Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Neit Waffegesetz an der Schosslinn! 

Neit Waffegesetz an der Schosslinn!
Image parBrigitte Werner de Pixabay

et gi Leit, déi sammelen Timberen, Käppercher(zwar ëmmer manner), et gin der, déi sammele Mënz, an et ginn der, déi sammele Waffen: Flënten, Klabëssen, Messer, Säbel, Häerz, wat begiirs de! Do soll et eng Persoun ginn, déi gläich e puer dausend Stéck an hirer Collectioun huet. D’Lëtzebuerger Regierung ass am gaangen, eng europäesch Directive  fir en neit Waffegesetz ëmzesetzen, ma et heescht, si géing dobäi wäit iwwer de proposéierten Text erausgoen. Dat mécht d’Collectionneuren richteg roosen.

 

Z oustänneg ass de Justizminister Felix Braz. En éischten avant-projet de loi huet sech un dat gehaalen, wat vu Bréissel virgeschriwwen ass. Toute la directive et rien que la directive! Deen Text gouf vun der grénger Fraktioun allerdéngs nogebessert a bedeitend verschäerft. Ouni an den Detail ze goen – ech verstinn glat a guer näischt vu Waffen, schaffe just mam Knäipchen- ass déi europäesch Directive exklusiv am Kontext ze gesinn vum Terrorismus. Den ablackleche Gesetzprojet zu Lëtzebuerg geet an deem Sënn méi wäit, datt d’Waffen sollten démilitariséiert ginn, wëll heeschen, matt deene Waffen soll et net méiglech sinn, och nëmmen een eenzege Schoss lass ze ginn,respektiv, datt ee kenger Persoun kann domatter kierperlech wéi doen(Messer a Siewel). An anere Wieder: de Collectionneur misst mat senge Sammelstécker beim armurier passéieren, fir se esou ëmänneren ze loossen, datt si net méi kënne gebraucht ginn. Dat kascht éischtens mol Geld, an zweetens ass d’Waff net méi vill wäert, fir de Fall, wou een se wéilt verkafen.

Image parClker-Free-Vector-Images de Pixabay

N atiirlech sinn der vill ënnert eis – ech mat abegraff- déi kënne guer näischt mat Sammele vu Waffen ufänken, mol net mam Gedanken dorunner. Mä, wann een näischt Béises domatter mécht, ass Waffen-Collectioun net méi komesch ewéi Käppercher an en Album stiechen, oder doudeg Päiperlécken op e Blaat opnoolen.

Op alle Fall iergeren sech d’Waffesammler ganz geheireg, an et ass ee verwonnert, wéivill et där gëtt. Derbäi kommen d’Sportschéisser an natiirlech och d’Jeeër: si hu Waffen, fir se ze benotzen, ma hunn dacks déi eng oder aner Prachtflënt am Schaaf kludderen. Do kéime gutt a gären e puerdausend Leit zesummen, ënnert hinnen der ëmmer méi, déi un de Ministère schreiwen oder u Politiker, fir hirer Rooserei Loft ze maachen. Pikant bei der Saach ass, datt ënnert de Waffesammler eng ganz Partie DP-Membere sinn, och Deputtéierten, an déi wëllen de Gesetzprojet, esou wéi hie virläit, net mattdroen. Do misst de Felix Braz also tatsächlech (nach emol) nobesseren!

Déi gréissten Oppositioun lauert op hien wuel an der eegener Partei….

 

 

Related posts

5 Comments

  1. citoyen

    Liberté, démocratie, confiance…

    Merci GK, je/on te rejoins en tant que citoyens luxembourgeois.

    Ces changements affectent dans le sens le plus large, la liberté jusque-là acquise des personnes dont cette passion a donnée beaucoup de plaisir, de vie sociale et qui aussi, fait vivre le commerce et l’esprit économique, en toute liberté et légalité, jusque là.

    Nul ne met en doute la bonne volonté et initiative de cette directive et je serais le dernier à ne pas m’accorder là-dessus, car qui mieux que ceux qui pratiquent en connaissent la dangerosité et les points faibles. Et c’est bien avec ces personnes et/ou leurs fédérations et représentants que l’on devrait œuvrer ensemble sur un tel projet.

    Laissez-moi vous surprendre (ou pas) en vous annonçant que toute arme à feu est dangereuse et mortelle, que l’une n’est pas moins dangereuse que l’autre au sens le plus péjoratif ; mais le projet de loi ira jouer en partie sur des petites différences qui ne reflètent absolument pas la réalité, au lieu de se concentrer sur les problèmes de fond.

    Alors pourquoi pas tout ou rien!

    A ce point j’aimerais juste donner un exemple qui peut paraître futile mais qui explique mon sentiment: l’alcool tue et il est interdit de conduire sous son effet, mais il n’est pas interdit de le produire et/ou de le consommer, même que c’est un produit que l’on retrouve dans les couloirs de la chambre des députés, tiens donc. La responsabilité et la confiance restent aux mains des citoyens. C’est hors sujet, mais vous voyez mon point. Ce serait comique de mettre en place un permis de boire, non ?

    Pour ma passion et selon la loi existante et stricte de notre pays, il faut avoir comme on dit dans le jargon, une veste blanche, rester sans infractions sous peine de se voir retirer les licences ; ce qui d’ailleurs est fait périodiquement, preuve d’un système qui fonctionne bien. A ce point, il faut remercier le travail formidable et sensible de notre justice, du service des armes prohibées, qui ont (probablement) une responsabilité sous-estimée.

    Soit, on peut toujours améliorer, mais il faut garder la balance entre une confiance dans le système démocratique et dans ses citoyens ou bien (et l’histoire le démontre) peu à peu retirer les libertés d’un chacun! Et pour ceux qui pensent qu’ils ne sont pas affectés du fait d’une autre activité, ils le seront peut-être à l’avenir!

    Faire peur, abdiquer aux actes terroristes et aux criminels en punissant les citoyens qui ont jouis de cette liberté et d’un mode de vie comme toute autre passionné jusque-là, n’est pas la solution, vous conviendrez. Ces lois ne vont pas punir les criminels !

    Chacun de vous a (probablement) une passion, mettez-vous à notre place et imaginez qu’on change les règles de sorte que vous ne pourrez plus exercer votre passion ou partie de celle-ci, qu’on vous oblige peu à peu, a vous séparer de choses de grande valeur, pour certains, collectionnés sur une vie entière en vous privant d’autres choses. Cela revient à vous enlever une partie de votre patrimoine.

    Evidemment si on ne convaincra pas nos dirigeants à faire le pas ensemble et judicieusement, je suivrais consciencieusement leur décision avec préjudice à ma collection, mais pas sans leur dire en toute pensée démocratique :

    « Oui, vous avez le droit d’appliquer ces restrictions, mais vous avez aussi la liberté de ne pas le faire ! »

    un citoyen luxembourgeois

  2. Article critique de Guy Kaiser – SCAL

    […] Neit Waffegesetz an der Schosslinn! […]

  3. Luigi

    Cette loi va uniquement ouvrir la porte aux dérives encore plus dangereuses que celles qu’elle veut contenir, elle va accroitre la criminalité et la clandestinité. Avec aucun effet sur le terrorisme (voitures bélier, bombes, incendies, jets d’acide, etc.) que la population européenne subit.
    Est-ce que la vraie volonté du gouvernement serait-t-elle de soumettre sa population désarmée à la merci des criminels?

  4. Damage Inc.

    Wësst Der, Här Kaiser, iergendwann kënnt och nach den Ablack, wou déi Gréngspoun-Partei och nach uffänkt, Bicher op den Index ze setzen, well se hierer Phantasie-Ideologie nët an de Kroom passt. Dat hate mer schon emol an Europa. An dann gët ët héig Zäit, fier e One-Way-Ticket ze kaafen.

  5. Phil

    Alleguer déi Persounen déi en Waffenschäin hun, hun missen en Backgroundsearch vun sech machen loossen deen, ënner anerem, héichstwahrscheinlech och an den 2ten oder 3ten Casier geet (ass jo lo brandaktuell). Domadder gëllen sie souzesoen als crédible an als „Personne de bonne foi resp. moers et de confiance“.

    Duerch de Projet vun deem neien Waffegesetz ënnerstellt den Minister Braz all détenteur Autorisation d‘armes engem Generalverdacht deen déi Leit op de gläichen nidderegen Niveau erof setzt mat Kriminellen, Attentäter, Mäerder an Terroristen déi sech am „Hinterhof“ illegal Material besuergen fir domadder hirer bluddeger an hannerhälteger Besogne nozegoen.

    Dat ass eng Verleumdung an Diskriminierung héchsten Grades, an dat brauchen déi Leit sech wirklech net gefaalen ze loossen.

    “Ein Staat ist nur immer so frei wie sein Waffengesetz.” Gustav Heinemann, SPD, ehem. Bundespräsident der Bundesrepublik Deutschland.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *