Op RTL.lu gouf rezent en interessante Lieserbréif vum Thierry Gillen (1) iwwer d’Juegd publizéiert. Fir en Neophyte kéinte seng detailléiert Erklärungen e bëssen ze wäit goen, besonnesch well déi laang Ausféierungen dem Lieser bëssen Gedold ofverlaangen. Trotzdeem ass d’Thema interessant an definitiv diskussiounswäert. Op elo een fir oder géint Juegd ass, spillt hei elo keen Thema
Aus prakteschen Iwwerleeungen resuméieren ech dem Här Gillen säin zweedeelege Lieserbréif: Haaptsächlech geet et ëm e Juegdlous, dat um Haff Réimech läit a vun der Administration de la Nature et des Forêts (ANF) geréiert gëtt. Dëst Lous gouf zanter dräi Joer net méi bejot, wat zu enger Eskalatioun vum Wëllschwäinproblem an deem Gebitt gefouert huet. Wëllschwäin verursaachen net nëmme Schied an de Wéngerten, mä och am Naturschutzgebitt, wou se Buedembrüter stéieren. D’Situatioun ass scho grotesk ze nennen, well d’ANF sech jo selwer net un hir eege Reegel an Gesetzer hält, wat hir Juegdpflicht als Piechter ubelangt.
Obwuel d’ANF Ofschosspläng opstellt, kritt si et deemno selwer net fäerdeg, op dësem Lous Wëllschwäin ze schéissen, ënner dem Virwand, et wier ze geféierlech. Mat guddem Wëllen a praktescher Erfarung wier dat awer méiglech mengt den Auteur vum Lieserbréif. Firwat engagéiert eng staatlech Institutioun sech dann iwwerhaapt fir e Juegdlous, wann hir eege Pläng net emol ugesiichtsweis erfëllt ginn? De Verdacht läit no, datt dëst kënschtlech arrangéiert gouf, fir d’Fallenjuegd op Wëllschwäin kënnen anzesetzen.
Ier ech selwer mäi Pefferkär well bäidroen, well ech hei puer Punkten erfier hiewen déi ee soll bedenken:
De Juegdpiechter, deen eng Pacht un d’Proprietäre vun de jeeweilege bejobaren Terrain bezilt, kritt
a) staatlech Oplagen (Ofschossplang)
b) gëtt net fir seng Aarbechten am Revéier bezuelt an kritt keng Ënnerstëtzung fir déi gefuerdert juedglech Aktivitéiten
c) gëtt och elo ëmmer méi mat bürokratesche Prozeduren agedeckt (Umeldung Klappjuegd, Autorisatioun fir en Hochsitz deen net dierft traitéiert sinn etc. etc)
d) muss fir all Wëldschued an de Wisen a Kulturen opkommen, déi vu bejobaren Aarten verursaacht gi sinn.
Kritik un der Falejuegd
Ech wëll betounen, datt d’Entente tëscht der ANF an de Jeeër allgemeng gutt ass a sech verbessert huet, besonnesch säit

d’Opstellung an der Direktioun geännert huet. Wat d’Falenjuegd op Wëllschwäin ugeet, bleift déi Method awer staark kritikabel. Hei ass et warscheinlech, datt e Beamten, dee säit Joren am Konflikt mat de Jeeër ass, dës Method promouvéiert huet, ouni sech mat sengem Minister ofzeschwätzen. Et ass och den nämmlechte Beamten, dee ca 1 ½ Joer laang e Projet de loi iwwert den Hallefautomat an den Thermalgeräter fir Jeeër betreffend Reduktioun vum Schuelenwëld, dee vum Conseil Supérieur de la Chasse ofgeseent wor, am Tirang leien hat bis dass de Staatsrot huet misse reklaméieren.
Esou eegewelleg Handlunge sinn kontraproduktiv a schüren just Konflikter.
D’Falen, déi hei agesat ginn, si keng klassesch Falen. Se funktionéiere wéi grouss Käfeger, an deene massiv Mais agesat gëtt – vill méi wéi dat iwwerhaapt gesetzlech erlaabt ass. Am Joer kënne bis zu 500 Kilogramm Mais pro Fall (!) verschafft ginn, wat dann och net méi als gesetzeskonform„ukirren“ mee carrement als „fidderen“ ka bezeechent ginn. Wann d’Schwaïn an der Fal sinn, briechen se a Panik aus, a propper, déidlech Schëss si schwéier auszeféieren. Dës Praktik entsprécht kengem ethesch-verantwortlechen Ugoe fir d’Juegd, mä éischter enger reegelrechter Schädlingsbekämpfung ouni Ethik.
Falejuegd vs. ASP
Jeeër akzeptéieren dës Method nëmmen am Fall vum Ausbroch vun der Afrikanescher Schwéngspescht (ASP), well déi Krankheet en immense wirtschaftleche Schued verursaache kann. Am Fall vun engem ASP-Ausbroch gi massiv Restriktiounen agefouert, wat net nëmme Jeeër, mee och Bëschaarbechter a Baueren an den normale Bierger staark beaflosse géif: Betriede vun engem ASP betraffenen Gebitt bréngt eng Sperrzone mat sech déi keen dierf betrieden! Also weder Aarbechten nach Spadséiergäng sinn an deem Gebitt erlabt!
Dës Situatioun weist, wéi wichteg eng konsequent Juegd ass ouni awer Ethik ze negligéieren. D’Regierung huet entscheet, d’Falenjuegd nëmme limitéiert um Haff Réimech z’erlaben – wuel als Experiment, dat genee beobachtet soll ginn.
D’Roll vum Jeeër an der Gesellschaft
Jeeër ginn nach ëmmer vun den „Anti-Chasse“ als “Hobbymäerder” diffaméiert, déi „onschollëg„ Déieren ouni Grond ëmbréngen. Dat ass aleng vun der Ausso eng intellektuell Kalwerei an soll och hei net weider kommentéiert ginn. Ech wëll och keng weider pro oder Contra Débatt iwwert Juegd ausléisen mee ginn just ze bedenken, dass d’Juegd, obwuel benevole, praktesch ennert staatlecher Opsicht steet an als „utilité publique“ gëllt wärend dat gewonne Wëldfleesch eng eenzegaarteg natierlech Ressourcen duerstellt.
Mëttlerweil gesinn dat och verschidden Emweltschutzorganisatiounen an, déi en méi héijen Ofschoss fuerderen.
Populatioun vum Schuelenwëld ass effektiv staark gewuess, ënnert anerem wéinst de méi melle Wantere mee och wéinst de Monokulture wéi den Mais, déi net nëmmen eng energeetescht Fudderquell duerstellt, awer och Schutz fir Wëld bidden.
7 % vun eiser Landfläch ass Mais!
Dat ass méi wéi eist gesamt Strossennetz zesummegerechent.
Maiskulturen hunn dozou bäi gedroen, dass de Reproduktiounszyklus vun de Wëllschwäin ausser Kontroll geroden ass an Schwäin praktesch ganz Joer kennen zillen.

De Verursaacher -Prinzip gëtt hei leider net besonnesch berücksichtegt an de Juegdpiechter muss Rechnung bezuelen.
Et ass net ofzestreiden, dass Wëld, wéi Réi, besonnesch a jonke Plantatiounen Schued mécht. Allerdéngs spillen an där Diskussioun iwwert eis Bëscher wirtschaftlech Interessen eng maassgeeblech Roll. Et wär falsch ze behaapten, eis Schuelenwëld wär eng substantiell Gefor fir eis Beem wuel awer fir Monokulturen, déi aus wirtschaftlechen Zwecker ugepflanzt ginn. Wëld zerstéiert net säin eegent Habitat. Eis Fichten, déi nom zweeten Weltkrich massiv ugeplanzt goufen, stiewen of well déi joerelag Drechenheet an de Borkenkäfer se geschwächt hunn. Se ginn elo ofgeholzt an gëtt nei ugeplanzt wat Wëld halt unzitt.
Fakt ass, dass mir vill Holz brauchen fir eis Industrie, Miwwelen, Haiser etc. an deemno den Konflikt mat eiser Wëldpopulatioun net ausbleift.
E beschiedegten, ugfeegten oder ugefriesenen Setzling stierft net onbedéngt of mee wiisst kromm, wat e wirtschaftlech entwäert.
Routwëld (fir den commun du mortel: Hirsch) ass ganz sensibel op Präsenz vu Stéierungen haaptsächlech vum Mënsch. Et ka geschéien, dass Déiere, wëll se duerch eng stark Präsenz vum Mensch enner Stress stinn, Schuel vun dem Beem erofschielen wat zu ganz massive Schied an engem Bësch ka féieren. Et ass net fir näischt, dass Jeeër säit Jore Réckzuchsgebitter a Routwëld- Revéiere fuerdere fir esou eppes z’evitéieren.
Eng intelligent Approche fir Wëldschued
E puer Zuelen : den offiziellen Montant, deen de betraffenen Leit fir de Wëldschued ausbezuelt gëtt, variéiert vu Joer zu Joer.
2011 waren et 380.237 Euro mat engem Rekord vun 777.404 Euro 2019.
2022 goufen 389.846 Euro ausbezuelt.
Fir dat an de Kontext ze setzen, gëtt bei engem 100 % Ausfall op engem Hektar Mais (Silomais) de Präis vu ca 1.900 Euro ugesat. (2)
Dat ass nawell gutt bezuelt wann ee bedenkt, dass de Staat, fir den nämmlechten Schued deen vum geschützten Dachs verursaacht gëtt, just halschend op den Dësch leet. Entweder bezilt hei een ze vill oder deen aneren net genuch….
Aleng dat Beispill beleet, dass hei eng Reform batter néideg ass.
Fir de Wëldschued a Grenzen ze halen, läit Léisung an der enger Zesummenaarbecht tëscht de Baueren, de Bëschbesëtzer, de Jeeër a staatlechen Institutiounen. Jidderee soll do seng Responsabilitéiten huelen an dozou bedroen, de Schued esou kleng wéi méiglech ze halen. D‘Jeeër deen Teller aleng ausläffelen ze loossen ass sech Saach ze einfach gemaach.

Propositiounen:
Follgend Moossname kéinten dozou bäidroen, de Wëldschued besser an de Grëff ze kréien an den gefuerderten Ofschossplang besser z‘erfëllen:
- Obligatoresch Schossschneisen a Schutzmoossnamen (z.B. elektreschen Drot) bei empfindleche Kulturen
- Flexibel a vereinfacht Planung vu Klappjuegden woubäi de Piechter soll informéiert ginn, wa Bëschaarbechten oder Fällungen an der Period vun de Klappjuegden ufalen
- Gesetzlech virgeschriwwe Vitesslimitatioune vun ëffentlechen Stroossen bei Klappjuegden
- Erlabe vun der Nuetsjuegd.
- Eng substantiell, staatlech Ënnerstëtzung vun de Jeeër bei der Vermaartung vum Wëldfleesch.
- Eng nei Deckelung bzw. Opdeelung vum Wëldschued déi der momentaner Situatioun Rechnung dréit.
Dëst géif net nëmmen de Schued reduzéieren, mä och d’Akzeptanz vun der Juegd an der Gesellschaft verbesseren an dem Jeeër erméiglechen, sengen Ufuerderunge gerecht ze ginn.
Joe Wissler
Vizepräsident vum Lëtzebuerger Wëldschutzverband asbl (LWV)
- https://www.rtl.lu/news/lieserbreiwer/a/2265589.html
- (2) https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/chasse/degats-gibier/tabelle-zur-bewertung-von-wildschden-2024.pdf?utm_source=chatgpt.com
Trotz dene verschiddene Remaniementer bei der ANF an dem MEV schéngt nach ëmmer de selwechten ideologesche Geescht weiderhin do ze spuken.