Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Déi “gréng” Rechnung zu Laaschten vun deene klenge Leit? 

Déi “gréng” Rechnung zu Laaschten vun deene klenge Leit?
Image par Gerd Altmann de Pixabay

Et kann een dervunner ausgoen, datt direkt no der Pandemie d’Klimapolitik nees wäert aus dem Tirang geholl ginn. Do ass näischt dogéint ze soen, virausgesat, et gëtt eng verstänneg Politik. An enger Partie Länner ronderëm eis ginn d’Iwwerleeungen e ganze Krack méi wäit ewéi bei eis. Zum Beispill a Frankräich. De Staatspresident Macron wëll méi gréng sinn ewéi d’Ekologisten. Gréng sinn gehéiert zum gudden Toun, besonnesch a Kreesser vun der Elite, ma Frankräich ass och d’Natioun vun de gilets jaunes.

Am L’EXPRESS  (No 3638) erënnert de Robin Rivaton dorunner, datt eng ganz Parte gréng Buergermeeschter an de leschte Joer vill méi lues waren an der Decisioun, fir eng Baugeneemegung ze erstellen. Résultat, le nombre de logements collectifs, les plus denses donc les plus écologiques a chuté de 100.000 depuis 2017! Dobäi kënnt vum anere Joer un d’Ëmweltreglementatioun RE2020, mat där d’Bauen vun engem Haus nach emol méi deier gëtt.

Image par mohamed Hassan de Pixabay

D’Elite laacht sech kapott, verdéngt gutt bei der Saach; dee klenge Bierger awer muss alt méi d’Suen zesumme spueren, fir iwwerhaapt zu enger Häipchen ze kommen. 100.000 Wunnechte manner, wou bréngt een déi 300.000 Persounen ënner Daach?! Dobäi kënnt, datt bannent 7 Joer 2 Milliounen Wunnechten net méi däerfen verlount ginn, wat bedeit, datt d’Offer um marché extreem zeréckgeet, an also, datt d’Präisser drastesch eropginn. An déi Hausse ass duerch keng Ëmweltmoossnam ze kompenséieren. D’Elite laaacht sech eng Bosse voll!

Aner Beispiller? An zwee Joer gëtt den TWINGO vum Autosmarché geholl, a seng Plaz kënnt déi nei R5. Den Twingo krut ee fir e Basispräis vun 12.500 Euro, d’R5 ass elektresch a kascht der 20.000. En Ënnerscheed vu bal 8000 Euro, oder méi krass ausgedréckt, vu 64 Prozent! Sécher, en Deel dovunner gëtt vu Primmen opgefaangen, an nawell ass et esou, datt d’Rechnung an der Haaptsaach vun deene Klengen wäert musse gestemmt ginn. Zugläich ginn déi al Diesel-Autoen – vu virun 2005_ an enger ganzer Rei Stied verbuede. A wien fiert esou al Kutschen? Sécher net d’Elite!

Feindbild: Fliger!

Eisteräich huet e Mindestpräis fir e Fligerticket agefouert. Manner ewéi 40 Euro, dat geet net méi. Et ass fir ze verhënneren, datt een fir 25 Euro kann duerch ganz Europa geflu ginn. Dat heescht, et huet een näischt géint d’Fligerei, ma et huet een eppes géint de low cost. Dee gëtt als onmoralesch gesinn, als Verbëtzen vun Energie. An anere Wieder, wann portugisesch, kroatesch, capverdianesch asw Gaaschtaarbechter fir hir Vakanz wëllen zeréck an d’Heemecht, bezuelen si de volle Präis oder si huelen de Bus?! Der Elite ass et jo egal, wann si e puer honnert Euro (méi) muss berappen….

Iwwerhaapt, wou fänkt een mat esou Iwwerleeungen un a wou hält een op? Gëlt net dat nämmlecht fir d’Moude-Branche? Eng Bluse fir 4 Euro 99 gehéiert grad esou an d’Verbannung? Et bleiwen Marken haut de gamme, déi sech eenzeg an eleng d’Elite ka leeschten! A wann déi dës Kleeder bis midd ass, gëtt si se gnädeg weider un d’Vollek?

A Frankräich muss an den nächste Méint iwwer déi berüchtegt CO2-Steier decidéiert ginn. Domadder wär d’Land dann nees do ukomm, wou et virun 3 Joer fort goung. Déi Steier kascht d’Leit net d’Aen aus dem Kapp, ma si steet symbolesch fir déi ganz ekologesch Transitioun. Un bon test pour le dilemme “fin du monde contre fin du mois”!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *