Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Den ëffentlechen Transport ass (nach) net d’Martingale géint CO2 a Stroossestau 

Den ëffentlechen Transport ass (nach) net d’Martingale géint CO2 a Stroossestau
luxtram

 

Fänke mir un mat Däitschland. Déi aner Säit vun der Musel hunn si zwar net de gratis ëffentlechen Transport, dofir awer den Deutschlandticket. Fir 49 Euro de Mount kann een esou vill an esou wäit op däitschem Territoire rullen ewéi ee wëll. Déi däitsch Regierung – eng Ampel- ass besonnesch houfereg dorobber: wéinstens dat hätt si fäerdeg bruecht, an et géing kräfteg CO2 gespuert ginn. Bla, bla, bla!

De Kanzler Olaf Scholz huet nämlech beim Mäerchevirliesen gehéiereg iwwerdriwwen: als  Regierungskapitän wollt hien dem Land virgaukelen, datt a 7 Joer duerch dës Moossnam 22,6 Milliounen Tonnen CO2 manner géifen an d’Ëmwelt ausgestouss ginn. Dogéint protestéiert huet ausgerechent….déi däitsch Ëmweltagence: keng 23 Milliounen Tonne kéinten agespuert ginn, ma just déck 4 Milliounen. Also bal 6 mol manner!

SZ.de

Mille millions de mille sabords géing den Haddock fluchen! An d’Ëmweltagence setzt nach eng drop: et géingen zwar méi Leit op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, ma zugläich géinge manner Suen iwwereg bleiwen fir an d’Modernisatioun vum Zuch ze investéieren; op laang Siicht géing den ëffentlechen Transport nees un Attraktivitéit verléieren an also wär den Effekt op de Klima gläich Null!

Wéi de L’EXPRESS schreift: Des résultats peu surprenants: toutes les expériences de gratuité des transports dans tous les pays du monde conduisent systématiquement à vider surtout les trottoirs et les pistes cyclables, et peut, voire pas, les voitures. Dat Wichtegst fir déi meeschte Leit wier net d’Gratuitéit, ma d‘Offer vum ëffentlechen Transport. Dat wier d’Ursaach firwat ëmmer nach 80 Prozent vum Gesamtkilometrage mam Privatauto gemaach ginn.

E Sondage a Frankräich huet erginn: 5 Prozent vun de Leit soen, si géingen den ëffentlechen Transport net benotzen, well hien ze deier ass, an et si 50 Prozent déi sech iwwer d’Offer beschwéieren. Dat dierft zu Lëtzebuerg net vill aneschters sinn, wou eng Rei Dierfer vum ëffentlechen Transport komplett lénks leie gelooss ginn.

luxtram

Wat de Klima betrëfft: sinn Zich an Tram wierklech mat grénge Stroum ënnerwee? Si méi ewéi 5 Prozent vun de Busser elektresch? Ass mam Tram de Reseau vun de stättesche Busser méi kleng oder ieren nach méi grouss ginn, wat de Kilometrage ugeet? Dat Lescht ass de Fall ma et kritt een et net offiziell confirméiert!

Den Tram gouf – fir lëtzebuerger Verhältnesser- wéi am Blëtz installéiert, an der Haaptsaach bedéngt duerch eng Privatgesellschaft, ma awer wuel och op Drock vum Minister. En Ufank ass domadder gemaach, net méi! D’Offer muss bedeitend besser ginn, an déi energeetesch Transitioun däerf net gratis sinn! Op d’mannst net fir jiddereen, aus zwou Ursaachen: d’Gratuitéit vu Bus-Tram-Bunn ass kee Leckerli fir eng Persoun mat engem Akommes vun iwwer 8000 Euro de Mount.Deem ass dat esou eppes vun egal! An et ass dat falscht an onsoziaalt Signal no baussen, datt fir esou eng bedeitend Transitioun eleng de Staat an der Responsabilitéit ass, an de Bierger sech et ka kamoud um Canapé maachen.

De Käschtepunkt ass schliisslech net näischt! Op der Säit vu Luxtram liesen ech, datt 16 Km Tramschinnen 565 Milliounen Euro kascht hunn! Ëmmerhin iwwer 23 Milliarden där aler lëtzebuerger Frang. Mam laisser-aller vum ‘et kascht wat et kascht’ muss et eriwwer sinn! Déi nämmlecht Iwwerleeung gëllt fir d’Crèchen déi grad vu Leit mat déckem Portmonni als zousätzlech Parkméiglechkeet genotzt ginn fir d’Kanner ofzestellen.

Ech ka mir schlecht virstellen, datt do déi nei Regierung wäert de Reckwäertsgang aleeën, d’Gratuitéit fir jiddereen wäert ophiewen. Ma déi sozial Selektivitéit muss Sujet ginn fir déi näechst Joer. Eng gutt Geleeënheet wär zum Beispill den 13. Mount an de Privatrenten.

Vum anere Joer un sollen d’Recetten am Fonds de compensation manner séier klammen ewéi d’Ausgaben. Kee Grond zur Panik bei 24,5 Milliarde Reserven. Ma et kéint een an aller Rou u veschidene Schrauwen dréien an d’Leit wäit am Viraus drop virbereeden: datt d’Rent méi héich ass, datt den 13. Mount méi kleng ausfält! Wàr dach emol en Ufank¨

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Huet deen éischter zréckhalenden Olaf-Kanzler do net een Aan zougepëtzt, wéi hien déi “immens” Ukënnegung do lancéiert hat? Flott, den Haddock hei ze beméien….Mille millions de mille sabords , wéi deen hei géing fluchen! Jo an egal wéi, d’Geflunkers (erënnert dat hei eis net un d’GeJUNCKERs, dee souguer d’Léien als nëtzlécht Instrument an d’Debatt gehäit hat?) an d’Jongléieren mat oft falschen, awer ziilorientéierten Zuelen, déi zweckgebonnen a vum breede Public séier vergiess sinn, ass bekanntlech nëtzleche Programm vun eiser politëscher Klass…Egal wéi, massiv Investitioune mat attraktiver Tariffgestaltung ass absolute Pflichtprogramm an der EU an de Succès vun eisem Tram ass net ofzestreiden – a war fir mech perséinlech, als Mann vun där éischter Stonn, direkt scho kloer. Nom “Tram fir d’Stad” gëllt et, deen Tram als S-Bunn (bspw. och fir den Osten vum Land ) weider auszebauen, dat ass och am Sënn vun enger – scho vu Schwäizer Experten am Beräich Verkéier a Landesplanung , déi eist Land viru Jore schonn a Richtung Prioritéit fir ee schinnegebonnenen ÖT orientéiert haten- richteger, well zukunftsorientéierter Transportpolitik, laanscht déi egal wéi kee Wee féiert. Fir de Minister Fränz Bausch ass seng engagéiert Mobilitéitspolitik an deem Sënn eng héchst respektabel “mission accomplie” , déi eist Land och europawäit am Kontext vun den Investitioune auszeechend! Datt et nach Schwaachstelle ginn, ass evident, besonnësch an der Desserte vum ländleche Raum. Ze begréissen ass, datt och d’CSV (cf. déi nei Europadeputéiert) déi absolut Prioritéit fir d’Schinn generell, awer och bspw. am Wettbewerb mam iwwerdriwwene Flugverkéier ENDLECH erkannt huet . Besonnësch déi mëttler Streck ass hei een Usazpunkt, wou den Zuch nach däitlech Schwächten huet, awer onbestreutbar am Virdeel ass…Mol kucken, wat eis nei Regierung hei ze bidden huet an do ass d’Persoun vum neie Minister fir d’Mobilitéit absolut net egal…A suivre deemno!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *