Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Gaston Vogel am Interview mam Marc Thoma 

Gaston Vogel am Interview mam Marc Thoma
Marc Thoma

 

 

De Gaston Vogel huet e Récapitulatif op 32 Säite gemaach vum Dossier Bommeleeër. Deen Text gouf op dëser Websäit a 5 Deeler publizéiert. E kondenséierten Text, deen awer déi grouss Qualitéit huet, datt och dee Leschten misst verstanen hunn, datt an deem Dossier villes schif gelaf war. Gewollt? Wa jo, vu wiem gesteiert? Wat waren d’Hannergrënn vun deenen 20 Attentater? Den Text bleift vun imminenter Bedeitung, och a virun allem fir d’Nowelt!

Fir d’Justiz op alle Fall en Debakel. De Marc Thoma huet op senger Säit den Dossier Bommeleeër déi lescht Joerzéngten ëmmer nees journalistesch opgeschafft, vun der éischter Stonn un bis haut. An esou ass et nëmmen normal, datt hien d’Geleeënheet net verpasst huet, no dësem Text de Gaston Vogel an den Interview ze invitéieren.

Dem Vogel seng Texter sinn ëmmer interessant ze liesen, et ass allerdéngs grad esou spannend, him nozelauschteren. Dat Gespréich ass op apart.TV gelaf an ass elo och op dëser Säit ze gesinn, éischten Deel haut, Fortsetzung déi aner Woch. Vill Spaass!

 

 

An de Marc Thoma hat gëschter Owend op apart.TV e weideren interessante Gespréichspartner, och am Kontext Bommeleeër. Et handelt sech dobäi ëm de fréiere Chauffeur vum Colonel Brück an et geet am Interview ëm den éischten Attentat zu Beidler. Lang,lang ist’s her! De Marc Thoma huet – zesummen mam Nico Graf- mat deem Mann geschwat.

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Excellente présentation du dossier complet avec conclusion pertinente par le spécialiste en matière Me Gaston Vogel – une lecture fort intéressante complétée par une interview ultrapénétrante présentant un historique profond d’une affaire (citation) “déi ni opgekläert dierf ginn “.

    La piste “GLADIO – Stay behind” – une organisation paramilitaire secrète fondée sur la base des “Special Operations Executive” britanniques – est d’ailleurs confirmée par le grand écrivain de gauche Umberto ECO dans son roman “Nullnummer” qui démontre la surnoiserie des diverses actions executées sous le diktat d’une classe politique de droite – bien entendu strictement soumises à une obscure “discrétion absolue” du type omertà!

    La citation de Maître Vogel est donc sans doute correcte, pertinente et dit tout de cette affaire scandaleuse:

    “Selon un manuscrit émanant du directeur du SREL et du chef du STAY BEHIND HOFFMANN, discuté à l’audience du Tribunal criminel, les attentats auraient répondu à une opération globale planifiée par des groupes d’extrême droite, sous les ordres d’un INI (individu à dessein non identifié) qui aurait choisi les objectifs, la date de l’attaque, et qui aurait assuré l’endoctrinement intellectuel de ses hommes avec à la clef, un entraînement physique. Précieuse indication, bien que nébuleuse, suggérant sans le dire expressis verbis le monde « GLADIO », c’est-à-dire du STAY BEHIND italien.”

    Affaire à suivre…vraiment?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *