Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Lieserbréif vum François Zeien: Déi Gréng, d’Ëmwelt, d’Natur an den Klimawandel: um Holzwee?” 

Lieserbréif vum François Zeien: Déi Gréng, d’Ëmwelt, d’Natur an den Klimawandel: um Holzwee?”
Photo by Jacob Colvin: https://www.pexels.com/photo/first-perspective-photography-of-hanging-bridge-1761279/

 

Sarkasmus un: Déi Gréng an hir Politik, fir d’Welt ze retten. Mat hinnen ass déi bescht Partei erakomm, mir sinn all gerett. -Sarkasmus aus.

Déi Gréng wëllen eis normal Stierflech jo weisen, wéi een de Klima, an domat d’Welt soll retten. Spuert sou vill CO2 an wéi méiglech, fuert kee Bensinner oder Diesel Auto méi, fuert Elektro, dat ass d’Zukunft. Op eng Zukunft, wou Kanner am Kongo mussen schaffen, an ganz Dierfer am Chile dréchen leien, nëmmen fir Kobalt an Lithium ze förderen, verzichten ech ganz gären. Et muss keen Misär hun, domat mir anscheinend d’Welt retten.
Eng Klammer op. Ausgerechnent dee Gréngen, deen d’Accisen an d’Steieren ëmmer erëm op d’Énergie- an Petrolspräisser erhéicht, fir de Leit, déi sech net deene gréngen Weltverbesserer wëllen beugen, d’Liewen esou schwéier wéi méiglech ze maan, majo, ausgerechent dee Moralapostel gëtt all Daag mat der décker Audi Limousine duerch d’Géigend kutschéiert, – deen Diesel gëtt jo vum Steierzueler gesponsert. Virwaat net mam Zuch schaffen fueren, oder mam Elektroauto sech kutschéieren loossen? Rieds ass vum Här Energieminister.
Et soll een och ophalen, de Fliger ze benotzen. Ausser natierlech, wann een seng Politik wëllt an Brasilien propagéieren goen, ne? An dann déi super Ausried, et hätt een jo säin CO2 Ausstouss iergend wou anescht kompenséiert. Wou, wann een froen däerf?
Wann den CO2 allen Eeschtes sollt den Problem sinn, an ech ginn es net midd, et ëmmer erëm ze widderhuelen, sollt een mol an eng simpel, awer op Dauer effektiv Léisung investéieren. Eis Natur ass dat bescht Géigemëttel géint den CO2, an mir kréien souguer O2, Sauerstoff an d’Plaz. Wat wëllt een méi?

An souguer do schéissen Déi Gréng sech selwer of. Sinn se nach, wou se an der Oppositioun woren, fir all Bam oder Heck, déi sollent ewech gehol gin, op d’Barikaden gesprongen, ass et, zanter si an der Regierung sinn, genau den Géigendeel. D’Natur gëtt monter zerstéiert, an ëmmer monter weider, fir d’Politik vum ongebremsten Wuesstum an vum 1 Millioun-Awunner-Staat ze stäipen. Dass den Beton dobäi 8% vum Mënschengemaachten CO2 ausmécht, schéngt eis Moralapostelen kaum ze stéieren, am Géigendeel. Wann et hiren Eescht wier, den Klimawandel an den CO2 ze bekämpfen, firwaat muss d’Natur, déi dobäi kinnt hëllefen, dru gleewen?

gkonline
Klamer op: de Staat brauch Wuesstum, fir d’Ekonomie. Et sollt een awer mat Verstand handelen, net mam Briecheisen, an op “Teufel komm raus” den 1 Milliounen-Awunner-Staat wëllen erbäi zwéngen. Schonn iwwerluegt, dass déi Leit och hir Autoen matbréngen? Heescht de Facto méi CO2 Ausstouss. An, natierlech, geet och d’Liewensqualitéit hei am Land d’Baach aus. Eist Stroossenetz ass schons deelweis immens iwwerlaascht, mam 1 Millioun-Awunner-Staat wier dat nach méi akut.
Wann den CO2 tatsächlech den Däiwel ass, et kann een jo net leegnen, dass d’Motoren vum Diesel an Bensinner duerch Technik, déi emmer méi fortschrëttlech gëtt, och emmer méi propper gin. An déi Richtung misst een investéieren, Technik an Fortschrëtt. Den Leit nemmen Misère maan, mat emmer méi héijen Accisen, an eng CO2 Steier, wou nach ëmmer keen sou richteg de Sënn dovunner versteet, awer soit, ass net d’Léisung vun deem Problem, wann et dann sollt ee sin.
Dem Steierzueler wéinst CO2 Ausstouss eng Steier opbrummen, an dann selwer awer monter alles zoubetonnéieren? Fir richteg misst Dir, Déi Gréng, d’CO2 Steier ganz alleng finanzéieren. Wat Dir mat ärer Zerstéierung vun der Natur a mam Zoubetonéieren vun CO2 Ausstouss verursaacht, do soll keen doriwwer schwätzen, gell? Dir hutt jo och den Bautenministère, also keng Excuse do!
Dann stéisst et engem schon bal sauer erop, wann een d’Madame Tanson um RTL héiert, dass sie hieren Kanner wéilt eng propper Loft an Bëscher hannerloossen, an dass Déi Gréng déi eenzeg Partei mat den néidege Kompetenzen wieren. D’Fro stellt sech, wou sollen déi Bëscher dann sin, wann sie sou weider maan, Natur ze zerstéieren, Naturschutzgebidder zu Bauperimeter déclasséieren, oder carrément dra bauen (Traversini léisst gréissen). Wou sollen déi Bëscher mat propperem Waasser dann sin, bei dem Gewurschtels vun Déi Gréng?
Bref, d’Politik vun Déi Gréng ass ganz konfus, a kontradiktoresch. Waasser predigen, awer Wäin saufen, obwuel, wann een schonns den Leit alles wëll verbidden, an hinnen virschreiwen, wéi se sollen liewen, sech ze ernähren, an wéi een Auto ee sollt benotzen, sollt een, besonnesch als Politiker, deen anscheinend wëll d’Welt retten, mam gudden Beispill virgoen.
Wëlle mir den CO2 bekämpfen, an d’Natur zu deem Wuel förderen, oder alles futti maan, fir d’Utopie vum 1 Millioun-Awunner-Staat? Daat eent funktionéiert nët zesummen mat deem aaneren.
Och net ze vergiessen, dass d’Natur, am Géigensaatz zu Betonsoasen, psychologesch zum Wuel vum Mënsch an Déier bäidréit.
Daat eenzegt, wat bei der Partei Déi Gréng nach gréng ass, ass den Numm. Net méi, an net manner.
Ech denken, ech schwätzen net fir mech alleng, wann ech soen, dass 10 Joër Regierungsaarbescht vun Déi Gréng nëmmen Misere iwwert eist Land bruecht huet. Et gëtt Zäit fir en Wiessel, wou Parteien un d’Rudder kommen, deenen d’Bierger, egal op Lëtzebuerger oder eis Matbierger vun uechter d’Welt, net egal sin (Déi Gréng hun dat, dass d’Leit hinnen egal sin, méi wéi 1 Kéier kloer ënner Beweis gestallt) an, wann den CO2 wierklech den Problem sollt sin, eng verstänneg, an zielstreebeg Politik féieren.
Zeien François

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *