EU-Offensive fir de Waasserstoff, awer ouni déi Lëtzebuerger Gréng!

0
7862
Image parkuanish Sarsenov de Pixabay

sécher! Do kruten dräi Chimisten hiren Nobelpräiss; si ginn geéiert fir hir Aarbechten un der Entwécklung vun der grousser (Auto)Batterie. Ech wëll deenen dräi Hären hire wëssenschaftlechen Asaz net kleng rieden, ma nach ass eng Autobatterie fir d’Ëmwelt eng Drecksschleider. Dat fänkt unn bei der Produktioun (seltene Erden) an hält op bei der Zerstéierung, beim Recyclage. Eng Batterie hält maximal tëscht 4- 5 Joer (ADAC), si kascht, je no Modell, tëscht 6000 an 10.000 Euro. Wann een also en elektreschen Auto no dräi Joer wëll verkaafen, kritt en net méi vill erëm dovir! Doniewt heescht et ëmmer nees, datt eng Autobatterie gären a Flamen opgeet, ma dovir ginn et nach net genuch Experienzen. Fakt ass: eng Batterie, déi brennt, kritt ee schlecht geläscht.

Virun allem ass et awer déi praktesch Ëmsetzung, déi bei der Elektromobilitéit problematesch ass. Fir de Persounewoon sinn d’Distanzen zu Lëtzebuerg eigenlech perfekt: hei am Land ginn pro Auto am Schnëtt 10.000 Kilometer d’Joer gefuer. Also kleng Distanzen, de Lëtzebuerger steet méi am Stau, ewéi datt hie fiert. Vun Dikrech an d’Staat, aller/retour, dat packt d’Batterie ouni Probleem, dat heescht, ouni mussen tëschenduerch laang opzelueden. Et ass aus där Ursaach, virwat déi Gréng scho viru Joer hire Choix gemaach hunn, fir den tout électrique.

Image parToby Parsons de Pixabay

D’Infrastruktur, d.h. d’Opluedstatioune feelen nach gréisstendeels, och zum Beispill op de Parkinger vun de groussen Akaafszentren; wann do eng Dosen Automobilisten decidéieren, Stroum ze tanken, dann entsteet Chaos. A wann Owes 300.000 Auto mateneen un d’Stroumkëscht zaape ginn, dann ass dat eng enorm Erausfuerderung fir de Stroumréseau, dee riskéiert, an d’Getten ze faalen, besonnesch am Wanter, wou souwisou méi Elektresch consomméiert gëtt!

Virun allem awer gëtt et wuel nach laang net d’Elektromobilitéit fir dlé ganz grouss Camion. Fir déi Schwéier Brummi mat engem Tank tëscht 600 an 1200 Liter géif sech d’Alternativ vum Waasserstoff ubidden. Op europäeschem Niveau gouf Enn September eng grouss Initiative lancéiert, just déi lëtzebuerger Gréng motzen!

 

de 24. September war nämlech euopäeschen Energie-Conseil (TTE-Energie) an do gouf et eng regelrecht Offensive vun Eisteräich fir d’Fuerschung vum Waasserstoff kräfteg ze ënnerstëtzen. Länner wéi Dàitschalnd, Frankräich, Spuenien, Italien, Belsch, Holland, Dänemark an Ungarn sinn iwwerzeegt, datt de Waasserstoff e grousse Potenzial hätt. All d’Länner hunn déi Offensive ënnerschriwwen, als lescht Land huet Schweden seng voll Ënnerstëtzung zougesot: domatter hunn 27 Memberstaaten, 2 EFTA-Staaten, déi Europäesch Kommissioun an eng 100 Entreprisen an Organisatiounen dës Initiative ënnerschriwwen, och Lëtzebuerg. De gréngen Energieminister Claude Turmes deet sech awer schwéier domatter. An engem Rapport vum http://www.laenderbeobachter.de gëtt hien méi wéi eng Kéier zitéiert, datt Lëtzebuerg skeptesch ass vis-à-vis vun dëser Technologie.

Also unhuelen an awer skeptesch bleiwen!? Iergendwéi derbei sinn an awer och net? Kloer, d’Technologie vum Waasserstoff ass nach net ausgeräift, et ass och net richteg, datt de Waasserstoff guer kee Knascht produzéiert, an trotzdeem, bedeitend manner wéi Bensin an Diesel. Um Conseil de 24. September schéngen se all glécklech gewierscht ze sinn, ausser de Claude Turmes. Am Rapport heescht et, et géing sech ëm e staarkt politescht Signal handelen, wat wahrscheinlech net iwwerdriwwen ass; et ass allemol aussergewéinlech, datt et a Punkto spéider Energieën eng Unanimitéit an der Europäescher Unioun gëtt: “Die KOM (EU-Kommissioun) betont anschliessend die Bedeutung von Wasserstoff für die Integration von erneuerbaren Energien. Wasserstoff sei zudem ein entscheidendes Element der langfristigen EU-Klimastrategie. Weiterhin habe die KOM ein informelles Netzwerk von Wasserstoff-Experten eingerichtet.(…) Deutschland betonte zudem, die Wasserstoff-Initiative weiterhin zu unterstützen”.

Dat héiert sech dach gutt unn, och wann et nach net fir haut a mar ass. Ma et gi jo grad esou vill Komplikatiounen wat d’Elektromobilitéit betrëfft, déi den Ament déi wéinegst vun eis wëllen. Et wir déi Alternative, mat där sech den ale Kontinent kéint vum Rescht vun der Welt ofsetzen, an also kéint méi Autonomie a Stabilitéit kréien. Bis ewell ass et jo mol esou, datt géint Wëssenschaft a Fuerschung gewiedert gëtt – well déi genuch Onheel zustaane bruecht hunn-, an déi aner Säit vun der Kugel d’Chineesen eng ëmmer méi grouss Avance an der Technologie op eis erreechen. Et wier gutt, ze wëssen, wat esou déi Blo an déi Rout an der Regierung doriwwer denken!

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here