat. De Grand-Duché huet zwar en zweete Prisong baue gelooss, ma en zousätzlecht Spidol ass net am Gespréich. Also méi ambulant Behandlungen fir datt déi besteeënd Infrastrukturen et nach packen!

L’objectif partagé est de pousser davantage la prise en charge ambulatoire en instaurant des incitatifs, heescht et am exposé des motifs. D’Spideeler kommen deemno gutt ewech: dat stationäert Geschäft floréiert souwisou, dat ambulant gëtt finanziell ënnerstëtzt, wat wëll ee méi? E gudden Deal also fir d’Klinicken. Och gutt fir de Patient?

Wien an de leschte Joer de Pech hat, mussen an enger Policlinique ze passéieren, weess vun wat datt ech schwätzen: Chaos, Hektik pur, enorm Waardezäiten vun 10 bis 12 Stonnen. Wann elo déi ambulant Untersuchungen a kleng Agrëffer nach weider zouhuelen, wäert guer näischt méi goen. Also elo schonn dat néidegt Geschier bestellen, fir an der salle d’attente ze iwwernuechten!

Photo by RODNAE Productions: https://www.pexels.com/photo/doctor-talking-to-a-patient-sitting-on-bed-6129040/

Wann et sech zum Beispill ëm e klengen chirurgeschen Agrëff handelt, geet een jo net just fir de Schnipp-Schnapp an d’Spidol. Et geet een virdrun méi ewéi eng Kéier an d’Spidol fir eng Foto maachen ze loossen, fir mam Anästhesist ze schwätzen…an et geet een duerno déi eng oder aner Kéier dohinner fir an d’Kontroll. An anere Wieder, d’Policlinique erënnert ëmmer méi un Woodstock! Tonne Leit, een trëllt iwwer deen aneren, Bommestëmmung.

Ganz dovunner ofgesinn, datt esou “kuerz” Visitten an de Spideeler eng Plo sinn fir eeler Leit an nach vill méi fir Patienten déi kierperlech handikapéiert sinn. Dat ass fir si en Hin-an-Hier wéi an engem Dauweschlag. Dobäi heescht et am Exposé des motifs: les besoins du patient sont au centre du système de santé! Mon oeil! Déi eenzeg déi hei profitéieren, sinn d’Spideeler.

“…An et gëtt alles gemaach fir Initiativen vun den Dokter ze ënnerbannen…!”

Do wäre mir dann am Hannergaart vum Potaschbierg. Do gëtt en Zonk ronderëm gebaut, wat soen ech: eng Mauer! Kee soll méi seng eegen Zöppchen kache kënnen. Déi nei Spillreegelen fënnt een an der Annexe 3 vum Projet.

Tableau des équipements et appareils médicaux nécessitant une planification nationale, du personnel hautement qualifié ou des conditions d’emploi particulières » ; b) Le tableau est complété comme suit :

Fir déi éischt 4 Punkten kann een nach Verständnis hunn, mat Radioaktivitéit spaasst een net. Obwuel, den Zänndokter däerf nach ëmmer seng eege Photoen maachen. Firwat awer soll een net eng Mammographie och an enger externer Infrastruktur maache kënnen? D’Waardezäiten an de Spideeler leien hei tëscht 6 an 10 Méint. Am Fall vun engem Verdacht op Kriibs eng Éiwegkeet. A goung net och grad doriwwer Rieds viru Méint am Kader vun enger Petitioun? Mä wat interesséiert mech mäi Geschwätz vu gëschter!

Anert Beispill: d’Dialyse. Et handelt sech ëm eng Aarbecht, déi gréisstendeels vun enger Maschinn gemaach gëtt. De Patient huet normalerweis säi Katheter unhänken a brauch just ugeschloss ze ginn. D’Neurologie ass grad esou betraff! An der Annexe 3 heescht et expressis verbis:

wikipedia

“Tout équipement supplémentaire à l’appareil d’EEG et qui est nécessaire pour le monitoring ambulatoire EEG respectivement pour la polysomnographie.” Dës Polysomnographie gëllt als Referenzmethod bei Schlofstéierungen. Mam EEG (électroencéphalogramme) ginn déi elektresch Aktivitéiten vum Gehier gemooss. Dat ass dat eent an dat ass dat eenzegt, dat den Neurolog a sengem Cabinet däerf maachen!

Fir déi Polysomnographie ginn awer nach eng ganz Partie aner Organer gekuckt, wéi zum Beispill d’Beweegungen vun de Guckelcher, d’Beweegungen vun de Muskelen, den Dapp an der Strass deen eis zum Schnaarche bréngt asw. Nees eng Kéier an der Haaptsaach d’Aarbecht vu klenge Maschinnen. A grad déi däerf den Neurolog net a sengem Cabinet benotzen. Dat geet just am Schloflaboratoire an enger Klinik. De Problem ass just, datt och hei d’Waardezäit dacks bei iwwer 6 Méint läit.

Firwat et einfach maachen wann et och komplizéiert geet? D’Medezin gëtt e liberale Beruff genannt, also soll d’Medezin och d’Fräiheet hunn, Initiativen ze ergräifen. Wuelverstanen an der Zesummenaarbecht mam Ministère a mat der Santé. Mat dësem Gesetzprojet awer kréien d’Dokter éischter déck Steng an de Wee geluecht, fir nëmmen net op domm Gedanken ze kommen.

“…A wat soen d’Dokteren?…”

D’AMMD (d’Associatioun vun den Dokter an Zänndokter) seet mol näischt, iwwerléisst d’Schluechtfeld dem Collège médical. An deen iergert sech. Firwat gëtt net méi op eng Complementaritéit tëscht dem secteur hospitalier an dem Secteur extrahospitalier gesat?! Zwee Joer Covid hätte jo gewisen, wou de Schong dréckt. D’Grondversuergung (soins primaires) gehéiert an d’Klinicken, d’Zweetversuergung (soins secondaires) ëmmer méi an ambulant Strukturen.

Doriwwer wier och ausféierlech Rieds gaangen um Gesondheetsdësch.…le Collège médical s’étonne que le présent projet de loi voie le jour sans lien avec les discussions menées au Gesondheetsdësch, sans expliquer le choix du législateur par rapport à d’autres pistes discutées et sans nouvelle prise de contact avec les acteurs dudit Gesondheetsdësch. Cette façon de procéder discrédite l’initiative du Gesondheetsdësch, louable à la base…” Do brauch een net de Brëll opzesetzen fir eng Verbatterung erauszeliesen.

An et kënnt nach besser! De Collège médical schreift weider:”… Le projet sous avis a malheureusement été bâclé et déjà déposé à la Chambre des députés (N° 8009), sans avant-projet à aviser comme il est d’usage…”. Bâcler? Also alles iwwer de Koup gehäit! E bësselchen méi salopp Synonymmen sinn dofir bousiller, cochonner, massacrer, sabrer, torchonner. Spiert Dir och déi Roserei vun de Medezinner hannert dësem Vokabulär?

An de Projet koum ouni Virwarnung, also net fir d’éischt als Avant-Projet, wou nach Zäit bliwwe wier, sech auszetauschen an den Text ze komplettéieren. D’Ministesch kritt indirekt virgehäit, mam Skalpell virgaangen ze sinn a sech de Bifdeck zu hire Gonschte zurecht geschnidden ze hunn: als Sozialistin wëll si keng medezinesch Extravaganzen. Keen huet aus der Rei ze danzen! Volle Power fir d’Spideeler! De collège médical schreift vun hospitalocentrisme.

“…Wien an d’Polyclinique geet, soll d’Bécks Ravioli net vergiessen…!”

Mat dësem Gesetzprojet ginn d’Kliniken alles aneschters ewéi entlaascht. A wann et sollen zousätzlech services extrahospitaliers ginn, dann awer nëmmen ënnert der Tutelle vun engem Spidol. Op dat war et jo och am Fall Potaschbierg erausgelaf. Déi enk Stier eben vun enger sozialistescher Gesondheetspolitik! No 20 Joer wier et wierklech un der Zäit fir e Wiessel an der Santé – Paradigmewiessel wéi se an der Gambia soen-, Plaz maachen fir modern Iddien. De Secteur brauch dréngend Loft fir ze otmen, nei Motivatiounen.

Der Paulette Lenert – déi de Posten als Regierungscheffin net wëll ausschléissen-, misst dat eigentlech bewosst sinn. Wann de Patient tatsächlech am Mëttelpunkt steet vun den Iwwerleeungen, da muss endlech reagéiert ginn, och am Hibléck vum 700.000 Awunnerstaat. Oder fannt Dir et normal, datt elo schonn – no den 3 éischte Méint vum Joer-an engem vun de Spideeler keng Kandidaten méi fir eng Koloscopie bis den nächste Januar kënnen ugeholl ginn? Alles zou! Tschüssikowski? Bis dat anert Joer. An do hëlleft et och näischt, wann en Dokter op d’Ordonnance urgentissime schreift. Ma de Patient steet jo am Mëttelpunkt…

A wéi ëmmer, wann een als Politiker net méi weider weess, kënnt een mat der Zwee-Klasse-Medezin, déi mir anscheinend net wëllen, de facto awer hunn. Zitat aus dem Interview vun der Madamm Lenert virun Deeg op RTL:”… datt si Problemer mat enger verstäerkter Privatiséierung vum Gesondheetswiesen hätt. Et dierft ee keng zwou Klasse vu Patiente kréien…” De Wénk mat der Scheierpaart, d’Ënnerstellung, datt een Dokter deen op sech eleng schafft, automatesch méi deier gëtt ewéi den Dokter am Spidol. Wat nach ze beweise bleift.

Souwisou sinn iwwer 140.000 Familljen bei der dach präisgënschteger CMCM affiliéiert. Domatter hunn 280.000 Persounen eng Zousazversécherung. Zwou-Klasse-Medezin? Dat ass e Slogan aus den 80-ger Joer. Dat geet net duer fir d’pole position, Madamm Lenert. Mir sinn am 21. Joerhonnert!

Hei de Link fir de Gesetzprojet

262797 (1)

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Sozialistesche Fiasko am Gesondheetswiesen – Guy Kaiser Online

    […] nei Weeër ze goen. Esou vill Dokter waarde just drop, méi ambulant Agrëffer maachen ze kënnen. https://guykaiser.lu/dpaulette-lenert-madonna-fir-dspideeler-domina-fi…Net nëmmen si, och d’Patienten hätten eppes […]

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *