Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Covid-19-Gewurschtels 

Covid-19-Gewurschtels
Image par Christel SAGNIEZ de Pixabay

mat den héijen Infektiounszuelen waren weider Restriktiounen net ze ëmgoen. Ginn si duer? Warscheinlech net. D’Leit sinn am gaangen, sech op en neie Confinement “light” anzestellen, deen zimmlech sécher kënnt, dann awer mat enger Verspéidung vun op d’mannst 2 Wochen. D’Diskussioune gëschter an der Chamber hu villes méi däitlech gemaach.

Den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel hat bal net genuch Wierder fonnt, fir d’Regierungspolitik ze luewen. Kee Wonner, d’Gesondheet ass e sozialistesche Ressort.

Den DP-Fraktiounsleader Gilles Baum huet ënnerstrach, wéi schwéier senger Partei esou Restriktioune falen. Kee Wonner, Gastronomen sinn éischter eng blo Wielerschaft.

Déi gréng Fraktiounskapitänin Josée Lorsché huet vu schroen Agrëff an d’Fräiheeten an an d’Grondrechter geschwat. Kee Wonner, déi Gréng wëllen déi besser Liberal sinn.

Mam Virus léisst sech Politik maachen. Wann am Fréijoer iwwer 80 Prozent vun de Leit hannert der Regierungspolitik stoungen, esou ass deen Trend am gaangen, sech ze dréien. D’Bierger kënnen eng Partie Decisiounen net méi novollzéien.

D’Bistro an och d’Restauranten réckelen d’Still dann elo vun hallwer 11 un zesummen. Mat där Moossnam ginn et wuel manner Stroossenaccidenter, ma kaum manner Infektiounen: wien onbedéngt wëll feieren, fänkt eben e bësselchen éischter un. An de grousse Geschäfter mat op d’mannst 400 Quadratmeter däerf nach just 1 Client op 10 Metercarré kommen. Wee koum ob esou ee verwurrelte Gedanken?!  Beispill:

An engem Hobby-Maart vun 1000 Quadratmeter däerfen sech maximal 100 Persounen ophalen. Wéi den Zoufall et wëll: si stierzen sech bal all op d’Chrëschtdaagsdekoratioun, wärend déi aner Rayon quasi eidel bleiwen.! Wéi ass dat ze kontrolléieren? An datt déi Reegel 1:10 net fir déi kleng Geschäfter gëllt, huet natierlech näischt mat der Groussgaass ze din, ma éischter mat der gewinnter klenger Duerfpolitik.

D’nämmlecht ass et mat der limitéierter Zuel vu Visiteuren bei sech doheem. 4 däerfen et der sinn, d’Police kontrolléiert net bis an d’Privatsphär. Glécklecherweis! Ma dat bedeit jo indirekt, datt d’Regierung op de gudde Wëllen vu jidderengem sätzt. Ob dat duergeet?Normal, datt d’Oppositioun do genuch Fudder hat! Virun allem de Virworf ass richteg, datt d’Decisiounen ze spéit kommen, nom Motto: ze spéit, ze kleng!

An der Woch vum 19. bis de 25. Oktober goungen d’Infektiounswäerter an de Kläranlagen ëm dat Véierfacht an d’Luucht; deen Trend war schonn virdrun ofzegesinn, wéi d’Graphik verdäitlecht.

image credits:lessentiel.lu

D’Ausried vun der Paulette Lenert, hire Ministère kréich d’Statistik ëmmer mat enger Woch Verspéidung, kann an dësem Fall net gëlle gelooss ginn. Ëmmerhinn liewe mir am digitalen Zäitalter.

de Staatsminister huet sech a sengem kuerze Statement e bësselchen verplappert. Am Lëtzebuerger Wort gëtt hien esou zitéiert: Mitte nächster Woche schlägt die Stunde der Wahrheit. Wir werden dann im Regierungsrat über die Massnahmen Bilanz ziehen. An anere Wieder: fält de Bilan schlecht aus, kommen aner Moossnamen no. Déi ganz Gastronomie misst nees zouspären, a kee Besuch méi bei sech doheem.

D’Chancen, datt de Bilan positiv ausfält, stinn extreem schlecht. Dofir sinn si ze schappeg. An datt si esou séier déite gräifen – wann iwwerhaapt- géing éischter un Hokuspokus erënneren. D’Stonn vun der Wouerecht schléit deemno effektiv en nächste Mëttwoch! D’Regierung wär gutt beroden, sech haut schonn eng Strategie afaalen ze loossen an net eréischt a 5 Deeg. Den Deputéierten ass wäermstens un d’Häerz ze leeën, dëst Joer op eng Allerhäljevakanz ze verzichten…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *