Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Ëmwelt

Déi Gréng hunn de Wecker freckt! 

Déi Gréng hunn de Wecker freckt!
Photo by Bruna Corrêa: https://www.pexels.com/photo/model-covering-its-face-with-green-taro-plant-3047628/

Et ass schonn Akrobatik pur wat déi Gréng esou alles als Pirouette fäerdeg bréngen! Haut esou, muer de komplette Géigendeel…Vollbremsungen, Kéieren vun 180 Grad, ma ëmmer als gréngt Seefepolver verkaf, nom Motto: mir wossten et nach ëmmer besser! Grad an engem Wahljoer ass dat allerdéngs e geféierlecht Spill. Zwee rezent Beispiller sollen Opklärung ginn.

D’Gemeng Käerjeng an déi ganz Ëmgéigend soll jo e Contournement kréien. Déi Strooss ass zanter iwwer 20 Joer am Gespréich. En éischten Tracé vum deemolege Minister Claude Wiseler gouf vun de Gréngen an de Schredder geluecht an duerch en Neien ersat. 2018 gouf d’Gesetz ugeholl an an engem Mount elo hätten d’Aarbechten sollen ufänken.

kÄerjeng.lu

Ma déi Gréng -ëmmer gutt fir eng Iwwerraschung- hate viru Wochen e komplett neien Tracé op den Dësch getässelt. De politeschen Observateur kënnt aus dem Staunen net eraus!

  1. Déi Gréng hunn 5 Joer gebraucht fir nozedenken.
  2. Déi Gréng hunn hiren eegene (Gesetz)Projet op d’Piffkaul gepucht.
  3. Déi Gréng waren 2016 strikt géint en Tunnel, an der Haaptsaach wéinst Käschtegrënn.
  4. Déi Gréng sinn elo fir en Tunnel, aus wat fir enge Grënn och ëmmer.
  5. Déi Gréng hunn dat esou decidéiert, ouni dat am Regierungsrot ofseenen ze loossen.
  6. Déi Gréng ginn ëmmer méi zu enger Péng!

Déi ganz Geschicht bis dohinner hat ech viru Wochen beschriwwen a kommentéierthttp://bit.ly/40C4nUU. Nom Motto vu Max a Moritz: Dies war der erste Streich, doch der zweite folgt sogleich, krut d’Geschicht elo en neit Kapitel.

Eleschte Freideg war nees Aarbechtsreunioun an der Käerjenger Gemeng mat e.a. engem Vertrieder aus dem Ministère vun den ëffentleche Bauten. Vu Bausch a Welfring keng Spuer. De Mann vun Champs-et-Poésie konnt keen eenzegt valabelt Argument ervirbréngen, firwat d’Tracéen sollten ausgetosch ginn. D’Gemeng- zanter dem 1. Mäerz am Krichszoustand-, hat sech donieft e juristeschen Avis gefrot, an dee war zu der Konklusioun komm: en neie Projet bedeit, datt déi ganz Prozedur nees bei NUll muss ugefaange ginn!

Also nach eng Kéier 10 bis 15 Joer waarden?! Den Expert aus dem Ministère war esou guer der Meenung, datt eleng d’Etude fir den Tunnel géing 5 Joer brauchen; dat héing vill vum Käerjenger Buedem of, deem seng Konsistenz net ideal wier, fir am Ënnergrond ze buddelen. Dat Bescht kënnt zum Schluss heescht et jo, an dee Mann huet schliisslech d’Kaz aus dem Sak gelooss: säi Minister géing de souzesoen leschten Dossier vum originalen Tracé an dësen Deeg an den Ëmweltministère areechen. Dobäi handelt et sech ëm déi sougenannten Kompensatiounsmoossnamen.

Wann d’Natur nämlech op enger Plaz “x” muss fir e gréisseren Infrastrukturprojet zerstéiert ginn, da mussen Beem an Hecken op enger anerer Plaz “y” nei ugeplanzt ginn. Ech hat virun dräi Wochen ënnerstallt, datt op deem Punkt de Ministère net seng Hausaufgaben gemaach hätt. D’Madamm Welfring kritt dat also elo nogereecht a soll/muss bannent dräi Méint reagéieren.

Sollt si gréng Luucht ginn, stéing dem initiale Projet -ëmmerhinn Gesetz zanter 5 Joer- näischt méi am Wee. Politesch ass de Contournement ausdiskutéiert, hei handelt et sech just nach ëm reng technesch Decisiounen. Ceci rendrait caduque toute discussion sur le nouveau projet et la construction du contournement pourra être enfin entamée… Den Observateur stellt fest:

  1. Déi Gréng hu sech zweemol an de Knéi geschoss: si hunn hiren eegenen éischten Tracé zeréckgezunn a si hunn hiren eegenen zweeten Tracé no nëmmen engem Mount diskret begruewen.
  2. Déi Gréng hunn och net méi politesche Courage ewéi anerer a refuséieren zouzeginn, datt si de Contournement an eng Sakgaass  wollte manövréieren.
  3. De Pressecommuniqué gouf vum Käerjenger Gemengerot unanim ugeholl, also och vun deene lokale Gréngen. Eenegkeet gesäit aneschters aus. Die Kacke ist am Dampfen
  4. De Contournement ass eng super Reklamm an engem Super-Wahljoer. Déi Gréng hu gewisen, wéi een et op kee Fall soll maachen!

Hei de ganze Communiqué vum Käerjenger Conseil:

CP Contournement Bascharage def

“…an den Turmes vergësst seng eege Ried…!”

Mir goungen d’Aen op ewéi Ginsescheeken wéi och op RTL.Lu den Titel ze liese krut:

     Waasserstoff soll weider gefërdert ginn.

Grad wéi wann dat déi normaalste Saach vun der Welt wier! Ech erënneren drun, datt de 24. September 2019 op enger Sëtzung vum europäeschen Energie-Conseil(TTE-Energie) eng Grouss-Offensive fir de Waasserstoff lancéiert gouf, mat quasi all de Länner, virop mat Éisträich, Däitschland, Frankräich, Italien, Belsch an Holland. De Grand-Duché awer war retizent. Hei de Link zu mengem Artikel vun deemols https://bit.ly/3JROJNdDen Internet vergësst näischt!

gkonline

Fir déi groussherzoglech Gréng ass den technesche Fortschrëtt eben bei de Wandmillen hänke bliwwen. Ma dat hält den Energieminister Claude Turmes net dovunner of, sech mat Fiederen ze dekoréieren déi him net gehéieren. Elo ass hien Waasserdréier. Zitat: “Dat wat fir eis als Lëtzebuerg flott ass, datt mer mat Paul Wurth, a mat hirer Joint-Venture Sunfire, als Lëtzebuerg en Acteur hunn, deen an där Industrie-Prozess do mat dran ass”. Flott ass tatsächlech a virun allem, datt et Industrieller gëtt mat Wäitsiicht a mat Courage fir ze investéieren.

Mat Politik eleng kritt een kee Botter fir op d’Schmier! Hale mir fest: deene Gréngen hir Wahlcampagne huet Holterdipolter ugefaangen. Et kann nëmmen de Biergop goen…obwuel! Hiere Slogan ass och net grad en Zeechen vun héigerer Intelligenz!

 

Esou am Genre: et ass déi mam Sam Tanson. Tatsächlech over and out.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *