Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Gesellschaft

Bei der Post kréien d’Bréiwer Flilleken 

Bei der Post kréien d’Bréiwer Flilleken
post.lu

Mam Computer gouf d’Post an eng aner Welt katapultéiert. Wat fréier Deeg, munchmol iwwer eng Woch gedauert huet, brauch haut nach just Sekonnen. Fréier koum de Bréif an d’Boîte, haut kënnt de Message an d’Mailbox. De Fonds de commerce vun der Post ass am gaangen ze schmëlzen. Och zu Lëtzebuerg sinn d’Erausfuerderunge grouss an et gëllt, sech mat Zäiten ëmzestellen. D’Zäiten wou de Bréifdréier zweemol schellt, sinn eriwwer.

Eleng fir dëst Joer kommen op de Betrib zousätzlech Onkäschten vu 50 Milliounen duer, warnt de Raymond Juchem, President vun der Bréifdréieschgewerkschaft. Déi sinn op zwou bis dräi Indextranchen zeréckzeféieren, op zousätzlech Energiekäschten an op e Kollektivvertrag. Wéi an all Betrib mussen déi Suen op anere Plazen agespuert ginn oder awer, et mussen aner Méiglechkeete fonnt ginn, fir zu neie Suen ze kommen. Mä wou?

post.lu

De Courrier goung zum Beispill zejoert ëm 10 Prozent zeréck, an déi Tendenz hält un! Am Januar zejoert goufen 9.931.000 Bréiwer ausgedroen, am Januar vun dësem Joer waren et der 9.235.000, also e Minus bannent 12 Méint vu 700.000, respektiv vu 7 Prozent. Dobäi war schonn dat lescht Chrëschtdagsgeschäft fatzeg zeréckgaangen par Rapport zum Joer virdrun: minus 14 Prozent! Och d’Recommandés ginn ëm net grad 6 Prozent zeréck.

Am Laf vum Joer dann wäert dat neit Ëmweltgesetz a Kraaft trieden, mat der Konsequenz: et kritt een net méi automatesch Reklammen an d’Bréifkëscht gehäit. Et muss een dat schonn expressis verbis op d’Boîte pechen. Dat bedeit fir d’Post näischt aneschters ewéi en zousätzlechen a grousse Verloscht. Glécklecherweis gëtt et dëst Joer eng aussergewéinlech Kompensatioun.

Et sinn nämlech Gemengen- an Nationalwahlen. Si bréngen zousätzleche Courrier, och mat de Reklammebliedercher vun de Parteien. An net ze vergiessen, datt d’Bréifwahl ëmmer méi genotzt gëtt. Also nach eemol Courrier fir d’Post! Mä Wahlen sinn zu Lëtzebuerg net all Joer.

post.lu

Eng Méiglechkeet besteet am breede Fächer vun AMAZON. Do leeft de Kontrakt dat anert Joer aus a muss also nei ausgehandelt ginn. D’Grafik ënnendrënner weist, datt mat de Päck Suen ze rafe sinn….

Problematesch bleift d’Ausdroen vun den Zeitungen, en onrentabelt Geschäft: Wort, Tageblatt a Co mussen an der Nuecht, respektiv fréi Moies ausgedroe ginn. Dobäi kënnt, datt d’Zuel vun den Abonnementer permanent zeréck geet. En Defizit kann eleng doduerch verhënnert ginn, well hei de Staat via den S.I.E.G mat Subventiounen aushëlleft.

post.lu

Iwwer deem Ganzen schwieft fir de Raymond Juchem d’Fro vum Universaldéngscht. Den Ament ass dee mol garantéiert bis 2029. Kann dat och an Zukunft esou bleiwen, mat engem Verdeelen vum Courrier 5 mol d’Woch? Et ass jo dovunner auszegoen, datt schonn an nächster Zukunft d’Zuel vun de Bréiwer weider ofhëlt. Oder misst de Staat zousätzlech Subventiounen verséieren? A Frankräich an an der Belsch ass dat de Fall.

Oder awer d’Tariffer ginn gehéicht, den Timber méi deier. Iwwert all dat wäert um Kongress vun der Bréifdréieschgewerkschaft Rieds goen. Deen ass dëse Samschdeg.

Related posts

1 Comment

  1. Sethos

    Op der Post laafen ganz vill Saachen ‘schief’ wou kéint gespuert gin … mais Direktioun huet aaner Prioritéiten waat spueren ungeet. Léiwer stellen Sie lauter onqualifizéiert Léit an wou bëlleg sin, léeschten ons eng hällewull un nët grad bëllegen Direktiounswéen, bauen nei Prunkgebäier asw. Doniewt bezuelen ‘déi’ sech well fürstléch Paillen aus zënter dass déi méescht am Comex (Comité de direction) als Fonctionnaire démissionéiert hunn an als Employé privé nées angestallt goufen.
    Also wärt dir och lo verstoën wisou ech nët mat mengem richtegen Numm ënnerschréiwen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *