Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Vu Gewalt, vu Police, vu Politik 

Vu Gewalt, vu Police, vu Politik
Image par Ichigo121212 de Pixabay

averstanen! D’Sécherheetsgefill vum eenzele Bierger ass zimmlech subjektiv. Et geet duer, datt een eenzege Fall vu Kriminalitéit staark mediatiséiert gëtt, a schonn fillt de Mënsch sech bedeitend méi onsécher, manner wuel a senger Haut. D’Statistiken beleeën dat och iergendwéi, an de politeschen Hin-an-Hier tëscht dem Minister Kox an dem stater Schäfferot grad esou. A 24 Méint fänkt d’Super-Wahljoer unn, den Thema Sécherheet wäert ee vun den Sujet sinn an der Wahlcampagne, op d’mannst op kommunalem Niveau. Firwaat?

Eisen Noper Frankräich huet an dësem Kontext e vill méi grousse Problem. Ëmmerhin hu viru 6 Wochen e puer pensionéiert Genereel quasi en Opruff zum Putsch gemaach, fir datt d’Arméi mol nees fir Recht an Uerdnung kéint suergen! Déi Schlappe-Genereel muss een net eescht huelen, ma och eng Policegewerkschaft wéi FRANCE POLICE schreift dem Staatspresident Macron an d’Gewëssen:” Dans le cadre de l’état d’urgence, il faut procéder au bouclage des 600 territoires perdus de la République, y compris avec le renfort de l’armée, en contrôlant et en limitant les entrées et sorties de ces zones par des check points, sur le modèle israélien de séparation mis en place avec les territoires palestiniens!”

Image par juni_cz de Pixabay

Feelt nach just de pickegen Drot!

Dobäi ass d’Situatioun a Frankräich änlech wéi bei eis. D’Zuel vun de Morden geet zanter 25 Joer zeréck vun 1200 op 900 d’Joer, déi physesch Gewalt bleift stabel bei 710 Affer am Joer 2018. Eleng déi sexuell Gewalt huet zougeholl, wat erstaunlech ass fir meng Generatioun: mat der sexueller Befreiung virun allem vun der Fra, ma och vum Mann, ware mir dervunner ausgaangen, datt déi verschidden Zorten vu Frustratiounen sech déiten ofbauen. Dat schéngt definitiv net de Fall ze sinn. Derbäi kënnt, datt ëmmer manner Fraen sech genéieren, iwwer d’Gewalt vun hirem Partner an der Ëffentlechkeet an um Geriicht ze schwätzen.

D’Kriminalitéit huet also a Frankräich net weider zougeholl, mä ” d’Qualitéit” vun der Gewalt. D’Delinquenz bei de Jugendlechen fänkt scho vill méi fréi un, an et gëtt sech och net zeréckgehalen, mol richteg dran ze fachen. 27 Méint sinn et hier, datt en Trapp vu ronn 10 Jugendlechen an enger Zuchgare zwee Männer vun den CFL därmoossen zerklappt haten, datt si duerno allebéid hu mussen an d’Klinik. Am L’EXPRESS (No 3646) seet dann och e Riichter: La délinquance n’explose pas, les peines d’emprisonnement fermes prononcées sont de plus en plus longues et nombreuses. Gewalt ass eben net gläich Gewalt!

Virun allem huet Frankräich awer e Phenomen, vun deem Lëtzebuerg bis ewell verschount bliwwen ass: d’Gewalt géint Pompjee an Ambulancier. D’Zuel vun de Pompjee déi wärend enger Aggressioun blesséiert goufen, goung bannent 10 Joer bei eisem Noper ëm dat Dräifacht an d’Luucht. E Phenomen, deen net ze verstoen ass: normalerweis sinn dës Männer a Fraen am Asaz, fir Mënscheliewen ze retten, an net fir Persounen ze kujenéieren.

D’Gewalt géint déi franséisch Police hëlt grad esou dramatesch zou. Am Joer 2000 goufen iwwer 13.000 Polizisten blesséiert, virun zwee Joer waren et der iwwer 31.000! Am Laf vun deenen 20 Joer sinn Terrorismus bäikomm plus verstäerkte sozial Onrouen ewéi duerch d’gilets jaunes. An esou huet den “treie” Staatsbierger d’Gefill, jo, d’Iwwerzeegung, datt de Staat d’Situatioun net méi am Greff huet, datt hien am gaangen ass, sech selwer opzeléisen.

De franséischen Inneminister Gérald Darmanin seet am l’EXPRESS: L’Etat est attaqué de toutes parts an d’Zeitung schreift als Ënnertitel: le ministre demande de ne pas nier le réel et veut progresser en termes d’expulsion des ressortissants étrangers auteurs de troubles à l’ordre public. Liest sech bal wéi eng Krichserklärung!

Zu Lëtzebuerg ass d’Situatioun bei wäitem manner alarmant. An awer kënnt bei enger Partie Bierger d’Meenung op vum Delitement vum Staat, vun der Kapitulatioun vun der ëffentlecher Hand. Grad déi lescht Wochen ware signifikativ! Eng Clique vu Jugendlecher – warscheinlech aus dem Maghreb- huet bannent e puer Deeg am hellen Do zougeschloen a Leit souzesoen matzen an der Groussgaass iwwerfall: eng an d’Schnëss geschloen oder och net, d’Ketten vum Hals gerappt, d’Rolex vum Aarm gestrëppt, Portmonni an Handy matgeholl…und Tschüss! Keng Angscht dobäi erwëscht ze ginn.

Dat war eng 6-8 mol de Fall, net vill, ma genuch fir däitlech ze maachen, wéi séier an einfach d’Sécherheet vum eenzele Bierger kann op d’Kopp gestallt ginn. Dës Zort vun Iwwerfäll weisen, datt si ëmmer an iwwerall méiglech sinn! Eenzeg Viraussetzung: den Täter däerf sech net genéieren, an der Ëffentlechkeet ‘zouzeschloen’.

Image par Daniel Kirsch de Pixabay

Dem Staat seng Muecht ass ënnerhillegt. Wann dann nach verschidden aner Phenomener derbäi kommen, wéi zum Beispill vill Heescherten an der Stad an op der Gare, eng Partie Abréch an Haiser, Jugendlecher, déi randaléieren, Vandalismus, da fält beim Bierger den image vum Staat wéi e Kaartenhaus zesummen.

Oder wéi grad an dësen Deeg: e jonke Kärel gëtt festgeholl. Hie war derbäi erwëscht ginn, wéi hien enger Persoun d’gëlle Ketten vum Hals gerappt hat. Well keng Plaz fräi war am Jugendprisong, gouf dee jonke Borscht kuerz drop nees lafe gelooss! Op de soziale Medien gëtt fatzeg doriwwer polemiséiert, duerchaus verständlech, bis e gewëssene Grad vun der Roserei. Et handelt sech hei ëm dee komplett falsche Message un d’Ëffentlechkeet. Fir e jugendlechen Delinquent kann dat jo just bedeiten weider esou, fir d’Police ass et eng riicht an d’Gladder:si huet hier Aarbecht gemaach, ma de Staat päift doropper.

An de Sujet gëtt politiséiert, spéitstens dann, wann hien vun der ADR opgegraff gëtt. Deen Ament gëtt politesch randaléiert, vu riets an och vun der gôôche, a wou mir zwou Saachen opfalen: dee rietsen Eck huet Tendenz, d’Saach ze iwwerdreiwen, d’Situatioun zouzespëtzen; dee lénke Bord acceptéiert, déi sexuell Gewalt géint Fraen ze thematiséieren, deet sech awer bossegerweis schwéier, déi physesch Gewalt op der Strooss grad esou un de Pranger ze stellen.

“…méi Gewiicht fir d’Politik!…”

Et ass normal, datt d’Gewalt sech an der Haaptsaach a gréissere Gemengen ofspillt, virop an der Haaptstad. Wat awer kann de Schäfferot um Knuedler vill aneschters ënnerhuelen, ewéi stänneg dem Polizeiminister Kox an den Oueren ze leien, un hien ze appelléieren, endlech aktiv ze ginn?! Dat riskéiert just zu enger politique politicienne ze degradéieren, politescht Gepiddels, dat näischt bréngt, ausser eventuell déi eng oder aner Stëmm méi um Wahlziedel.

Iwwer dem Schreiwen vun dësen Zeilen fält op, datt keng gréisser Gemeng hier eege Police huet. Och net d’Haaptstad! Dat war fréier mol aneschters. Net well fréier souwisou alles besser war, mä déi kommunal Gewalt iwwer d’Police war bei der Fusioun vu Police a Gendarmerie ofgeschafe ginn. Wär et net un der Zäit, si nees anzeféieren, wéinstens doriwwer nozedenken?

Souguer wann déi ablacklech Zesummenaarbecht tëscht der Police an dem blo-schwaarze Schäfferot aus der Gemeng Lëtzebuerg net vill ze wënschen iwwereg léisst, esou géing eng eegen kommunal Police sech dach perfekt an dat vill geluefte Konzept integréiere loossen vun der Politik vun de kuerze Weeër!

E Gemengepolitiker weess am Beschten, wou de Bierger de Schong dréckt, hien ass mat him a permanente Kontakt, och wat seng Sécherheet betrëfft. Wär et also net déi normaalste Saach vun der Welt, wann d’Gemeng via Buergermeeschter a spezielle Schäffen iwwer eng eege Police kéint verfügen?!

Natierlech ginn et Pro- a Contra-Argumenter, déi awer eng Diskussioun net verhënneren, ma am Géigendeel stimuléiere sollen. Dem politesche Klengkrich tëscht der Gemeng Lëtzebuerg an dem Polizeiminister wieren domadder allemol Grenze gesat. Wéi gesot: an zwee Joer gi mir wielen…

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *